De permanente, verbalen Tabubroch ass Tromp. An dat ass net onbedéngt eppes Guddes, mengt a sengem Commentaire den Nico Graf.

De Commentaire vum Nico Graf

Am Fong misst ech mech freeën, ech si jo Journalist, Radiosjournalist, a wann d'Leit vun der Long op d'Zong schwätzen, da kommen do déi schéin Extraiten eraus. O-Töne, Cutten, wéi mir aner se gär hunn. Dat ass da lieweg a säfteg an net deen anemeschen Huel-Talk, deen een normalerweis vu Politiker kritt.

An der Lescht awer ass et dës Gudden, wat soen ech, dës Schlechten ze vill. Do ginn einfach vermeintlecht einfach Wourechte gesot. Sympathesch ass dat dann, wann eise Jean-Claude dem Viktor Orban eng op de Bak gëtt an en Diktator nennt. Vläicht haten e pur Medikamenter gehollef, do eng Wourecht ze soen, déi sech soss keen traut, haart ze soen. Soit.

Wat awer anerer opféieren, dat ass Programm. De Bolsonaro, deen et wierklech fir en ëmweltpolitescht Argument hält, iwwer dem Macron seng Fra ze lästeren. Den Duterte, deen op de Philippinnen egal wat seet a maache léisst. Den Trump-Imitator Boris Johnson, dee ganz déif an d'Krisen- a Krichsmetaphorik gräift, fir säi Land an e Brexit ze dreiwen, deen nëmmen d'Halschent vun de Wieler wollten. An de Salvini an Italien. An d'AfD doriwwer. An de Jean-Marie Le Pen, dee war et vläicht, deen dermat ugefaangen huet, nach virun den Egal-Wat-Internet-Zäiten, Ongeheierlechkeeten ze soen. Klammer op: Internet, mä dat ass e Sujet fir sech, ech weess net, wien do wiem noleeft, d'Politiker de User, déi keng Schimmt a keng Retenue méi hunn, hiert reaktionärt Geméch ze verzapen oder sinn et awer déi Kleng, déi deene Grousse nolafen, nom Motto: wat de President sech erlaabt, dat wäert dach wuel kee mir verbidden.

D'Süddeutsche Zeitung huet dat, wat do geschitt, e Méindeg a véier Wieder resüméiert: stetige Ausweitung des Sagbaren huet hire Commentateur dat genannt. D'Grenze vun deem, wat sech getraut gëtt, ze soen, verschwannen no a no.

Et kënnt awer elo an der Politik eppes derbäi, wat engem wierklech Suerge maache muss. Et ass esou jo, datt dës spéculation à la bassesse fonctionnéiert. Am schéinsten ze studéiere beim Trump a beim Johnson. Si setze carrement op xenophob, rassistesch, machistesch oder och verluge Kaarten an dat net, fir bei hire Wieler domat gutt unzekommen. Nee, si maachen dat, well se mat hiren Tweeten an Tirade gutt ukommen an dowéinst un der Muecht bleiwen. Et muss een unhuelen, datt si Zirkus an Zodi, Skandal an Opreegung opféieren, datt si ëmmer alles express op d'Spëtzt dreiwen, ebe well se domat am Gespréich bleiwen an no Riets polariséieren a mobiliséieren. An d'Sondage soen, datt se domat Succès hunn.

Et gëtt do Phänomener, déi ech iwwerhaapt net verstinn, zum Beispill, datt Frae mat dem Button Women for Trump hannert deem hierlafen. Wéi wann et eng Nostalgie nom staarke Mann géif ginn, deen à la rigueur e bëssi iwwergrëffëg gëtt, metoo verkéiert quoi. Fric a Muecht, déi frech, ongehuwwelt a riichteraus brongelzeg optrieden, dat schéngt immens attraktiv ze si fir kleng Leit, déi struewelen a sech ëmmer nëmme geduckt hunn.

A wann een dann esou driwwer nodenkt, dann ass een als Wieler an als Journalist nawell zefridden, datt et hei am Land meeschtens ziviliséiert ofleeft, e bësse Langweil, e bëssen Gequisels, e bësse Ronderëm-de-Bräi huet een da léiwer, wéi all déi protofaschistesch Tabubréch.