Iwwert e Stau op enger gewinnter Plaz, mä zu enger ganz ongewinnter Zäit, mécht sech eise Journalist vun RTL.lu esou seng Gedanken.

Mëttwochs Mëttes, kuerz no 14 Auer. Plaz: Rondpoint Biff zu Käerjeng. Ëm déi Auerzäit sollt een u sech ouni Problem kënnen duerch dëse Rondpoint fueren, fir säi Wee dono fortzesetzen. Hat ech geduecht.

Wéi ech vun der Biff erof Richtung Rondpoint gefuer sinn, koum de Schock: Hei geet net vill. Direkt hunn ech un de Lieserbréif geduecht vum Här Jean-Paul Thies vu Rodange, deen e Mëttwoch de Moie bei de Kollege vum Wort publizéiert gouf a mech jo u sech gewarnt huet, fir dës Plaz z'evitéieren. Net méi dru geduecht, mäi Pech.

Also hunn ech hei e puer Minutte verbruecht, fir déi puer Meter an de Rondpoint, duerch de Rondpoint an op d'A13 ze packen. U sech net esou schlëmm. Ma du koum dat, wat mech verwonnert huet. Den Tunnel Biff war a béid Richtunge gespaart, wat och eng jonk Madamm mer um Radio zu deem Ament erzielt huet. Ech sollt déi Plaz am beschten evitéieren. Réckstau bis Sortie Suessem, also genau esou, wéi owes am beschte Beruffstrafic.

An nees ass mer de Lieserbréif vum Här Thies vu Rodange agefall. Streck Lénger - Uewerkäerjeng ass zou. Deviatioun: Iwwert d'A13 oder duerch Péiteng, respektiv aus der anerer Richtung duerch Käerjeng, an an alle Fäll: duerch de Rondpoint Biff... Autsch, hunn ech mer geduecht. Hei hu se et also nees fäerdeg bruecht, fir eng Deviatioun an d'Deviatioun anzeplangen. Gutt geschafft.

Et ass net déi éischte Kéier, datt mir esou eppes opgefall ass, datt et Chantieren an den Deviatiounen oder eben op aner, net ausgeschëlderten alternative Strecke gouf. Ee Beispill erausgegraff, wat ech rezent selwer erlieft hunn: D'A4 a béid Richtunge gespaart, esou wéi och op der Alternativ: d'Lonkecher Strooss zu Helfent.

Ech gesi schonn an, datt verschidde Chantieren a Reparature musse gemaach ginn an awer stellen ech mer bei esou Situatioune meng Froen: Schwätzen do verschidden zoustänneg Servicer beim "Ponts et Chaussées" an/oder de Gemengen net mateneen? Gëtt den Impakt op de Verkéier ënnerschat? Gëtt de Verkéier selwer ënnerschat? Oder huet den Här Thies a sengem Lieserbréif awer Recht: Mir brauchen ausgebilte Verkéiersplaner bei den zoustännege Servicer, déi de Chaos evitéiere sollen.