Uganks der Woch huet d'House of Startups hiren éischte Gebuertsdag gefeiert. Hei kréie jonk an innovativ Entreprisen ënnert d'Äerm gegraff, an der Hoffnung, dass aus villverspriechende Startups iergendwann erfollegräich an eegestänneg Entreprisë ginn. Ma de Wee dohi féiert net laanscht de Sprong an e ganz kaalt Waasser. E Gewässer, dat zu Lëtzebuerg bei Wäitem net sou äiseg misst sinn, wéi et den Ament ass, mengt d'Maxime Gillen.

AUDIO: Commentaire vum Maxime Gillen

Just, fir kloerzestellen: Eng Startup ass eng jonk Entreprise. Ma net all jonk Entreprise ass och eng Startup. Allgemeng gëtt den Ënnerscheed gemaach tëscht Entreprisen, déi komplett nei an innovativ Iddien hunn a Betriber, déi sech an engem bekannten Domän nei lancéieren.

Ma eppes ass fir si alleguer d'selwecht: wëlle si sech zu Lëtzebuerg installéieren, musse si, eleng fir e Büro oder e Geschäftslokal ze lounen, e ganze Pak Suen an de Grapp huelen. Déi deels astronomesch Loyere bedeiten, dass een, deen e Buttek oder eng Firma lancéiert, gutt a gäre schonn e puer zéngdausend Euro am Minus ass, ouni och nëmmen een Cent erakritt ze hunn. Geet d'Aventure vun der eegener Entreprise da schif, ass de Scholdebierg fir d'Grënner eleng duerch de Loyer direkt immens héich. Dat mécht kaum Courage.

Natierlech muss een als Grënner vun enger Entreprise bereet sinn, e gewësse Risiko op sech ze huelen. Ma wann ee riskéiert, sech nëmme fir de Loyer op Joren ze verschëlden, ass kloer, dass dat den Entrepreneursgeescht vu sou munch engem bremst.

An dobäi lieft eng Grënnerkultur dovun, dass och Leit mat enger gudder Iddi, Know-How an nëmmen e bësse Kapital sech kënne lancéieren. Dat beschte Beispill ass Berlin, wou eng ganz Well vu jonken Entreprisen, individuelle Restauranten a Butteker entstanen ass. Dat ënnert anerem och, well d'Loyere matten an der Stad nach abordabel waren. Lues awer sécher ginn och do d'Präisser an d'Luucht an déi jonk Grënner wanderen an aner Quartieren aus. Ma zumindest gëtt et där Plazen nach. Zu Lëtzebuerg sicht een do laang.

Deemno sinn d'Präisser um Lëtzebuerger Immobiliëmarché net nëmme problematesch fir déi Leit, déi hei wëlle liewen, ma och fir d'Grënnung vu jonke Betriber ze erméiglechen.

En Argument méi fir d'Politik, dee Sujet endlech seriö unzegoen. Eng Politik, déi aus Lëtzebuerg ëmmerhin eng Startup-Natioun maache wëll. An eng Startup-Natioun brauch och Startup-Loyeren.