Déi 7 an der Chamber vertruede Parteie schécken dëst Joer am Ganze 27 Kandidate mat an d’Europawalen, déi och schonn d’lescht Joer fir d’Chamberwale kandidéiert hunn. Dat si méi wéi d’Hallschent vun de Kandidate vun de representatiivste Parteien, dorënner och 6 Deputéiert. Soll ee sech net fir ee vun deenen zwee Parlamenter decidéieren, freet d’Fanny Kinsch sech, a virun allem – war do net eppes?

AUDIO: Commentaire vum Fanny Kinsch

Jorelaang hunn déi grouss Parteien zu Lëtzebuerg hir beléiftste Politiker net nëmme fir d’Chamberwahlen, ma gläichzäiteg och fir d’Europawahle kandidéiere gelooss – d’Polit-Promien haten allerdéngs wéineg Intentiounen hir national Mandater opzeginn a si virun allem matgaangen, fir d’Leschten ze zéien.

2004 hu fir d’CSV zum Beispill siwe Ministere fir d’Europawahlen a fir d’Chamberwahle gläichzäiteg kandidéiert. De Jean-Claude Juncker, de Luc Frieden an de François Biltgen goufen direkt an d’Europaparlament gewielt, sinn awer Minister bliwwen. Den LSAP-Éischtgewielte Jean Asselborn ass och léiwer Minister ginn.

Op d’Duebelkandidaturen ugeschwat sot de François Biltgen deemools, d’CSV hätt der DP an der LSAP scho bei deenen zwou Wahle virdru proposéiert, d’Leschten ze trennen, déi wollten dat awer net. Per Gesetz kann een d’Duebelkandidaturen net verbidden, mam gudde Beispill virgoe wollt keen, dowéinst huet en iwwer-parteileche Konsens misse gesicht ginn.

Dunn ass 2008 d’Zuel u Kandidate vun 12 op 6 reduzéiert ginn – sou vill wéi lëtzebuergesch Sëtz am EU-Parlament. Dat huet d’Méiglechkeet, prominent Kandidaten als Zuchpäerd mat an d’Europawahlen ze schécken alt e bësse limitéiert, et huet ee jo och Leit misse mat op d’Lescht huelen, déi effektiv goe wollten. Nach am selwechte Joer hunn d’CSV, d’LSAP, d’DP an déi gréng decidéiert, hir Kandidatelëschten ze trennen.
Sou wäit sou gutt.

Den Accord tëschent de Parteien huet genee ee Wahljoer gehalen. Du sinn 2013 d’Chamberwahlen, wéinst dem Geheimdéngscht-Skandal, virgezu ginn an déi zwou Wahle sinn net méi op dee selwechten Dag gefall. 2014 hunn déi véier grouss Parteien alleguer Kandidate mat an d’Europawahle geholl, déi och schonn dat Joer virdru fir d’Chamber kandidéiert hunn – bei der CSV war et alt wéinstens nëmmen een.

Wuel huet een haut net méi d’Phenomen, datt Ministere mat an d’Europawahle gi fir Stëmmen ze fänken, wat virun allem dru läit datt d’Wahlen net méi de selwechten Dag sinn. Mam Nicolas Schmit, LSAP-Spëtzekandidat, geet awer op d’mannst ee Politiker mat an d’Course, dee scho kloer gestallt huet, datt en an d’Kommissioun, net an d’Parlament well.
D’CSV waart net méi op déi aner an ass dëst Joer déi eenzeg Partei, déi konsequent keng Duebelkandidaturen huet.
Bei all deenen aneren an der Chamber vertruedene Parteie kandidéiere Leit, déi och schonn am Oktober zejoert op enger Lescht stoungen. Et kéint ee sech do scho mol froen, op d’EU-Parlament d’Noutléisung ass, wann dat anert net klappt.

Fir d’LSAP, d’DP, d’ADR an déi Lénk kandidéieren iwwerdeems och aktuell Deputéiert fir e Mandat am Europaparlament: de Marc Angel, de Gusty Graas, d’Simone Beissel, de Fernand Kartheiser, de Gast Giberyen an den David Wagner. Déi zwee Mandater si per Gesetz net kompatibel. Do stellt sech dann d’Fro: wann déi Kandidaten effektiv an d’Europaparlament wëllen, firwat hu se sech da viru manner wéi engem Joer an d’Chamber wiele gelooss? Respektiv, wa se am Fong an der Chamber wëlle bleiwen, firwat gi se da mat an d’Europawahlen? Éierlech vis-a-vis vum Wieler ass et op alle Fall net.