"De Jughurt gëtt zum Politikum" ... eng "lachhaft Duebelmoral" a "grénge Bauchwéi" ... de Spagat vun der grénger Beetebuerger Schäffen, déi awer och gréng Deputéiert ass an déi souwuel – kommunal - géint eng Jughurtsfabrick ass wéi och – national - fir déi Fabrick muss sinn, suergt den Ament fir Diskussiounen. Et ass e ganz aktuelle Beweis, datt Duebelmandater e Problem sinn an endlech missten op de Leescht geholl ginn, mengt d'Carine Lemmer de Moien a sengem Commentaire ...

AUDIO: E Commentaire vum Carine Lemmer

D'Fro vun den Duebelmandater huet e ganz laange Baart. Schéi reegelméisseg taucht se op, spéitstens no Walen. Mä et beweegt sech näischt an deem Dossier. An dat obwuel et eng kloer Majoritéit am Parlament theoretesch gëtt, déi géint Duebelmandater ass, op d'mannst mol Buergermeeschter oder Schäffen a gläichzäiteg Deputéierten. Dat steet a Parteiprogrammer, gëtt ëmmer nees undiskutéiert, mä um Walsystem gëtt net gefréckelt an un den duebele Mandater och net.

D'Josée Lorsché, gréng Schäffen zu Beetebuerg an awer och gréng Fraktiounspresidentin an der Chamber, sëtzt den Ament tëscht zwee Still. Si ass als Schäffe géint eng Jughurtsfabrick an hirer Gemeng, muss als Deputéiert a souguer Fraktiounscheffin awer de Projet matdroen, well d'Regierung dat nu mol mécht. Si ass net déi éischt Politikerin, déi sou e Spagat probéiert ... e Spagat, deen net geléngt, well déi zwee Mandater, déi zwou Kape sech an dësem Fall bäissen. Och zwee Suessemer LSAP-Deputéiert hunn zum Beispill virun engem Joer e Vott an der Chamber iwwert de Käerjenger Contournement evitéiert. Als Mënsch, als Politiker kann een net op zwou Plaze verschidde Meenungen hunn.

An der Chamber gëtt et 60 Deputéiert. Just 17 hunn aktuell kee Mandat an enger Gemeng, waren deels awer scho Buergermeeschter. 43 (vu 60) sinn also och Kommunalpolitiker. 12 dovunner si Schäffen a 15 si Buergermeeschter, am Ganze sinn also 27 Deputéiert och Member an engem Schäfferot. Hunn also esou en Duebelmandat, wou eng Majoritéit sech eens ass, datt dat net kompatibel ass. Wéi et ass, wann ee Conseiller ass, doriwwer kann een diskutéieren. D'Gréisst vun der Gemeng spillt do och eng Roll.

De Problem mat den Duebelmandater ass hei am Land historesch gewuess. Et muss ee bekannt si fir an d'Chamber gewielt ze ginn ... an et léiert een an et mécht ee sech dacks en Numm an der Gemengepolitik. Lëtzebuerg ass kleng, d'Zuel vun deenen, déi iwwerhaapt bereet sinn, Politik ze maachen, ass limitéiert an d'Zuel vu gudde Politiker ass iwwersiichtlech. Wéi eng Partei wëll op en Deputéierte-Mandat oder op e Buergermeeschter-Stull verzichten? Ganz einfach: keng.

D'Aarbecht vun der Chamber gëtt jo och ëmmer nees a Fro gestallt. Kontrolléiert d'Parlament d'Regierung uerdentlech? Oder muss d'Majoritéit all Regierungsprojet ofseenen a Kritik ass net ubruecht? Eng Trennung vun de Mandater géif sécher och d'Chamberaarbecht valoriséieren. An zum Beispill engem Deputéierte méi Zäit ginn, fir sech mat den Dossieren ze beschäftegen.

Ouni Reform vum aktuelle Walsystem ännert sech awer sécher näischt un den Duebelmandater. Firwat attackéiert d'Politik de Walsystem an d'Duebelmandater net? Also maache mer sou weider wéi bis ewell ... léiwer heiansdo tëscht zwee Still sëtzen ... mä Haaptsaach do sëtzen.

Dat dréit net derzou bäi, datt Politik méi glafwierdeg gëtt.