Politiker a Gewerkschaftler betounen ëmmer erëm, et wéilt ee keng „Zwouklassemedezin“ zu Lëtzebuerg. Si schéngen dobäi awer z'ignoréieren, datt et deen zwee Klassesystem fir Lëtzebuerger Residente scho laang gëtt, mengt d'Dany Rasqué a sengem Commentaire.

AUDIO: Commentaire vum Dany Rasqué

Wéi ech dorop kommen, wëllt der wëssen?

Ma dës Lescht ass e Kolleg mer iwwert de Wee gelaf ... nee gelaf ass net richteg ... en ass gehoppelt, mat enger Koppel Krätschen an en hat et nawell déck do setzen.

Et goung ëm d'Waardezäiten, wann een hei am Land an den IRM muss goen. Den 3. Abrëll hat de Mann sou en Examen opgeschriwwe kritt, nodeems e gefall war, net méi op säi Fouss konnt trëppelen an d'Röntgen net däitlech genuch waren.

Den Dokter hat him direkt gesot, e soll kucken, fir am Ausland e Rendezvous ze kréien, well hei am Land misst e sech drop astellen, datt et géif daueren.

Den Dag drop hat hien de Bréif mam Rendezvous an der Boîte ... den 1. Juli, also knapp 3 Méint méi spéit- hätte se Zäit, fir hien a säi Fouss gehat.

Bis dohinner wollt de Kolleg, awer schonn erëm op sengen zwee Féiss kënne lafen an net dann eréischt gesot kréien, wat en huet ... also huet e sech um Dokter säi Rot gehalen an den Telefon an de Grapp geholl.
 
Zu Tréier hu se du gesot: hallwe Mee – also ëmmerhi  6 Wochen éischter wéi zu Lëtzebuerg.

Dee Rendezvous huet de Kolleg sech du reservéiert. Wéi e seng Telefonsnummer huet misse loossen an „00352“ sot, sot d'Fra déi aner Säit " ob hien dann aus Lëtzebuerg géif kommen an och hei verséchert wier“ „jojo“ sot de Kolleg bësse verwonnert an huet dunn nach méi grouss gekuckt.

D'Madamm um Telefon sot him nämlech, da wier dat alles eng ganz aner Saach. Leit, déi zu Lëtzebuerg krankeverséchert wieren, géife bei hinnen als Privatpatient gëllen. Do wieren d'nächst Woch zwee Rendezvouse fräi, ob et hie moies oder mëttes besser géif arrangéieren? De Kolleg huet sengen Oueren net getraut.

E soll -sot d'Fra- just drun denken, fir genuch Sue matzebréngen, well e misst direkt op der Plaz bezuelen.

De Kolleg huet du mol nogefrot, wat dee Spaass da géif kaschten, 4 bis 500 Euro ....  iwwert den Daum dat dräifacht wéi hei am Land. Hien huet sech drun erënnert, datt en d'Spuerschwäin an de leschte Méint bësse gemäscht hat an ass 8 Deeg méi spéit mat deem op Tréier gefuer.

Haut, eng Woch, ier en hei am Land Rendezvous am IRM hätt, kann e schonn erëm op sengen zwee Féiss goen, nach net sou gutt wéi virdrun, mä ëmmerhin geet en. Net zu Lescht, well en opgrond vun de Biller aus dem IRM direkt déi richteg Behandlung krut.

Dat wat an deem Kontext nëmme schwéier ze verstoen ass, ass firwat mir et -an engem vun deene räichste Länner op der Welt-  net fäerdeg bréngen, fir esou Examen selwer an engem verstännegen Delai ze maachen?

Ech erënneren hei un e Post op Facebook, wou eng Persoun 9 Méint huet misse waarden, fir en IRM vum Kapp ze maachen - do sinn déi 3 Méint eigentlech nach Peanuts.

Jo et sinn 4 nei Apparater bestallt, déi dëst Joer am Summer, also eigentlech elo sollen do sinn an dann a Betrib geholl ginn. Mä léist dat de Problem – oder ass dat just eng Drëps op de waarme Steen? A wéi ass et mat IRMen a Privatpraxissen? Doriwwer sollt jo eigentlech nach eng Kéier diskutéiert ginn.

Dee Luxus fir no enger Woch schonn ze wëssen, wat a sengem Fouss futti ass, konnt de Kolleg sech just leeschten, well säi Spuerschwäi gefëllt war. Wier dat net de Fall gewiescht, da géif e wahrscheinlech nach haut mat senge Krätsche ronderëm sprangen.

A fir déi meeschte Leit muss een op dëser Plaz wuel NET ënnersträichen, datt nach laang net jiddereen e Spuerschwäin, fir sou Fäll doheem stoen huet.

Souwäit zu der Zwouklassemedezin, déi et zwar net zu Lëtzebuerg gëtt, dofir awer just hannert der Grenz fir all Lëtzebuerger Resident mat Spuerschwäin.