Nach eemol schlofen an dann ass et endlech esou wäit – d’grouss Vakanz fänkt och fir d’Primärschoulkanner un, nodeems d’Lycéesschüler schonn en Dënschdeg entlooss goufen. Fir Leit, déi zu de klasseschen Zäiten op d’Aarbecht wëlle kommen, ass dat eng agreabel Erliichterung – egal ob mam Vëlo, mam Bus oder mam Auto, et kënnt een einfach besser duerch den Trafic. D’Eltere kéinten déi zwee Méint notzen, fir iwwert hir Gewunnechte beim Transport an d'Schoul nozedenken, fënnt d’Fanny Kinsch an engem Kommentar.

AUDIO: De Commentaire vum Fanny Kinsch

Dëst Joer gi mer alleguer esouguer nach éischter entlaascht – well de 15. Juli op e Méindeg fält, gouf decidéiert, d’Kanner an d’Enseignanten awer scho virum Weekend an d’Vakanz ze schécken. Da gëtt ee wärend zwee Méint mat bedeitend manner Trafic verwinnt. Déi sportlech ënnert eis, déi sech mam Vëlo op de Wee op d’Aarbecht maachen, mussen e bësse manner Ofgasen anootmen. Op deene sëlleche Stroossen am Land, op deenen et keng Busspur gëtt, steet ee sech net méi grad sou laang d’Been um Arrêt an de Bauch. A fir d’Klimasünder, déi aus méi oder wéineger gudde Grënn, trotz Aartestierwen an Äerderwiermung, nach mam Auto op d’Schaff fueren, rullt et och méi séier. Besonnesch gëtt et awer och eng séilesch Entlaaschtung fir déi, déi um Wee fir op d’Aarbecht laanscht eng Schoul musse fueren.

Well do bleift engem schonn emol heiansdo d’Häerz kuerz stoen. Och wann et iwwerall am Land gratis Schoultransport gëtt, kënne vill Elteren et net loossen, hir Kanner mam Auto an d’Schoul ze begleeden – am beschte mam Porsche Cayenne bis an de Klassesall eran. Duerch dëse perséinleche Chauffer-Déngscht gesinn d’Kanner hir Eltere vläicht e puer Minutte méi laang, ma am Interêt vun hirer Sécherheet ass et net onbedéngt. Wuel hu vill Schoule mëttlerweil sougenannte Kiss&Goen, ma wann dës voll sinn an d’Elteren am Stress, ginn d’Kënnercher dann awer bei der nächster rouder Luucht séier séier aus dem Auto gepucht a séier nees weider.

E klengt anekdotescht Beispill, dat mir dann awer besonnesch an Erënnerung bliwwen ass: e jonke Papp, deen d’éischt an enger schaarfer Kéier versicht z’iwwerhuelen, wéinst Géigeverkéier awer muss hannendru bleiwen, iwwerhëlt da bei der rouder Luucht vun engem Chantier an düüst iwwert déi schmuel Spuer a Richtung Schoul, stellt sech op eng Parkplaz vis-a-vis vum Gebai, déi eigentlech fir Leit mat enger Behënnerung reservéiert ass, an tippt do seng Kanner aus. Gutt, en hat en SUV, et konnt ëm also selwer bal näischt geschéien. Firwat een e SÜVche brauch, fir seng Kanner an der Stad an d’Schoul ze bréngen, a mol net am Éislek, ass dann nach eng aner Fro.

Léif Elteren – fir d’Sécherheet vun Äre Kanner, fir d’Nerve vun Äre Matmënschen am Verkéier, notzt déi zwee Méint ouni Schoulstress fir Iech z’iwwerleeën, wéi Är Kanner kéinten an d’Schoul kommen ouni perséinleche Chauffer. Wann der e bësse méi Zäit moies mat Äre Kanner wëllt hunn an net schonn um Busarrêt wëllt Äddi soen an zu Fouss goen ze laang dauert, kënnt der Iech jo e Beispill huelen un deene virbildlechen, dynamesche Mammen a Pappen, déi hir Kanner mat deene verschiddenste Variante vu Vëlo a Pedelec an d’Schoul begleeden. U si natierlech e grousse Merci.