Den Artikel 10 vun der Convention européenne des droits de l'homme ass formell: d'Liberté d'expression ass e fundamentaalt Recht a wat d'Press ubelaangt, dierft et keng Ingérence d’autorités publiques ginn.

AUDIO: Commentaire vum Nico Graf

Schéin a gutt, mä d'Realitéit gesäit dacks anescht aus.

E Commentair vum nico graf

Dëser Deeg sot e pensionéierte Gendaarm mer: „Passt op Är Donnéeën op, Här Graf, an net datt se op eemol fort sinn, well der eng Perquisitioun am Haus hat. Also ech an Ärer Plaz géif vun allem – an absënns vun de quokelege Saachen – eng Kopie maachen an déi da verstoppen. Dir kënnt se jo doheem am Gaart vergruewen oder soss anzwousch, mee passt op Är Saachen op.“

Ech hunn de Mann berouegt, esou séier geet dat jo awer net, datt mer hei am Haus eng Perquisitioun kriten. Oh, sot hien, „déi melle sech net un, déi sinn op emol do.“ An hien an huet vu senge judiciaire fréiere Kollege geschwat, déi op emol komme kéinten.

Geschitt schonn net, duecht ech.

An dunn hunn ech mech erëm drun erënnert, datt mer esou eng Perquisitioun jo schonn eng Kéier haten, an der Bommeleeër-Affaire, wéi en Hacker eng E-Mail-Adress vun der PJ geknackt hat an dat op eisem Internet-Site publizéiert huet an dunn hate mir op eemol frëndlech Häre vun der PJ am Haus, déi an eise Computeren no deem Hacker gesicht hunn. An och d' Kollegen vun 100,7 hate jo wéint der Chamber-Sitt-Affaire eng Perquisitioun am Haus.

Pressefräiheet, Liberté d'expression. Hm.

An da geet engem alles dat duerch de Kapp, wat an de Nopeschlänner an deem Domaine esou lass war an der Lescht. Franséisch Journalisten hate Geheimdéngscht-Informatioune publizéiert – a flang gouf géint si enquêtéiert. An den zoustännege Minister sot op France-Inter, dat wier nëmmen normal. Op Ibiza huet de Strache der Fake-Oligarchin d'Herrschaft iwwer d'Kronen-Zeitung ugebueden. A méi no bei eis déisäit der Musel huet e jonke Mann mat bloen Hoer opgeruff, d'CDU-CSU ze zerstéieren – wat hien natierlech politesch gemengt huet - an d'AKK aus dem Saarland huet prompt driwwer schwadronéiert, ob et net am Digitalen Regele misst ginn, wat een am Wahlkampf soen dierft a wat net. "Eine Zensur findet nicht statt" krut si vu Kritiker un de Kapp geheit, Basics, Grundgesetz-Nachhilfe fir eng, déi mengt, se kéint Kanzlerin ginn. A muss ee wierklech drun erënneren, wéi de Berlusconi an Italien d'Telé kaaft a verdommt huet. Oder wéi d' Kommunisten am ferne China den Internet kontrolléieren a wéi déi grouss Boîtte sech do bereetwëlleg kontrolléiere loossen, nëmme just fir am Geschäft ze bleiwen. Oder wéi an der Türkei Journaliste wéint näischt a nach emol näischt an de Prisong geheit ginn, nëmme just well se dem Sultan Erdogan am Wee sinn. Kuerz a schlecht: an Diktaturen gëtt a gouf ëmmer ze alleréischt d' Presse op Linn bruecht oder ausgeschalt. Presse- a Meenungsfräiheet – och duerfir sinn déi alliéiert Zaldote gestuerwen.

Just, just, datt et haut net nëmmen ëm d'Press geet. Et geet ëm all Eenzelnen. Well iwwerall hänke Kameraen; un der Spëtzt vum Progrès an der Gesiichtserkennung ass do China.

An och bei eis gëtt et kee Privatliewe méi, et sief dann, et lieft een am Bësch. Et kann jiddwerengem elo geschéien, datt seng digital an elektronesch Tracë géint hie benotzt ginn. De Computer, den Handy, d'Alexa, déi nei Televisioun, déi Är Telés-Gewunnechte weidergëtt, d'Kreditkaart, d' Donnéeë vum Auto – iwwerall hannerloosse mer eng Hellewull Spuren, déi géint eis kënne benotzt ginn, wann et iergendengem an de Krom passt. Vun Trojaneren – also ageschleisten Spionage-Programmer - guer net ze schwätzen. A propos: dat Wuert, Trojaner, ass jo eng Frechheet fir d'Trojaner, déi vun deemools. Si ware just domm genuch, de Griichen hiert Holzpäerd an d' Stad eranzehuelen, domm genuch, keng Angscht ze hunn virun deenen hirem Cadeau. Datt dee Cadeau haut Trojaner genannt gëtt, dat ass eng wonnerschéin Illustratioun derfir, wéi een d'Wourecht verbéit, d'Affer schold un hirem Misère si léisst, eng Fake-News fabrizéiert. Et muss just dacks genuch Trojaner soen, da setzt sech dat Wuert duerch; Danäer-Pärd wier korrekt.

Mir aner Lamda-Trojaner misste schlau genuch sinn, alles, wat do spionéieren, kontrolléieren a perquisitionnéiere kënnt, aus eisem Liewen erauszehalen.

Vergiess et, ze spéit – kréien ech gesot.

De Grousse Brudder ass schonn am Haus an huet keng Gutt an der Kopp.