Iwwer 30 Leit waarden also nach op hir Suen; ma dat eleng ass net de Grond, firwat mir dës Saach opgegraff hunn. Et gëtt där Grënn méi, explizéiert ganz kuerz eise Chefredakter Guy Kaiser.

E puer honnertdausend Euro, opgedeelt op eng 30 Leit, dat si fir déi eng vill Suen, ma am Verglach mat deem, wat sech am Business vun de Banken zum Beispill ofspillt, just Kackuetten.

D'Affaire weist, datt een awer am Sport, pikanterweis hei de Breedesport, ka bei d'Lisette gelooss ginn.

D'Firma Pegasus ass wéi gesot, an der Faillite, an et wäert net einfach sinn, nach e puer Su zesummen ze krazen.

Datt déi Firma nach kleng Rechnunge bei RTL opstoen huet, soll hei net verstoppt ginn, huet awer strictement näischt als Motiv ze dinn, datt mir d'Saach opgegraff hunn.

Grad domatter awer kënnt den Här Weyland, fir Drock op eis Redaktioun ze maachen. Et kéint een och vu Chantage schwätzen - an dees krut an de leschte Méint méi wéi eng Persoun ze spieren.

Mir hunn d'Saach also opgegraff, well et grad am Breedesport dacks ëm vill Sue geet: D'Sportler - Amateuren a Professioneller - maachen an engem Evenement mat, ouni ze wëssen, wat hannert de Kulisse leeft. An do leeft et op méi wéi eng Manéier munnechmol schif an dat gehéiert thematiséiert, an d'Ëffentlechkeet.