Eng gréng Europa-Deputéiert protestéiert, hire Parteikolleg a Minister iergert sech doriwwer. De nico graf mécht e kuerze Commentaire.

Déi ronderëm mech hunn all de Kapp gerëselt iwwer d'Tilly Metz an hir Kollegen, déi an der Belsch op der Air-Base géngt Atombomme protestéiert hunn. (Hei feelt elo en Exkurs iwwer jonk an al Leit, déi verschidden Experienze mat der Friddensbeweegung hunn, Stéchwuert: „Eine einzige Pershing kann Dir den ganzen Tag versauen“).

D'Wuert Euro-Wahlkampf stoung jo och ganz fréi am Raum.

(hei feelt elo den néidegen Exkurs iwwer dat Nëtzlecht an dat Richtegt an der Politik)

D'Tilly Metz huet also elo Problemer mat engem fréiere Pazifist, dee fir Police an Härebierg zoustänneg ass. En immensen Duercherneen bei de Gréngen.

(hei feelt elo en Exkurs driwwer, wéi ee mat Leederen an Teppecher um Härebierg abrieche kéint a wat de Minister da soe géif)

Schlau Leit soe mer elo, den Duercherneen wier geplangt, well eis Gréng wiere net militant an - de Fränz léiert dat elo a flickegen Owescouren - si géifen nëmmen good cop géint bad cop spillen.

(hei elo keen Exkurs iwwer hiert Elektorat).

Ënner dem Stréch: Déi Gréng ginn gezwongen, erwuessen ze ginn a musse penibel Ministèren iwwerhuelen. Domat gi si ëmmer méi eligibel.

An elo e Schoss, also: e Schoss Musek.