De System vun de Spëtzekandidaten ass eréischt 5 Joer al, ma e leeft d’Gefor net iwwer dës Europawalen eraus ze iwwerliewen. Ënnert anerem déi Europäesch Liberal kritiséieren de System. Staats- a Regierungscheffe wéi den Emmanuel Macron an de Xavier Bettel hu schonn annoncéiert, sech net onbedéngt drun halen ze wëllen. Zu Lëtzebuerg hunn d’adr an d’Majoritéitsparteie an der Chamber géint eng Motioun vun der CSV gestëmmt, déi vun der Regierung gefuerdert huet, sech am Conseil fir de Spëtzekandidatesystem anzesetzen. Eng Analyse vum Fanny Kinsch.

Am Lissaboner Vertrag ass effektiv kee Spëtzekandidatesystem virgesinn. Den europäesche Conseil soll mat qualifizéierter Majoritéit de Kommissiounspresident nennen, deen d’Parlament da muss unhuelen. Dobäi soll d’Resultat vun den Europawahlen berécksiichtegt ginn. Bis 2014 hunn d’Staats- a Regierungscheffe vun der EU sech e Kommissiounspresident erausgesicht, dat ass kritiséiert ginn, well et net transparent war.

Op Drock vum EU-Parlament huet de Conseil bei de Wahlen 2014 de Spëtzekandidatesystem iwwerholl an de Jean-Claude Juncker ass als EVP-Spëtzekandidat Kommissiounspresident ginn. De System soll op där enger Säit dem Parlament méi Muecht an op där anerer Säit dem Kommissiounspresident méi Legitimitéit ginn. Et soll en éischte Schratt sinn an d’Richtung méi Demokratie, well d’Wieler méi Afloss op d’Politik vun der EU hunn.
déi gréng schreiwen an hirem EU-Wahlprogramm, d’Praxis hätt d’Transparenz an d’Verantwortung vun de Parteie verbessert, och wann een nach méi wäit misst goen.

Den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn huet sech ëffentlech fir de System ausgeschwat; och den Deputéierten a Kandidat fir d’Europawahlen Marc Angel huet um radio 100,7 gesot, et misst op alle Fall ee vun de Spëtzekandidaten Kommissiounspresident ginn. Et ass also verwonnerlech, datt béid Fraktioune gëschter an der Chamber géint eng Motioun gestëmmt hunn, déi gefuerdert huet datt d’Regierung sech u genau dee System hält. D’DP huet hire Vott net justifiéiert, de Premier huet seng Kritik un de Spëtzekandidaten awer nach eng Kéier an der Chamber elaboréiert.
Allerdéngs net op besonnesch iwwerzeegend Aart a Weis. De Premierminister argumentéiert, datt de System ouni transnational Leschte kee Sënn géif maachen. Dat heescht, d’Wahl fir de Kommissiounspresident misst méi demokratesch ginn. Wann een de Spëtzekandidatesystem elo erëm ofschaaft, bezweckt een awer éischter de Géigendeel, an zwar datt de Conseil sech erëm de President eraussicht – an domat also nees déi national Regierungen an hir Partikularinteresse gestäerkt ginn. De Premier huet och net wierklech Alternative proposéiert, wéi transnational Leschten oder eng direkt Wahl vum Kommissiounspresident kéinten ausgesinn.

Dat erkläre vläicht seng europäesch Allianzen.
Déi liberal ALDE, där och d’DP ugehéiert huet fir dës Europawahlen net ee Spëtzekandidat ma eng Equipe vu Kandidate fir d‘Spëtzeposte presentéiert – dorënner de President vun der liberaler Fraktioun am EU-Parlament Guy Verhofstadt an d’EU-Kommissärin fir Konkurrenzfroen Margrethe Vestager. D’ALDE, respektiv d’Fraktioun déi der ALDE nokomme wäert, wäert eng méi wichteg Roll an deem nächste Parlament spillen. Déi europäesch Volleksparteien an déi europäesch Sozialdemokrate wäerten, de Prognosen no, net méi genuch Sëtz fir eng grouss Koalitioun-Majoritéit zesummekréien. D’ALDE well zesumme mam franséische President Emmanuel Macron senger La République en Marche an e puer anere Parteien eng nei gemeinsam Fraktioun grënnen, deenen hir Stëmme fir eng Majoritéit kéinten noutwenneg ginn. Déi rezente Aussoe vum Xavier Bettel a vum Emmanuel Macron géint d’Spëtzekandidate sollen also och Drock op d'EVP an hire Spëtzekandidat Manfred Weber maachen. Manner wéi zwou Woche virum Wahldag ass deemno nach net gewosst, op de Wieler en Afloss op den nächste Kommissiounspresident huet oder net.