Ugangs September a Rentrée, dat ass bal datselwecht, iergendwéi Neijoerschdag matzen am Joer, eng Zäsur, eppes geet op en Enn, eppes Neies fänkt un.

AUDIO: Commentaire vum Nico Graf

Wann ech d'Fouer alt erëm eng Kéier glécklech verpasst hunn, wa mueres décken Niwwel am Sauerdall ass iwwerdeems op den Héichten d' Sonn schéngt, wann ee sech Dag fir Dag wonnert, datt de Verkéier fir op de Kierchbierg iergendwéi nach ëmmer leeft wéi wann näischt wier - an elo kee Wuert iwwer dat bänzegt Kaweechelchen, dat duerch de Gard bëselt; an de Pijebam hänkt voller Pijen mä den Äppelbam huet keen eenzegen Apel - wat war do geschitt am Fréijoer? Keng Beien oder Frascht? – jee, et muss Hierscht sinn an et stellt sech d' Fro, wat dat do da fir e Summer war. Zwou contraire Impressiounen: eng enorm Hektik op eenzele Sujeten an hei am Land waren d'Trottoirë seelen esou eropgeklappt wéi dëse Summer.

Hektik an Diskussiounen also, zum Beispill, wéi e jonkt Meedche mam Seegelboot iwwer den Atlantik geschippert ass. Et huet e grad gemengt, d' Wikinger wéilten doriwwer nach eng Kéier Eric-le-Rouge-méisseg de Kontinent iwwerfalen.

Brexit-Hektik a Groussbritannien. Ëmmer erëm eng nei Peripetie an et geet esou weider an et reift ee sech d'Aen, wéi eng grouss demokratesch Traditioun ze Schan geridde gëtt.

A bei all deem Ge-Trumps a Ge-Johnsons a Ge-Orbans a Bolsonaros a Salvinis op eemol d'Erliichterung, datt awer net Happ a Malz verluer ass an der Welt. Well grad dee Salvini fält iwwer seng éige Féiss an Ambitiounen a grad och dem englesche Boris geet et mat senger Muecht-Gelüsten net séier genuch a se trëllen allen zwee a Märder-Grouwen, déi se deenen aneren dohinner gestallt haten. De Salvini fort, de Johnson gebremst - dat goung nëmmen, well sech och eng staark Oppositioun géingt déi egomanesch Machoe wiert. An et denkt een, gutt esou, prima, an et hofft een datt à la longue um Enn vun deenen Dramaen net awer nach déi ondemokratesch Tendenze gewannen.

An de ganze Summer erduerch ass iwwer déi inevitabel Klima-Katastroph diskutéiert ginn. Wat éischtens um Klima, zweetens, siehe oben, um Greta geleeën huet an och um Bolsonaro sengem Getootz iwwer d'Feieren am Amazonas. Elo kommen esouguer déi konservatiivst Parteien net méi laanscht de Sujet. D'CSU doriwwer zum Beispill, déi sech iwwerschléit mat Ëmweltschutz-Proposen. Wéi wann een d'Paroul ausginn hätt, eng zukünfteg Koalitioun mat de Grénge kéint een net fréi genuch preparéieren. Dat alles um reelle Fong vun Insekten, déi ausstierwen, an d' Vulle mat an de Bësch och. Erëm. Well dee war jo schonn emol dout. An huet iwwerlieft. Haut gëtt et awer eng Kombinatioun vu Facteuren, déi schéngt méi eescht ze sinn: déi déck Hëtzt, déi mer dëse Summer alt erëm haten, kee Reen an de Borkenkäfer, deen sech duerch d' Beem frësst. An do erëm deeselwechte Kontrast: gëtt sech hei am Land driwwer opgereegt? Nö. Et ass wéi wann näischt wier. An dann ass ee mam Vëlo ënnerwee an iwwerall gesäit ee futtis, verdierte Beem, ganz Gruppe vu verdréchente Beem, matzen am Bësch. An et seet ee sech, dee nächsten Hierschtstuerm, dee raumt do op. An et ass de Constat, datt de Klimawandel och op eisem klengen Territoir ukomm ass: Iwwerschwemmung am Ärenzdall, Katastroph am Mëllerdall, Tornado zu Käerjeng – do kann ee wuel net méi vum Wieder mä et muss ee vum Klima schwätzen. An ech hoffen, datt eis Parteien de Courage hunn déi butzeg Lëtzebuerger Hand mat unzepaken, fir datt sech de Wand nach dréit. Quitt datt ech skeptesch sinn, datt mer dat maachen. Ze gemittlech sinn d' Nischen an déi mer eis ëmmer setzen an déi aner kënnen eis fidderen oder matretten oder a Rou loossen.

Wat mech dëse Summer awer am meeschte schockéiert huet war den Infarkt vum Felix Braz. Als schlëmm an traureg Geschicht u sech. Mä och, datt ech e Gedanken hat, deen ech hat ier ech e geduecht hunn, dësen: dann hu se de Felix Braz also elo definitiv kleng kritt. An da seet eng kleng Stëmm mer, ech soll ophale mat deem Gedanken, et gëtt keen einfache cause-à-effet-Link. Gesondheet a Krankheet wieren ze komplex fir monokausal Explikatiounen. Okay, okay, also: de Felix Braz hat säin Infarkt net wéinst der Casiers-Diskussioun.

Trotzdeem: wann de Betrib elo erëm ufänkt, manner Stress a manner Opreegung – dat wier gutt. Et muss e jo net iwwerdreiwen a frëndlech matenee sinn.