Am Januar huet en Tweet vun enger däitscher Schülerin fir vill Opreegung gesuergt. A kuerze Wierder huet si déi an hiren Aen zevill theoretesch Ausriichtung vun de Schoulprogrammë kritiséiert. Innerhalb vun e puer Deeg gouf hire Message zingdausendfach gedeelt. Och den Alain Wagner, Proff am Lycée Michel Rodange, huet sech doriwwer e puer Gedanke gemaach.

Virun e puer Wochen hunn an Däitschland e puer Sätz d’Bildungsdebatt nei opflame gelooss. Eng Schülerin huet sech op Twitter doriwwer beklot, datt si mat bal 18 Joer keng Ahnung hätt vu praktesche Froen wéi Assurancen oder Loyer, dofir awer eng Gedichtanalys schreiwe kéint, an dat a gläich véier Sproochen. Doropshin hu sech d’Reaktiounen iwwerschloen.

Et ass wuel en Zeeche vun eiser schnelllieweger Zäit, datt ëmmer erëm plakativ a punktuell Aussoen zu regelrechten Orakelspréch héichstiliséiert ginn. Grad de Medium Twitter spillt heibäi eng äusserst diskutabel Roll. E bréngt d’Leit dozou, op Nuancen an Argumenter ze verzichten a sech eben, wéi den Numm et seet, mat e bësse Gezwitschers zefridden ze ginn.

Ëmmerhin hat de Message vun dëser Schülerin de Merite, eng fundamental Diskussioun nei unzekuerbelen. Wat ass Sënn an Zweck vu schoulescher Bildung? Geet et dorëm, di Jonk op dat konkret Liewen an der heiteger Gesellschaft virzebereeden? Oder éischter dorëm, hinne méi allgemeng an zäitlos Inhalter mat op de Wee ze ginn? A wéi kann een dat Intellektuellt an dat Praktescht matenee verbannen?

Schonn am 16. Joerhonnert huet de Michel de Montaigne dorop higewisen, datt Wësse kee Selbstzweck ass, mä dem Mënsch dobäi hëllefe soll, besser ze liewen. Dofir ass et normal, datt schoulesch Inhalter permanent kritesch hannerfrot ginn.

Wat elo eise System ubelaangt, do gëtt et sécher zum Deel Nohuelbedarf. Sou sinn zum Beispill Fächer wéi Economie an Education civique ënnerrepräsentéiert, wat dozou féiert, datt politesch Bildung am Moment net genuch gefërdert gëtt.

Trotzdem hannerléisst de Message vun dëser Schülerin bei mir e batteren Nogeschmaach. En dréckt am Fong en traurege Mangel u Selbstvertrauen aus. Firwat seet dës Schülerin net: "Ech beherrsche véier Sproochen, ech si fäeg, komplex literaresch Inhalter ze verstoen, also dierft et fir mech kee Problem sinn, och mat prakteschen Themen eens ze ginn a mech selwer doriwwer z’informéieren."?

Virun allem awer fannen ech dësen Tweet iergendwéi ze brav, ze ugepasst, ze erwuessen. En dréckt nämlech de Wonsch aus, sech esou séier wéi méiglech dem System unzepassen a wéi en Erwuessenen ze funktionéieren. Natierlech ass dat grad a Krisenzäite legitim. An awer … Assurancë statt Poesie? Mat 18 Joer?

An deem Kontext erënnert ee sech mat Nostalgie un de Film "Dead Poets Society" mam kierzlech verstuerwene Robin Williams. E Film, dee meng Generatioun staark geprägt huet. Do war d’Poesie e Moyen, fir de Konformismus vun der Erwuessenewelt a Fro ze stellen an op eng méi räich, méi intensiv Aart a Weis ze liewen. Haut gëllt d’Poesie oft just nach als e Musterbeispill fir verstëbste schoulesch Inhalter. Vläit ass och dat en Zeeche vun enger Zäit, wou et an éischter Linn dorëms geet, séier an efficace ze funktionéieren. Eng Logik, déi anscheinend och scho Jonker onbewosst verinnerlechen.