Ëmmer méi séier, méi effizient a méi leeschtungsfäeg – de Mënsch muss funktionéieren, iergendwéi! Zäit, sech Froen iwwert eis Gesellschaft ze stellen, mengt d'Claudia Kollwelter an engem Commentaire.

AUDIO: Am Hamsterrad: De Commentaire vum Claudia Kollwelter

Stress, Belaaschtung, Drock, Angscht, Iwwerfuerderung – alles dat ass d’Realitéit vun ëmmer méi Mënschen an hirem Alldag. D’Konsequenze si bekannt – Burnout oder Depressiounen huelen och hei am Land vu Joer zu Joer zou. Et gëtt ëmmer méi vun de Leit erwaart, méi verlaangt.

Du gees an d’Schoul, wou s de déi beschtméiglech Notte kriss an och direkt scho weess, wat s de studéiere gees a wat s de dono schaffe wëlls. Wann s de da bis schaffs, solls de net just wärend denge 40 Stonnen op der Aarbecht, mä am beschten och nach virdrun an dono funktionéieren – ob doheem am Stot oder am Sport. Du grënns gär eng Famill, kriss Kanner, ma solls awer sou séier wéi méiglech rëm prett sinn a schaffe goen, fir datt de System weider leeft – ma op Käschte vu wiem leeft en dann?

Déi Leit, déi sech deem Drock net fügen, déi sech onsécher sinn a puncto Studium, net wëssen, wat si spéiderhi wëlle ginn, wéinst gesondheetleche Grënn net flexibel schaffe kënnen oder nu mol méi dacks op der Aarbecht feelen, Leit, déi mat de Kanner wëllen doheem bleiwen – déi also net den Erwaardunge vun der Gesellschaft gläichkommen, déi ginn dacks ecartéiert a kréien op déi eng oder aner Manéier ze spieren, datt si e Feeler am System sinn an datt se selwer musse kucken, domat eens ze ginn.

Woubäi de Feeler ganz enzwousch anescht läit – nämlech datt net méi nom Wuel vum Mënsch gekuckt gëtt, mä no deem, wat hien dem System an der Ekonomie bréngt. Wéi et där eenzelner Persoun dobäi geet, dat schéngt niewesächlech. Sech Zäit fir sech ze huelen, ob säi Kierper ze lauschteren an am Hei an Elo ze liewen, dat schéngen déi Meescht verléiert ze hunn oder och ni bäibruecht krut ze hunn.

Du bass näischt, wann s de net schaffs, an net souvill verdéngs, datt s de der den neisten Handy, Auto an am beschten nach en Haus leeschte kanns. Mir liewen an enger ëmmer méi egoistescher a materialistescher Konsumgesellschaft an där déi sozial Wäerter, d'Famill, d'Frënn, d'Gesondheet an eist Wuelbefannen duerch den extremen Drock vu baussen ëmmer manner Plaz fannen.

Wou dat alles hin steiert ass net gewosst, an och wann een et de Leit net ugesäit, se sech et zum Deel selwer net bewosst sinn, schuede mir eis domadder, mir maachen eis selwer krank, wëll d’Gesellschaft et jo numol sou vun eis verlaangt. Mee de Mënsch ass net dofir gemaach eenzeg an eleng ze funktionéieren. An vläicht ass et heiansdo ubruecht net d’Leit mee eise System an eis Ekonomie a Fro ze stellen.