40 Joer ass et hir datt déi éischte Klimakonferenz zu Genève organiséiert gouf. Zanterhier ass gewosst, datt de Mënsch mat responsabel ass fir de Klimawandel, deen eng Menace fir hie selwer, Déier an Natur duerstellt. Ob beim Plastik oder dem Auto, ouni dee sou muncher een net kann. Iergendwann muss op d'Brems gedréckt ginn, fir géint d'Klimakris unzekommen - dat mengt d'Claudia Kollwelter an engem Commentaire.

AUDIO: Commentaire vum Claudia Kollwelter

D'Naturkatastrophen uechtert d'Welt huele konstant zou, gläichzäiteg produzéiert de Mënsch awer monter weider Offall a mengt e misst den décksten Auto fueren.

Woubäi ee jo net jiddereen an een Dëppe geheien dierf. Virun allem bei deene Jonke schéngt e Bewosstsinn fir d'Problematik ukomm ze sinn, wat een um Beispill vun der jonker Greta Thunberg, de sëlleche Freides-Protester vu Schüler oder awer och de jonke Petitionären, déi d'lescht Woch an der Chamber iwwert e Verbuet vum Plastik debattéiert hunn, gesäit.

Aktiounen, déi gelueft ginn, ma awer schéngt net wierklech vill ze geschéien. D'EU-Verbuet vu Plastikstelleren, Stréihällem an aner Objete soll a gutt 2 Joer a Kraaft trieden. Lëtzebuerg wëll a Punkto Mikroplastik selwer aktiv ginn, well et europäesch net séier genuch virugeet. Dat si jo eigentlech gutt Usätz. Mee wisou kommen déi Iddien elo eréischt op den Dësch? Mir wësse jo awer net eréischt zanter gëscht, datt de Plastik der Ëmwelt schued? Et gëtt een d'Gefill net lass, datt en deels dramatesche Problem vill ze lues ugaange gëtt.

Dobäi kéint d'EU bei schiedleche Stoffer de Präis notzen, fir hinnen de Krich ze erklären. Eppes, wat ze vill produzéiert gëtt an dobäi och nach der Ëmwelt schued, misst méi deier ginn. Géingen den Ueleg-Verbrauch, den CO2- a Methan-Ausstouss an der Produktioun besteiert ginn, hätt dat och en Afloss op de Präis vum Endproduit, heescht d'Plastikstut, d'Stéck Fleesch an den Auto géingen esou vill kaschten, wéi se der Ëmwelt schueden. Am Géigesaz géingen dann awer och déi ëmweltfrëndlech Produite méi bëlleg ginn an doduerch bei muncher engem och méi attraktiv ginn.

Fir déi weltwäit Termperaturerhéijung op d'mannst op 1,5 Grad Celsius ze reduzéieren, misst zum Beispill e gutt Stéck manner Fleesch consomméiert ginn. Dat hätt awer eréischt dann en Impakt, wa jiddereen et duerchzéie géing an do héiert een dann all ze dacks d'Argumentatioun: wisou soll ech eppes änneren oder op eppes verzichten, wann déi aner monter weider maache wéi bis elo?

Ma géing de Poulet aus der Massenhaltung net fir puer Euro dem Consommateur souzesoen nogeheit ginn, da géingen d'Leit sech vläicht zweemol iwwerleeën, ob se wierklech all Dag e Stéck Fleesch um Teller musse leien hunn. Dat nämmlecht gëllt iwwregens och fir den Auto, deen dann net méi all 2 Joer géint en neien, nach méi décken ausgetosch misst ginn.

D'EU misst also a Punkto Präisser Courage beweisen an d'Wirtschaft ustoussen, nei innovativ Produiten op de Marché ze bréngen, déi der Ëmwelt net zu Laascht falen. Schueden, mécht et allerdéngs sécherlech och net, sech mol bei der eegener Nues ze huelen an zum Beispill stoften Tute mat an de Supermarché ze huelen oder den Auto deen een oder aneren Dag am Garage stoen ze loossen.