Si schreiwen herno hir Memoiren, fueren duerch d'ganz Welt a spille Conferencier. Eis Politiker, déi Merci an Äddi gesot hunn. Oder gesot kruten. Wat bleift - de Commentaire vum Nico Graf.

Commentaire vum Nico Graf - Wat bleift

Zulescht hu se den Trottoir virun eisem Haus reparéiert, mat Bëtong, deen op der Plaz gegoss ginn ass a mir näischt dir näischt ass eng Kaz derduerch gelaf an hir Tatz, déi kann een elo am Bëtong virun der Hausdier gesinn, eng Spur, déi elo no a no vum Reen a vun den Autoe verwëscht gëtt. Déierespuren an eppes Festem – dat ass näischt wat Archeologen iwwerrascht. Si fannen esou dacks Honds- a Kazepatten a réimeschen Zillen, datt se sech froen, ob d'Zillebäcker deemools net express Déieren duerch d'Zillen lafe gelooss hunn, fir eppes Lieweges am Gebakenen agedréckt ze hunn. D'Archeologen, déi si wéinst der Multitude vun deene Spuren zimlech "abgebrüht", verwinnt, hunn alles gesinn a freeë sech net méi iwwer eng Tatz an der Zill.

Ech muss zouginn, datt et mir do ganz anescht ergeet. Et leeft mir kal de Réck erof vu Freed, wann ech esou eppes gewise kréien. A wéini hat ech eng Zill an der Hand, wou dräi Fangerofdréck vun engem Mënsch drop sinn, also engem klengen Handwierker oder Handlaanger vun deemools, engem konkrete Mënsch, dee virun 1.800 Joer mat enger nach net ganz gebaakener Zill hantéiert huet. An am léifste wéilt ech alles iwwer dee Mënsch wëssen, dee Klengen, dee fir räich Leit am Treverer Land Daachzille fabrizéiert huet.

A wat soll ee soen iwwer d'Foussspuren, déi se elo zu Schieren am réimesche Bëtong fonnt hunn. "Un petit malin" wier do express derduerch marschéiert, sot op der Plaz eng Archeologin. Wien? Firwat? Wat fir eng Schonggréisst? Herno vernannt ginn oder net? Männlein oder Weiblein? Fils vum treveresche Proprietär oder klenge galleschen Déckkapp, dee mat de Féiss Resistenz gemaach huet géint déi besser Hären, déi all zweeten Dag op Tréier fueren a soss Party feieren, an der grousser Stuff vun der Villa mat de ville Fresken?

Wie sech elo freet a sech froe léisst, wéi eng Bréisseler Spuren hien dorëmmer gelooss huet an ob déi méi laang duerhalen, wéi eng Patt am Bëtong, dat ass eise JCJ.

Et huet ee jo nach guer net genuch Recul, fir dat ze bewäerten. Nëmmen ee Beispill: hien hätt am Handelskrich den Trump kleng kritt, huet een héieren a gelies an hie schéngt dowéinst houfreg ze sinn. Mä op déi Victoire "à la longue" eng bleift – à voir.

Wat awer schlëmm muss sinn fir eise Jean-Claude, dat ass dat, wat hien am Fong ëmmer bekämpfe wollt, net zulescht hei am Land, wou et déi wéineg honorabel Tendenze jo och gëtt. Et ass dat, wat sech den Ament esou breet mécht an Europa, also den Nationalismus, plazeweis scho Faschismus, Attacken op Moscheeën a Synagogen. An dat no deem 20. Joerhonnert. Do hu mer all versot.

Dummer Nationalismus, huet hien dat genannt, seet am "Spiegel" awer, hien hätt wëllen dumpfer Nationalismus soen. Mä wat heescht dumpf?

Dréif, dompeg, stompeg, bruckeg, topeg, däischter, verbruet – et gëtt keng richteg Iwwersetzung fir dat Wuert, ech hunn d'Kollege gefrot. A mir wëssen trotzdeem, wat e mengt mat senger Warnung, déi am Fong heescht: Denkt no, denkt iwwerhaapt eppes, informéiert iech, laaft net de bronge Musikanten no, déi Raten aus iech maache wëllen. A kuckt, wou der hierkommt, wou är Spuren am Passé sinn, ier der iech fir eppes Besseres haalt.

Hien hätt ëmmer esou gär Karl May gelies, seet hien. Also och dat Buch, wou den Old Shatterhand vun enger Rothaut geléiert gëtt, Spuren ze liesen.