Ju-Cha…, zanter e puer Wochen e Begrëff, deen et sécherlech an all Joresréckbléck wäert packen. Wat et genee ass, wien Zougang huet, wéi dësen opgestallt ass a wéi d’Gestioun vun där Datebank leeft, doriwwer ginn et, trotz sëllechen Explikatiounsversich vu Politik a Justiz, nach ëmmer déi wëllste Spekulatiounen.

An et gëtt een d’Gefill net sou richteg lass, dass hei net mat oppene Kaarte gespillt gëtt, fënnt de Joël Detaille a sengem Commentaire.

Eng Pressekonferenz vum Parquet général, wéi et se virun annerhallwer Woch gouf, fir eben deen ominéise Ju-Cha ze erkläerten, dat huet absoluten Seelenheets-Wäert. Ech ka mech net erënneren, dass et, a wéi enger Affär och ëmmer, an de leschten 10 Joer eng Explikatiouns-Réunioun fir d’Press vum Parquet général ginn hätt. Derbäi kënnt e puer Deeg drop souguer nach emol en Explikatiouns-Schreiwes, well et nach oppe Froen géif ginn.

Elleng dat wéisst, wéi quokeleg de ganzen Dossier ass. D’Procureure générale d‘état an hiren Adjoint hu sech also net detailléiert genuch ausgedréckt.

Et kënnt derbäi, dass partei-politesch Polemik net ausbleift. D’CSV-Oppositioun klappt op d’Regierung, wuel wëssend, dass och Si laang Jore mat responsabel waren, fir déi Datebanken.

Dass bei esou enger Affär net sachlech diskutéiert gëtt, dat ass am politeschen Alldag leider normal.

D’Vollek, also mir alleguer, wëllen awer wëssen, wat an deem Ju-Cha steet, respektiv am Police-Fichier, a virun allem, firwat anscheinend Saachen dra stinn, déi ni juristesch belaangt goufen. Wéi eis de Fall vun engem Mann, dee net huet dierfen op d’Nationalfeierdagsfestivitéiten an d’Philharmonie, gewisen huet.

E gréissere Problem schéngt d‘Kommunikatioun ze sinn, an zwar tëscht all den involvéierten Acteuren. Tëscht Justiz, Ministeren, Deputéierten an der Press.

Firwat stellt eng CSV an der zoustänneger Chamberkommissioun de Ministere Braz a Bausch keng konkret Froen, obwuel se vun de Ministeren e puer mol derzou opgefuerdert ginn. No-ze-liesen am Verbatim vun der Kommissioun um Internetsite vun der Chamber.

Firwat seet d’Regierung an de Parquet, déi Fichieren wiere net nominell opgestallt, also soe mer, net no Nimm zortéiert, an d’Kontroll-Autoritéit vun der juristescher Date-Protektioun zielt der Chamber genee de Contraire.

Wëssen déi Concernéiert et wierklech net, oder gëtt mat der Wourecht éischter jongléiert. Firwat ass bis haut nach ëmmer net kloer, wien Accès op déi Datebanken huet, a wien de Kontroll vun deem Accès reegelt.

Froen, déi bis haut net beäntwert sinn, wou d’Politik an d’Justiz awer gutt dru géingen doen, se kloer ze stellen.

De Felix Braz huet bei eis op der Antenn e Samschdeg virun enger Woch kloer betount, dass et näischt Geheimes géif ginn. Kloer Transparenz gesäit awer leider och anescht aus...

Wéi géif eise Marc Thoma derzou soen : affaire à suivre…