De Spëtzekandidatesystem fir d’Presidence vum EU-Kommissiounspresident schéngt dës Europawalen net z’iwwerliewen. Zwar huet d’Parlament nach net fir d’Ursula von der Leyen als Kommissiounspresidentin gestëmmt, mat der Wiel vum italienesche Sozialdemokrat David Sassoli als Parlamentspresident hunn d’Europadeputéiert awer schonn en Deel vum Package ugeholl, deen de Conseil proposéiert huet. Fir d’Demokratie wier et besser, d’Europaparlament géif fir de Spëtzekandidatesystem kämpfen, fënnt d’Fanny Kinsch a sengem Commentaire.

Gutt, elo soll dann an engem Aarbechtsgrupp gekuckt ginn, wéi e bessere Spëtzekandidatesystem fir déi nächst Wale kéint ausgesinn. Déi proposéiert nei Kommissiounspresidentin huet och scho gesot, si wéilt e Modell fannen, dee vun allen Institutioune gedroe gëtt.

Dat entschëllegt awer net wierklech, sech dës Kéier iwwert de System ewechzesetzen. Nee, et gi keng transnational Lëschten an et konnt net jiddereen an der EU fir ee vun de Spëtzekandidate wielen. Ma d’Spëtzekandidate vun de Volleksparteien, de Sozialdemokraten, de Liberalen, de gréngen, de Lénken an de Konservativen hu sech Debaten an Interviewe gestallt, si géinteneen ugetrueden an hunn hire Programm an der Ëffentlechkeet verdeedegt. D’Wieler haten op d‘mannst d’Geleeënheet sech e Bild vu Weber, Timmermans, Vestager, Keller & Co ze maachen. Bei der Ursula von der Leyen ass dat net de Fall.

2014 hat d’Parlament sech e bësse Muecht vis-à-vis vun de Staats- a Regierungscheffen erkämpft, andeems et de Spëtzekandidatesystem forcéiert huet. D’Stäerke vun der eenzeg direkt gewielter EU-Institutioun war e Gewënn fir d‘Demokratie. Elo huet de Conseil sech erëm iwwert de System ewechgesat – net nëmme well de Sozialdemokrat Frans Timmermans keng Majoritéit krut, ma och well déi Liberal, déi 2014 nach fir d’Spëtzekandidate waren, de System ënnergruewen hunn.

Nom Sommet en Dënschdeg huet de Lëtzebuerger Premier sech haart d’Fro gestallt, ob de Spëtzekandidat da sollt President vun der Kommissioun oder vum Parlament ginn; et wier jo d’Parlament, dat géif gewielt ginn. Eng Fro, déi schonn e wéineg iwwerrascht – och zu Lëtzebuerg gëtt d’Parlament gewielt an net d’Regierung, ma de Xavier Bettel ass nawell Premierminister, an net Chamberpresident…

E Mëttwoch den Owend huet dann de Comité directeur vun der LSAP e Communiqué geschéckt, deen och e wéineg iwwerrascht huet. Hei weisen d’Lëtzebuerger Sozialiste sech enttäuscht doriwwer, datt de Spëtzekandidatesystem, fir dee si agetruede wieren, net vun de Staats- a Regierungscheffe respektéiert gouf. Do freet ee sech dach, firwat d’Deputéiert vun der LSAP, dorënner och ee Kandidat fir d’Europawalen, kuerz virun de Walen an der Chamber géint eng Oppositiounsmotioun gestëmmt hunn, déi d’Regierung opgefuerdert huet sech dorun ze halen…

Natierlech bleift nach vill ze maachen, fir d’Demokratie an d’Participatioun vun de Bierger an der EU ze stäerken. De Spëtzekandidatesystem war awer e Schrëtt an déi richteg Richtung an et wier gutt, wann op d'mannst EU-Parlament dofir kämpfe géif.