Schonn erëm e Joer hier, datt Nationalfeierdag war. A wat gouf an deem Joer net alles geschwat a gesot a getoozt. Den Nico Graf lauschtert zeréck.

AUDIO: Commentaire vum Nico Graf

Géi endlech an d'Pensioun a maach Plaz fir déi Jonk. Ech si jo kee Rassist, mä. E gutt Beispill vum neie Liberalismus: Ouni Reegelen, Steieren, Kontrollen, einfach Fric maachen. Mir sinn nach ëmmer déi stäerkste Partei am Land. Ech brauch Broclax, ech hunn e Grénge gefriess. Gleeweg Leit, déi wärend der Ardennenoffensiv am Keller souzen, hunn der Muttergottes e Versprieche gemaach. Dee Casier fält der CSV nach op di éige Féiss. De rosene Lëtzebuerger geet léiwer op d'Fouer saufen a sech zerklappen. Wat e Brach. Se misste Seef an eng Zännbiischt an de Grapp huelen an op de Knéien nees alles botzen! Alles Marionetten vun den Aktionäre vun de groussen Boîtten. Grande-Duchesse – wann ech dat schonn héieren, déi steet iwwerhaapt net an der Verfassung. Nach kee Wëllschwäin gesinn. Déi ginn elo duerch de bloe Plafong. E fromme Mann. Dee vegane Militantissem gefält mir guer net. Esou e Begriefnes ass fantastesch Pub fir Leit, déi schonn zanter 200 Joer misste gekäppt sinn. De Charel huet d'Monica mat duerchgeschleeft. Séisswaasser-Piraten. Do kënnt eng nei Diktatur. Alles kale Kaffi. De Mann mat den décke Fanger entdeckt de Klimaschutz, hört, hört. Déi Staatstrauer war vläicht e bësse laang. Merci Gambia, merci. De Xavier an den Etienne sträichen en Zëmmer un. D'Hilda vun Huldang an de Jang vun Hëpperdang hu sech ze pake kritt. Wat huet Luxusbuerg Problemer! E stierft ouni eis ze soen, wien et war. Déi sollen emol hir Hausaufgabe maachen, ier se op d'Strooss ginn. Vu Politik keng Anung, wat si mir en aarmséilegt Land! Hien huet en neien Challenge ugefaangen. A wat hu mer gelaacht, wéi hat dat Trams-Schëld widder de Kapp krut. D'CSV wäert déi nächst Wahlen haushéich gewannen. Dee Klimawandel, dee gëtt et guer net, deen ass einfach erfonnt.  Eise Soze geet et elo wéi deenen doiwwer. Esouvill investéiert an da kënnt dee kee Bierg erop. Eng Hal voller Geweier – a wien huet all déi Béck geschoss? Déi sinn elo eng normal Partei. D'Spiller vun de klenge Männer. Dat kënnt ni eraus, scho guer net, wa se elo bei déi Falsch perquisitionnéieren. D'Leit si grad aus der Vakanz erëm, da preparéiere se schonn déi nächst. Mir wëssen alleguer, wei et ausgeet. Typesch RTL. Merde alors. Ech klénge scho bal wéi den Trump. A wie bezilt dat do erëm? Wat a 50 Joer mat der Ëmwelt ass, dat ass mir wurscht, ech sinn dann net méi do. Dat däerf een dach wuel nach soen. Da bréngt dach emol eppes iwwer. Ech schwätzen alles op Lëtzebuergesch a wann déi näischt verstinn, solle se sech eben dru ginn. Paakt dach nëmmen an. Se sinn net laanschtenee komm. Dee schwulen Hond, deen däerf net nach eng Kéier Premier ginn. Esou en Ibiza-Video kéint et bei eis net ginn. Chantieren iwwerall Chantieren.  De Mëttelstand a säi Bockel. Einfach der Hierarchie no bestrofen: déi déck vill, déi kleng e bësse manner. Dat war e Putsch, dee vu laanger Hand virbereet war. Jughurt am Amazonas an déi Gréng zéie Waasser. An haalt elo op mat deem CSV-Bashing, et schéisst een net op eng Ambulanz. Wann et keng Aarbechter méi gëtt, da brauchs de keng Aarbechterpartei méi. De Fësch sténkt vum Kapp hier. Eng leschte Kéier huet d'Vollek Iech Äddi gesot, Monsieur. Wou sinn déi richteg Lëtzebuerger, déi nach eng lass hunn? Meng Emissioune si mir egal, sorry Kanner.

Et ass esou roueg am Land; et mengt ee bal, et wier alles an der Rei.

A bé Merci.