Wann een am reale Liewe bei enger Dot gefilmt gëtt, dann huet een e Problem. Richteg seriö gëtt deen, wann de Filmchen och nach am Internet lant, wéi zwee ganz rezent Fäll weisen. Déi onfräiwëlleg Protagonisten hunn nämlech hir Plaz verluer. Dozou en Tëscheruff vum Luc Marteling aus der RTL-Online-Redaktioun.

E Mann kuckt Videoen op sengem Smartphone. Esou wäit, esou gutt. E sëtzt dobäi am Bus. Tipptopp, dat ass de Virdeel vum ëffentlechen Transport. Allerdéngs sëtzt hien hannert dem Steier an transportéiert Passagéier. An e gëtt beim Film Kucken iwwerem Fueren net nëmmen erwëscht, ma och nach mat engem Smartphone gefilmt. Leider oder zum Gléck, dat hänkt ganz vun der Perspektiv of.

Eng Fra schafft an engem Fastfood-Restaurant. D'Ambiance hannert der Téik schéngt net schlecht. Si geet eng Kéier déif an d'Huppen, leet sech wäit no hannen an hält Kapp a Mond duer, wou soss just Becheren hin duerfen. Fir e Gedrénks oder eng Glace aus dem Automat direkt an hir Strass lafen ze loossen. Dat ass cool, si traut sech eppes, si léisst sech dobäi filmen.

De Patron vum Restaurant huet dat awer guer net witzeg fonnt an huet d'selwecht reagéiert wéi de Patron vun der Busentreprise: De Mann verléiert seng Plaz. D'Fra verléiert hir Plaz, esou RTL-Informatioun. Allebéid haten an der realer Welt eppes gemaach, wat net erlaabt war. Dat ass ouni grouss Ëmweeër an der virtueller Welt gelant - internetfäeg Smartphonë si jo haut ëmmer an iwwerall, do ass da séier eng Bréck tëscht där enger an där anerer Welt geschloen. Déi zwou si matenee verbonnen, verlinkt, fir am Jargon ze bleiwen.

A wat d'Leit an der virtueller Welt gesinn, ka ganz schëtzeg Konsequenzen an der realer Welt hunn. An dësem Fall dramatesch perséinlech Konsequenzen. Déi eng Kéier éischter wéinst engem oniwwerluechte Faux-pas, déi aner Kéier wéinst engem evidente Feeler. Virun allem bei esou Fäll stelle sech eng Hellewull Froen: Hëlt een esou eppes an Uecht, ass et dann net engem seng Flicht, dat matzedeelen? A wa jo wiem? Der Ëffentlechkeet via Facebook, de Medien, der Police oder just dem Patron? Wësse ka belaaschten ... Ma wann een näischt seet an et geschitt eppes, da belaascht dat Wësse sécher nach méi, well et hätt ee jo vläicht eppes kënne verhënneren ...

Ëmmer, wann een als Journalist, als Redaktioun eppes gewuer gëtt, plot ee sech mat esou Gedanken: Kënne mer domat eraus oder musse mer net souguer domat eraus? Matwësser si mer schonn, hale mer de Mond, si mer dann net Mattäter?

Esou Dilemmata geheien ëmmer prinzipiell Froen op, fuerderen allkéiers op en Neits en Ofweien. An awer bleiwen Froen, déi gekläert musse ginn: Wéi steet et ëm de Schutz vun der Privatsphär, dee jo hei kloer de Rechter vun der Gesellschaft an der Ëffentlechkeet géigeniwwer steet? A wéi een Impakt kéint de Prinzip vun der "Mise en danger délibérée d'autrui", dee jo elo qua Gesetz komme soll, hunn?

En attendant bleift just de Rappel, datt déi zwou Welte verlinkt sinn, déi real an déi virtuell: Dat, wat een an där enger mécht, kann Auswierkungen an där anerer hunn. A béide Welte gëllen net déi nämmlecht Spillreegelen, dofir awer déiselwecht Gesetzer. Also linkt Iech net selwer.