Si sinn d'Basis fir déi meescht politesch Decisiounen. Si klären eis op, recommandéieren eis, warnen eis, beaflossen eis.

Mir schwätze vun Etuden a Statistike, si bestëmmen zu engem groussen Deel d'Spillreegele vun eiser Gesellschaft. Net ëmmer zu Recht, mengt de Pit Everling.

AUDIO: Commentaire vum Pit Everling

 Wéi gëtt den Churchill ëmmer zitéiert: „Ech gleewe just déi Statistik, déi ech selwer gefälscht hunn“

Wie kennt et net, Politiker, Wirtschaftsleit, Fuerscher, Aktivisten an nach vill anerer stelle sech op eng Bühn, zéien e serieuxt Gesiicht an zitéieren aus wëssenschaftlechen Etüden. Déi hätten eppes erausfonnt an dowéinst misste mer dat an dat elo maachen.

Permanent  gëtt mat soi-disant Fakten a mat haarden Zuele jongléiert, déi eis sollen erféieren. Mir gleewe brav, loossen eis guidéieren, verbreede selwer eist neit Wëssen.

Mä solle mer dat?... Net ouni op d'mannst bëssen ze hannerfroen

40% vun de Kriibse kënnen evitéiert ginn, wa mer Äppel iessen, eis no lénks a riets beweegen, net drénken a fëmmen. Gutt ze wëssen, mä, wéi gouf dat gerechent?

Wou mer et hei nach mat engem net muttwëllege Messagë vun engem Lëtzebuerger Ministère ze dinn hunn, gëtt et op anere Plaze méi delikat.

Wéi ass et mat Wouerechten, déi a Publicitéiten, op sozialen Netzwierker oder soss um Internet verbreet ginn. 95% vun de Cliente soen, datt de Produit wierkt, majo da muss dee jo bal gutt sinn, oder?

Da gëtt et d'Phänomen, datt déi eng Wëssenschaft de komplette Géigendeel vun där anerer seet, denke mer un déi däitsch Diesel-Debatt, bei där et scho laang sécher net méi ëm d'Wuel vum Bierger geet. A wie seet elo d'Wouerecht?

Wat mer draus léieren, ass, datt eng gewëss Virsiicht- an eng Rei Froen ubruecht sinn?

Wéi vill Etudë gouf et zu engem Thema, wéi ass et also mam sougenannte „Peer review“? Wéi war d'Methodologie? Op wéi enger wëssenschaftlecher Grondlag gëtt ugefaangen? Gëtt sech op erwise Fakte baséiert oder op theoretesch Eventualitéiten? Op wéi vill Fäll gëtt sech bezunn? Goufen Zuelen héichgerechent? Gëtt et eng Interpretatiouns-Marge? Kann an de Konklusioune verallgemengert ginn? Ass de Risque vum fréizäitegen Dout minimal, ass e riseg, wat heescht fréizäiteg? Wéi ass déi perséinlech Astellung vum Fuerscher? Wien huet d'Etude an Optrag ginn, se bezuelt a wien huet Interessi un engem bestëmmte Resultat?

Ok, si mer éierlech: sou vill Zäit a Mëttelen huet lo wierklech keen.

Et gëtt awer eng Wëssenschaft, déi d'Wëssenschaft kritesch kontrolléiert?

Wie bësse liest, lauschtert a kuckt, fënnt ganz vill Material zum Thema: falsch, manipuléiert oder geschminkte Konklusiounen aus Etuden a Statistiken.

E Beispill:

Eng bekannt Figur am Domän ass de griichesch-amerikanesche Gesondheets-Fuerscher John Ioannidis vun der Stanford University. Dee seet carrément, datt déi meescht US-Etuden a sengem Domän Schrott wieren a verweist ënner anerem op e risegen Afloss vun der Pharmaindustrie.

Huet dee Fuerscher Recht?

D'Wëssenschaft sollt eigentlech net diskreditéiert ginn, si ass ee vun de wichtegste Piliere vun eiser Gesellschaft an déi Leit si gelueft, déi hir Aarbecht serieux maachen.

Ma et gëtt een d'Gefill net lass, datt et leider dacks net méi ëm d'Wuel vun de Leit geet, mä drëm fir politesch an economesch Interessien an der Gesellschaft duerchzekréien.

A wat d'Wëssenschaft méi mëssbraucht gëtt, wat se fir den normale Bierger ëmmer manner credibel gëtt.

Eng Fro, mat där mer eis och zu Lëtzebuerg sollte befaassen. Et wëll jo keen, datt den Churchill Recht behält.