Manner fléien, manner Auto fueren, manner Plastik verbrauchen – Mesuren, déi ëmmer erëm widderholl ginn, wann et drëms geet, eppes fir de Klima ze maachen. Eng Moossnam gëtt dem Claudia Kollwelter no allerdéngs net genuch thematiséiert – manner Déiereproduiten ze consomméieren.

Commentaire vum Claudia Kollwelter

An dobäi dréit déi enorm Consommatioun vun Déiereproduiten zum Klimawandel bäi, dat steet ausser Fro! Dem neiste Rapport vum Weltklimarot no ass ee Véierel vun den klimaschiedlechen Emissiounen op d’Land- an d’Bësch-Wirtschaft zréckzeféieren. Ronn 70% vun den direkten Zärgasemissiounen vun eiser Ernierung komme vun Déiereproduiten – heescht Fleesch, Mëllech, Eeër! Wëssenschaftler no si bis zu 15.000 Liter Waasser néideg, fir just 1 Kilo Rëndsfleesch ze produzéieren! D’CO2-Bilanz vun den Déiereproduite fält duerch den Transport, d’Verpackung, den Ubau vu Fudder, d’Fudder, dat importéiert gëtt, nach méi schlecht aus.

De Mënsch notzt weltwäit 59% vum Land fir den Ubau vun Déierefudder.

Entsat a schockéiert waren d’Leit nach viru puer Méint iwwert d’Biller vun de Bëschbränn am Amazonas. Mee wéi vill waren oder si sech bewosst, datt Brasilien de gréissten Exporteur vu landwirtschaftleche Produite fir d’europäesch Unioun ass?

Hautdesdaags grasen déi meescht Déieren net méi op der Wiss, mee gi mat Soja oder Mais gefiddert, bis se geschluecht ginn. Produiten, déi de Mënsch eigentlech och direkt iesse kéint a wouduerch vill Energie an Emissiounen agespuert kéinte ginn.

Doriwwer eraus huet d’Produktioun vun Déieren och aner Konsequenzen. E Beispill: 70% vun de weltwäit produzéierten Antibiotike kréien Notzdéiere gesprëtzt oder an d’Fudder gemëscht – wouduerch hir Wierksamkeet bei mënschleche Krankheeten ofhëlt.

An trotz Fakten a Warnunge vum Weltklimarot ass et e Sujet, deen net dacks thematiséiert gëtt an un deen d’Politik sech net sou richteg eru wot.

Eis Ernierung ass natierlech e ganz perséinleche Sujet, e Sujet, deen d’Leit an hirem Alldag trëfft an deen dofir och vu villen als Agrëff an hir Fräiheet a Gewunnechten empfonnt gëtt.

An da stécht natierlech och eng riseg Industrie hannert der Produktioun vu Fleesch, Mëllech, Kéis, Eeër an domat och Fleesch- a Mëllech-Lobbyisten.

An déi schaffen dichteg drun, de Mythos oprecht ze behalen, datt Déiereproduiten eis grouss, staark a gesond maachen – woubäi de Contraire ëmmer méi dacks bewise gëtt.

En Usaz vun der Politik wier et zum Beispill, a Schoulen a Kantinnen nëmmen nach eemol d’Woch Produite vun Déieren unzebidden an domat Alternativen ze promouvéieren.

Bis zum Enn vum Joer wäert d’Lëtzebuerger Regierung en detailléierte Pak u Mesurë vum Klimaplang presentéieren – eng Reduzéierung vun Déiereproduite wier net just fir de Klima, mee doriwwer eraus och fir d’ëffentlech Gesondheet e wichtege Pilier, dee méi dacks a méi detailléiert misst ugepaakt ginn.