D'Welt op der Kopp

© Eric Steichen / RTL
3 Deeg nom desastréise Feier an der Notre-Dame zu Paräis si mëttlerweil scho ronn 900 Mio Euro un Done beienee komm fir d'Reconstructioun. Privatpersounen a grouss Entreprisen hu sech direkt gemellt, fir ze contribuéieren. D'Condoleance-Messagen an d'Offeren, fir mat Expertis a Manpower ze hëllefen, koumen aus der ganzer Welt. D'Annick Goerens wënscht sech a sengem Commentaire den nämmlechten Engagement am Kampf géint d'Aarmut an de Klimawandel.
Déi räichste Familljen a Frankräich iwwerbidde sech quasi mat hiren Donen. 100 Milliounen Euro hei, 200 Milliounen Euro do. Vun Total, iwwer L'Oréal, LVMH a Kering investéiert all Milliardär mat Rang an Numm. Natierlech ass et luewenswäert, dass sech Leit engagéieren, mee wann d'Léift fir al Steng - jo dat ass ganz iwwerspëtzt formuléiert - méi wäit geet wéi d'Léift fir d'Mënschen an d'Ëmwelt, jo da gëtt mir dronkeg.
Besonnesch wann ee weess, dass déi grouss Zommen, déi déi Super-Räich do spenden, a Frankräich duerch e Gesetz vun 2003 zu 66% vun de Steiere kënnen ofgesat ginn. Fir Entreprisë sinn et 60%. Dës Steierreduktioun kéint souguer bis op 90% eropgoen, dat hat de franséische Kulturminister e Méindeg den Owend nom Feier an Aussicht gestallt. Dat géing um Enn heeschen, dass déi franséisch Ëffentlechkeet fir 90%, respektiv 60% vun dësen Zomme géing opkommen.
E Beispill vun France Inter: de Pëtrol-Ris Total spent 100 Milliounen Euro, doduerch kritt d'Entreprise eng Steierreduktioun vu 60 Milliounen Euro. 2016 huet d'Total awer just 30 Milliounen Euro Steiere bezuelt. Dat Gesetz erlaabt et dann awer, dass d'Total den Excedent op déi nächst 5 Joer ka verdeelen. Heescht, si missten déi nächst 2 Joer keng Steiere bezuelen.
Ma geet et nach? Bei eisen Noperen, wou de Räichtum esou ongläich verdeelt ass, dass zanter Wochen d'Gilets Jaunes protestéieren, dass all 5. Fransous an engem Aarmutsbarometer lescht Joer uginn huet, net genuch Geld fir Liewensmëttel ze hunn. 21 Prozent vun de Sondéierten hunn uginn, sech mol keng 3 Moolzechten den Dag kënnen ze leeschten.
Der Statistik-Administratioun Insee no liewe 14 Prozent vun de Fransousen ënnert der Aarmutsgrenz. An zu Paräis selwer ass d'Zuel vun den Sans-abrisen dëst Joer nees an d'Luucht gaangen a läit elo bei Ronn 3.620 Leit.
Et ass mir mëttlerweil net just dronkeg, mee schlecht.
Jo et stëmmt, Etüde weisen, dass d'Leit léiwer spende fir Saachen, déi si direkt concernéieren. Fir Evenementer, déi net wäit fort sinn. Iwwerschwemmungen an Däitschland, Terror an England, Frankräich an dann d'Notre-Dame, déi deelweis vum Feier zerstéiert gouf, ginn de Leit méi no, wéi d'Cholera an de Misär nom Zyklon am Mosambik oder den éiwege Krich a Syrien an am Jemen. Mee dofir mussen dann d'Sans-abrisen op der Strooss erfréieren, Kanner an der Drëtter Welt verhéngeren an eis Welt kann am Klimawandel erstécken a futtigoen. Dofir freet nämlech kee Steier-Reduktiounen. An honnerte Milliounen Euro, jo domat kéint ee vill maachen.
Der Perversitéit vun de Mënsche si keng Grenze gesat. Den Telethon vu Milliardären, déi fir d'Notre-Dame spenden, ass bal anormal. Et wär luewenswäert, awer just wa si spenden an TROTZDEEM hir Steiere bezuele géingen. An domat mengen ech ALL hir Steieren.
Mëttlerweil huet d'Famill Pinault, deenen d'Luxusfirma Kering gehéiert, een Exempel statuéiert. Déi 100 Milliounen Euro, déi si versprach haten, sollen net vun den Steieren ofgesat ginn.
Hei am Land leeft et anescht: den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten wollt an enger parlamentarescher Fro gewuer ginn, ob een Don vun engem Lëtzebuerger Steierzueler och kéint vun enger Steier-Reduktioun profitéieren? Schued, dass sech déi sozial Oder just bei historesch wäertvollem Patrimoine weist. An ech duecht, mir hätten eng Trennung vu Kierch a Staat.
Och den CSV-Deputéierten a Stater Schäffe Serge Wilmes huet an enger parlamentarescher Fro un de Premierminister finanzielle Support vum Lëtzebuerger Staat an d'Spill bruecht a gefrot, ob d'Regierung e Geste geplangt hätt.
Schéin, dass sech esou vill Suerge gemaach ginn iwwer déi wierklech essentiell Saachen am Liewen.