"Ech soe kloer: géif d’Lëtzebuerger Regierung majoritär eng aner Positioun an der Iran-Kris anhuelen, géif dat fir mech automatesch bedeiten, dass ech meng Funktiounen nidderleeën." - dat seet net deen Allermannsten, mee am Kontext vun der Krichsgefor am Noen Osten den Dan Kersch. Ee vun de Ministeren also mat 2 Portefeuillen, deen der groussherzoglecher Regierung ugehéiert. Couragéiert fënnt dat de Roy Grotz, deen de Politiker ëm sou en ziville Courage beneit...

AUDIO: Commentaire vum Roy Grotz

Dat nennen ech emol e Mann mat Determinatioun, mat enger gerueder Linn, een dee fir seng déifste pazifistesch Iwwerzeegungen asteet, een dee sech out, dee géint falsch Hypotheese vum Trump, géint all Krichsrethorik a géint vill aner politesch Analysen ukämpft a riicht eraus seet, wat e géif maachen, wa Lëtzebuerg - als Nato-Alliéierten - ënnert iergend enger Form géif mat an e Krich am Noen Oste verwéckelt ginn.

De Lëtzebuerger Aarbechts- a Sportminister waart net esou laang wéi säi Parteikolleg, deen d'Pensioun wuel dierft am Ausseministère feieren an deen eréischt e Sonndeg e Schreiwes verbreet huet - a softem Dioplomatie-Slang a "retenue an désescalade" fuerdert.

Anescht do de Minister Dan mat enger klorer Ausso: " Nee, Nee an nach eng Kéier Nee zu engem Krich géint den Iran" - dat ass Stäerkt, dat ass kräfteg a kloer - de merde alors war kale Kaffi dogéint.

An dann e Récktrëtt an d'Spill bréngen, do gëtt et e renomméiert Virbild virum Referendum iwwert den EU-Traité 2005 - mee dat hat mat Krich näischt ze dinn an ass och eng aner Geschicht.

An da gëtt sech direkt op der place publique an an de Foren echaufféiert, dat wier bëllege Populismus, enger Regierung, déi sech eescht hëlt net wierdeg, an ondifferenzéierten Téin, fir sech wichteg ze maachen, fir perséinleche Marketing ze maachen a just an de Medien zitéiert ze ginn - ech soen Iech Commentateuren an Observateuren vun hannert der lénker Band: dir sidd just jalous, jalous op e Mënsch, dee sech out a fir de Fridden asteet.

Een, dee keng laang Enquêten, wéi vun der UNO gefrot, muss ofwaarden, mee am beschten Srel-Stil ewell genee duerchgekuckt huet a gechecked huet, wat hei am Golf vum Oman gespillt an intrigéiert gëtt.

An da gëtt dës Meenung och nach iwwert de populäre Wee vu Facebook an d'Welt gedroen - esou einfach an effikass kënnen Anti-Krichs-Messagë sinn.

Iwwregens brauch sech de sozialisteschen Minister net reprochéieren ze loossen, dass hie sech dem Wand no dréint, well de Friddensengel vum Picasso ewell bal 5 Joer laang seng Facebook-Hannergrond-Illustratioun ass. De Fridden ass do an der DNA dran...

Dass de Politiker Kersch eemol als Ex-Politiker wuel sécher net wäert bei der SES am Verwaltungsrot setzen, liicht engem an, well deem Mann ass et eescht an do ënnerstëtzt ee keng Firmen, déi via hir Satelitteprogrammer aktiv zum Dronen-Krich vun der US-Army bäidroen.

Dem Dan Kersch gehéiert et also héich ugerechent, datt hie keng Scheiklappen opdeet, sech net laang an der Regierung ofschwätzt a fréi a perséinlech erausschreift, wat fir hie wichteg ass: datt Lëtzebuerg net a Krich erarëtscht, dee mir net wollten an dee mat alle Moyene muss verhënnert ginn - wann et net zu deem Krich kënnt, gehéiert och dem LSAP-Mandataire Kersch Luef an Éier.

A wann an enger zweeter Phas den Numm vum Ex-KPler an enger Rei mat Leit wéi dem Willy Brandt, dem Kofi Annan, dem Lech Walesa oder och der Mère Theresa genannt gëtt, well hien zu Oslo e prestigiéise Präis kritt - abee da mussen all éiweg Kregéiler a Knouterbattien de Blouse weisen - dann huet him d'Militéiere fir de Fridde Recht ginn.

An deem Sënn: weider sou a "Shalom Dan"!