Am Mäerz si 526.500 Employéen a Pensionären opgeruff, per Bréifwal hir Vertrieder an der Chambre des Salariés ze wielen.

An domat déi Leit, déi d'Interessi vun all de Salariéen zu Lëtzebuerg am Dialog mam Patronat an der Politik verdeedegen. Eng wichteg Aufgab deemno. Nëmmen normal, dass d'Membere vun där Interessevertriedung d’Leit déi zu Lëtzebuerg schaffe sollten erëmspigelen. Oder net? E Commentaire vum Maxime Gillen.

AUDIO: De Commentaire vum Maxime Gillen

Et ass déi éischte Kéier, dass ech meng Stëmm bei de Sozialwalen dierf ofginn. An ech muss zouginn, virdrun hunn ech mech och net dramatesch vill domat beschäftegt. Ma beim Duerchbliedere vun de Broschüren, déi den Ament sou an d'Boîte flatteren, sinn ech stutzeg ginn.

A wou sinn dann d'Fraen?

Gutt, Lëscht 1 an 2 si fir d'Industrie an op der Lëscht 3 stinn d'Kandidaten aus dem Bausecteur. Dass do méi Männer schaffen, ass mir kloer. An dass deemno och méi Männer kandidéieren, liicht mir an.

Ma am Gesondheets- a Sozialsecteur mécht dat fir mech nu wierklech kee Sënn. Ëmmerhi sinn hei méi wéi dräi Véierel vun all de Salariéë Fraen. Um Walziedel stinn awer nëmme knapp 42 Prozent weiblech Kandidaten.

All d’Beruffsgruppen zesummegeholl si bei OGBL an LCGB nëmmen een Drëttel vun de Kandidate weiblech.

An de Personaldelegatiounen an de Betriber sinn den Ament souguer manner wéi een Drëttel vun den Delegéierte Fraen.

Dat ass sécherlech alles scho wesentlech besser, wéi dat nach virun enger Partie Joren de Fall war … ma ëmmer nach net do, wou et misst sinn.

Et ass nach ëmmer eng Realitéit, dass a ville Stéit e groussen Deel vun der Hausaarbecht an der Kannerbetreiung un de Fraen hänkebleift an deemno manner Zäit bleift, fir sech gewerkschaftlech z’engagéieren. Derbäi kënnt am Gesondheetssecteur dacks nach d'Jongléiere vun deem Ganze mat Schichten.

A well ee sech besser fir eppes asetzt, wat ee selwer erlieft huet a wou een d'Contrainte genee kennt, missten dach grad hei – zumindest op de Wal-Lëschte – méi Frae vertruede sinn.

D'Delegéiert si schliisslech och déijéineg, déi d'Kollektivverträg verhandelen an um Enn och dofir suerge mussen, dass jiddereen adequat fir seng Aarbecht bezuelt gëtt.

An een, deen nach ni erlieft huet, dass en Aarbechtskolleg fir dee selwechte Job manner Pai kritt huet, nëmme well en zoufälleg dat falscht Geschlecht hat, ass a Verhandlunge sécherlech och manner um Qui-Vive, wat esou Ongerechtegkeeten ugeet.

Dass mir eis richteg verstinn, ech sinn net mordicus fir 50/50, wann am Secteur wesentlech méi Männer schaffe wéi Fraen, an ëmgedréint. Ma zumindest d'Lëschte sollten d'Leit, déi an deenen eenzele Secteure schaffen, och richteg representéieren.

Also léif OGBL, LCGB a Co.

Wou sinn d'Fraen op Äre Lëschten?