"Wat en Aarmut gouf haut an der Chamber gebueden", fënnt de Roy Grotz um Dënschdeg. Amplaz faktuell ze debattéieren, muss sech zermault ginn. Schéin, wann emol d'Fatze fléien, well "streiden" ass ëmmer gutt... Wann et just "konstruktiv" wier...

... ass et awer net an da stëmmt et, wéi et an engem Buch vum Deputéierte Wilmes housch:
C wéi Crémant, mee zanter haut och C wéi Chaos oder C wéi eng eenzeg Calamitéit - anescht kann een dat net bezeechnen, wat den Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber gebuede gouf, gratis a live am Stream heem geliwwert.

Eng Plenière, wou u sech sollen d'Argumenter zielen, wou Texter fir Land a Leit gestëmmt ginn, mee sécher keng Bühn fir Laien-Acteuren, déi an engem Bauerentheater mol keng Roll kréichen.

De part et d'autre ass d'Schold un deem onwierdegen Eclat ze sichen, deen een iwwerfuerderte Chamberpresident  - mat onschéine Remarke vu sengem Virgänger - probéiert huet, an de Grëff ze kréien.
Natierlech goung et absolut net ëm de Vott iwwert den Ordre du Jour, mee villméi ëm den Ëmgang vun der Majoritéit mat sensibelen Dossiere wéi de Casieren, déi bis dato am Secret waren, mee op déi vill Fonctionnairen a Leit vum Parquet Accès hunn. Kloer och: alles op der Mëscht vun der CSV mat gewuess, eng Partei, déi elo wëll duerch Transparenz punkten, mee doranner net wierklech credibel ass, woumat d'Oppositiounsparteien awer Recht hunn, ass de Fanger an d'Wonn ze leeën an opzeweisen, datt déi semi-geheim Fichiere sécher net gutt genuch legislativ encadréiert sinn, deen evasive Cours vun de grénge Ministere Braz a Bausch, déi op Zäit spillen an net sou richteg z'iwwerzeege wëssen, weist, wéi richteg d'Oppositioun läit.

Jiddweree soll sech selwer e Bild dovunner maachen, wat den Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber offréiert gouf, "eng richteg lieweg Demokratie". Ob d'Dier ze klaken, wann d'Faass iwwerleeft, oder ob erofloossend Remarken vun der Majoritéit vill derzou bäidroen, d'Bild vun der Politik ze stäerken, woen ech unzezweiwelen, ëmmerhin sinn dës Deputéiert jo d'Spigelbild vun deem, wat mir gewielt hunn. Mat fester Stëmm hätt de President Etgen missten "Order" brëllen, mee och dat hätt näischt gedéngt. D'Gemidder waren ze hëtzeg, ze grouss, de soi-disant Gruef tëscht der Arroganz vum Pouvoir an dem Onverméigen vun der Oppositioun, fir sech argumentativ Gehéier ze verschafen.
Ganz, ganz schappeg allemol, wat en Dënschdeg um Krautmaart gebuede gouf, oder eng Léierstonn fir all déi, déi nach Douten drun haten, datt d'Fuerderung no Transparenz an Dateschutz einfach am Mier vu Parteien-Muechtspillercher ersoff gi kann.