D'Land trauert also. Well e Mënsch dout ass. Well e Staatschef verstuerwen ass. Well eng néideg Symbolfigur fort ass – mengt den Nico Graf a sengem Commentaire.

AUDIO: De Prënz ass dout: Commentaire vum Nico Graf

Den éiwege Prënz. Wann ech dat esou soen, da weess wuel nëmmen en Deel vun de Leit direkt, vu wiem ech do schwätzen. Mä dat ass hie fir mech bliwwen, egal wat e ginn ass, de Prënz Jean. Wëll soen: Een, deen ech – an ech sinn do beileiwen net eleng, dat weess ech – een, deen ech net aus senger Roll erausgelooss hunn. Aus der Roll, de Fils ze sinn. Dat huet ze éischt natierlech emol mat der Iwwermamm ze dinn. Déi am Conscient collectif op eng koppeg Manéier duerch déi wichteg Krichs- an Nokrichsjore geeschtert. Déi Fra also, déi an den Exil geet, wéi d'Preise kommen. Déi dunn – si war schonn iwwer 40 Joer al – an den USA op eemol en dear child war – wéi de President Roosevelt si genannt huet. Ganz schéi vun uewen erof, als Typ, deen nëmme 14 Joer méi al war wéi d'Child, als Mann, als Amerikaner. Bon, d'Child huet zimlech Carrière gemat. Ass ganzeg séier Mamm vun der Natioun ginn. A wien den Abbé Heiderscheid sengerliewen héieren huet priedegen iwwer seng Krichsjoren, dee weess, wat fir en Amalgame et do an de Käpp gouf: déi perséinlech Mamm, d'Muttergottes an d'Grand-Duchesse, dat war alles zu enger Persoun ginn.

An eng Materialisatioun vun där Persoun hat eben e Bouf. Dee Prënz genannt ginn ass. An dee Prënz ass ëmmer de Jong bliwwen. An deem Sënn, wéi dat Wuert deemools benotzt ginn ass: eis Jongen. Dat ware jo e puer Zorten: déi Zwangsrekrutéiert, d'Refractairen, déi Verstoppten, déi am KZ, déi an der Resistance, an déi, déi mat den Alliéierten erëm heemkomm sinn, jee all d'Jongen, déi am Krich waren. Dorënner dee jonken Zaldot, dee mat sengem Papp am amerikaneschen Jeep an d'Land komm ass, deen um Cercle mat deem fotograféiert ginn ass. A knapps waren déi Fotoe gemat, war e puer Méint drop d'Mamm vun der Natioun do an huet hir Roll gespillt. Déi jo – Biller, Biller, Biller – doranner bestan huet, datt ee menge konnt, si hätt d'Éislek eleng erëm opgebaut. Consolatrix afflictorum, mir bieden dech un.

Den Auteur Nico Graf

An deem Ament, wou ech dat hei schreiwen, kënnt d'Nouvelle, d'Inte-Course an der Péitruss wier ofgesot an och den Urban-Trail an d'Concerten op der Plëss. An d'Ministeren däerfen näischt soen iwwer de Verstuerwenen, Retenue s.v.p., Fändel op Halbmast, gebongt, mä et kéint een op d'Iddi kommen, mir géingen als Natioun vläit e bëssi vill traueren ëm en ale Mann. Hate mer da geduecht, dee géing éiweg liewen? Froen all déi ganz Haart ënner eis.

D'Äntwert ass wuel déi, datt dat schéi gewiescht wier fir d'National-Gefill, wann en einfach ni gestuerwe wier, de Jong vun der Heeschefra. Wëll soen: Mam Prënz Jean stierft den Zweete Weltkrich. An deem Sënn, datt de Prënz de leschte wierklech wichtege Representant war vun deem, wat ideologesch aus deene Jore gemat ginn ass: d'Legitimatioun fir e butzegt Land tëschent groussen Noperen, déi haut och nach jalous grouss Nopere sinn. Bis virun e puer Joer waren eis Politiker nach Kanner vun där Mamm, Jonge vun der Krichsgeneratioun, haut sinn eis Politiker Enkelen, genee wéi den Henri Enkel ass. A par définition sinn déi Leit blatzeg, kënnen déi Leit onméiglech déi Aura, dee Charisma hunn, dee vun D-Day a Rundstedt-Offensiv op hir Virgänger eriwwer geglënnert huet. De JCJ ass do ëmmer léine gaang, hie wousst firwat, Gründungsnarratiffe si wichteg.

En décke Batz vun deem Mythos gëtt elo mam Prënz Jean begruewen. Dat ass traureg an awer richteg. Obschonns: Bei dëse Brexit- Europa-Wale wier soss e fréieren Irish Guard, e britischen Irish Guard, matwiele gaang. Och schéin.