Och an der Schoul steet am Moment d’Verb « spueren » am Mëttelpunkt. Zuele schénge mëttlerweil méi wichteg ze sinn ewéi Inhalter. Wéi kontraproduktiv dat ka sinn, weist di aktuell Debatt iwwert d’Ofschlossklassen. Dat mengt den Alain Wagner, deen am Stater Lycée Michel-Rodange enseignéiert.

Obwuel vu Politiker ëmmer gäre behaapt gëtt, un der Bildung géif net gespuert ginn, huet de Routstëft och elo de Wee an d’Schoule fonnt. Déi geplangten Aféierung vun engem « coefficient réducteur » op den Ofschlossklassen huet an deem Kontext fir vill Opreegung gesuergt. An och wann zum Schluss e Kompromiss sollt fonnt ginn, bleift d’Fro, firwat hei ausgerechent déi Enseignantë solle penaliséiert ginn, déi am meeschte Verantwortung iwwerhuelen – zemools d’Proffentâche schonn 2007 eng Kéier erhéicht gouf.

Op enger Première oder Treizième Schoul halen heescht net, datt een einfach esou a senger Wëssenschaft schwelge kann. Déi pädagogesch Erausfuerderung ass genau esou grouss wéi op klenge Klassen, déi fachlech ass et wesentlech méi. Den zäitlechen Opwand duerch Preparatioun a Korrektioun ass net ze ënnerschätzen : 50-Stonne-Wochen a mat Aarbecht gefëllte Weekender sinn duerchaus keng Seelenheet. An de Sprooche brauch een zum Beispill alt emol eng gutt Stonn fir d’Korrektur vun enger eenzeger Kopie. Et geet jo net einfach dorëm, eng Note op d’Blat ze schreiwen, mä et soll een dem Schüler och individuell ugepassten Erklärungen a Verbesserungsvirschléi mat op de Wee ginn.

Wann di betraffe Professere sech also géint eng zum Deel drastesch Méibelaaschtung wieren, sou geet et net zulescht ëm d’Unerkennung vun hirer Aarbecht. Woubäi een allerdings bäiflécke muss, datt mir och an esou enger Konfliktsituatioun eis Verantwortung fir d’Schüler behalen an datt net unbedingt all Géigemoossnam deontologesch a mënschlech ze vertriede wier.

Doriwwer eraus ass et schued, datt d’Bildungsdebatt sech a leschter Zäit op reng finanziell Aspekter fokusséiert. Do kuckt ee scho bal mat Nostalgie op déi epesch Diskussioune ronderëm d’Lycéesreform zeréck : deemools gouf och vill gestridden, awer wéinstens goung et ëm Inhalter.

Wat de Beruff vum Enseignant ubelaangt, ass et deprimant festzestellen, datt en an der ëffentlecher Debatt oft mat puer Clichéen ofgefäerdegt gëtt – Stéchwuert Vakanzen. Vläit wier et un der Zäit, erëm d’Quintessenz vum Beruff an de Mëttelpunkt ze stellen. A mir als Enseignantë wiere sécher gutt beroden, eis der Diskussioun ze stellen an op Kritiken net beleidegt, mä offensiv ze reagéieren : andeems mir eise Beruff besser no baussen duerstellen a weisen, wat engersäits seng Faszinatioun, anerersäits awer och seng Schwieregkeet ausmécht.

De gréissten Defi fir all Enseignant ass et, net nëmme Wëssen ze vermëttelen, mä dësem Wëssen och e mënschlecht Gesiicht ze ginn. Schoul halen ass net en einfachen Transfert vun Donnéeën. Dat kéinten och Computeren. Schoul hale bedeit, mat Kanner a Jugendlechen eng Relatioun vu Vertrauen a Komplizitéit opzebauen. Dat ass sécher net ëmmer einfach a fuerdert vill Kraaft, vill Gedold – an och eng gutt Portioun Humor. « L’exigence avec le sourire » - dat wier fir mech perséinlech de Slogan vun der idealer Schoul.