D’Justiz- a Police-Datebanke musse besser encadréiert ginn. Fir dohinner ze kommen, däerf net onnëtz polemiséiert ginn. Schäinhelleg Kommunikatioun brauche mer awer och net.

AUDIO: De Commentaire vum François Aulner

Eng fréier CIA-Agentin sot emol: "De Problem ass, jidderee mengt, e wier de gudden“. Datt jideree seng Positioun, seng Haut verdeedegt, ass novollzéibar, mä net besonnesch nëtzlech fir d‘Allgemengheet. D’Oppositioun mécht hir Aarbecht, wa se Froen opwërft, politesch Picke sinn awer iwwerflësseg a gär Mol an d’eegent Fleesch geschnidden. Wann d‘Ministere Braz a Bausch Transparenz verspriechen, dann ass dat gutt. Wa se Froen erofspillen, dogéint net a se si gär kontradiktoresch. Zum Fichier Central vun der Police solle bis Oktober d‘Inspection générale de la Police an d’Dateschutzkommissioun Avisen op den Dësch leeën. Bei der Jucha-Databank (Justice Chaine Penale) gouf de selwechten Exercice net ugekënnegt. De Justizminister Felix Braz huet dës Kommunikatioun adoptéiert: Kee Skandal, näischt Illegales, näischt Verstopptenes. Circulez, y a rien à voir. Dat ass ze einfach.

Kontradiktiounen, wéineg Detailer, Illegalitéit

Skandaliséiert däerf de Mann sinn, dee bei engem Virstellungsgespréich mat Faite konfrontéiert gouf, fir déi hie ni veruerteelt oder jugéiert gi war. Och wann de Procureur Jeannot Nies en informatesche Feeler dofir verantwortlech mécht, datt hien un déi Donnéeë koum, sti mer virun engem schéine Widdersproch. Hie seet nämlech, et géing keen Dossier fir eng Persoun ginn, wou alles dra steet, mä am selwechte Saz seet hien: „mir kënne kucken, wat déi Persoun alles gestiicht huet“.

Näischt Verstopptenes? Fir de Grand public waren d’Datebanke bis zu dëser Affär net bekannt. Iwwert Jucha, de Fichier central bei der Police an de „Journal des interventions“ ginn et ëffentlech Tracen, mä kaum Detailer. Dank der Affär gëtt een elo lues a lues gewuer wéi eng Informatiounen drakommen, wéi laang se archivéiert ginn, wien Zougrëff huet a wéi kontrolléiert gëtt. Lo muss nach garantéiert ginn, datt keng Abuse geschéien an tatsächlech d‘Kontroll assuréiert ass.

Da si mer bei der Fro vun der Legalitéit: et steet elo scho fest, datt muss nogebessert ginn. D’Autoritéiten a Ministere soen zwar, et géing eng Base légale ginn, eng Rei Juriste gesinn dat awer ganz anescht. Et geet net duer, datt et eng Base legale gëtt. D’Qualitéit vum Gesetz zielt! D’Donnéeën, déi gespäichert ginn, musse pertinent sinn an dem Zil entspriechen, dat ee verfollegt. Och wann zanter dem neien Dateschutzgesetz vun 2018 sech vill deet, gouf onsen Informatiounen no bei der Police intern gär Mol – bësse satiresch – vun illegalen Datebanke geschwat.

Konklusioun

Parteipolitik a Kommunikatioun brauche mer elo net. Mir brauchen d‘Garantie, datt Police a Justiz hir ëmmer méi penibel Aarbecht gutt kënne maachen an esou fir Sécherheet kënne suergen. Mä gläichzäiteg brauche mer d’Garantie, datt béid gutt encadréiert sinn.