De PIB du Bien-Être, d'Wuelbefannen op der Aarbecht an d'Aarmut waren an de leschte puer Wochen um Ordre du Jour an der Chamber an och an der Press. Iwwerall ginn déi selwecht Constate vun de Politiker gemaach, ma änneren deet sech am Endeffekt näischt, fënnt d'Annick Goerens a sengem Commentaire a fuerdert Courage!

AUDIO: Commentaire vum Annick Goerens (18.2.2020)

D'Aarbecht gehéiert an eiser Gesellschaft zum Mëttelpunkt vum Liewen. Genee esou ass et och vum Kapitalismus gewollt. Liewen, fir kënnen ze schaffen, ass d'Devise, amplaz schaffen, fir ze liewen. Mir musse schaffe goen, fir eis Wunneng kënnen ze bezuelen, soit als Loyer, soit fir ee Prêt ofzebezuelen, bis mer wäit iwwer 60 Joer al sinn. Mir mussen schaffen, fir ze spuere fir den Alter, well en Zëmmer an engem Altersheem vu minimum 2.500 Euro, pardon Madame Cahen, mä dat kann net all Mënsch sech leeschten. Mir musse schaffen, fir den Auto ze bezuelen, mat deem mer e puer Stonnen am Dag am Trafic hänken, fir op d'Schaff ze kommen, fir d'Assurancen ze bezuelen, d'Iessen an d'Gedrénks, d'Rechnungen... also fir ze liewen.

Ma genee dat Liewe kënnt ëmmer méi ze kuerz. Mir dréinen am Hamsterrad, schaffen, schaffen, schaffen, am Trafic stoen, am Supermarché stoen, dertëscht e bëssi Sport, wie Kanner huet, féiert déi nach lénks an riets... ma hannen a vir feelt et un Zäit. Besonnesch d'Kanner leiden dorënner, dass d'Elteren et sech net méi leeschte kënnen, fir net méi zu 2 schaffen ze goen. An da ginn et nach déi sougenannte working poor, also déi, déi och am Hamsterrad dréinen an esouguer domadder mol net d'Enner beienee kréien. Burn out an Depressioune sinn mëttlerweil Vollékskränkten. Vum Suicide, een Tabu-Thema hei am Land, guer net ze schwätzen. Enn Januar hate bannent enger Woch 4 Leit hirem Liewen een Enn gesat. Statistesch gesinn sinn et der 2 d'Woch. De gréisste Risiko-Grupp ass fir Leit tëscht 40 a 59 Joer.

Den Impakt op d'Ëmwelt, deen dës Mentalitéit mat sech bréngt, ass och net z'iwwersinn an och déi huet mëttlerweil scho Repercussiounen op eis Gesondheet.

Alles, wat ech hei soen, ass kengem nei. Och net de Politiker. Ma genee un hinnen ass et, fir net just kleng Plooschteren op d'Wonnen ze pechen an hei an do eng Mesure ze huelen, wéi zum Beispill Co-Working spaces ze schafen, Télétravail ze promouvéieren, an nei Spueren op der Autobunn ze schafen fir den Trafic z'entlaaschten... an ze hoffen, dass et iergendwann besser geet... Mä et ass un der Zäit, fir de Gesellschaftsmodell a Fro ze stellen an z'agéieren. Entschleunegen, e Gang erofschalten, méi Zäit hunn... dat geet net, wann d'Devise vum Land eng Gewënn-Maximéierung ass. Dat geet net, wa mer liewen, fir ze schaffen.

Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit ass keng Léisung, well domadder ginn dacks just d'Dieren opgemaach, fir dass d'Employéen nach méi laang schaffen. Mä et ass wéi ëmmer eng Fro vu Courage. Skandinavien ass e Virbild, wat dat ugeet, och dat ass kengem nei. E 6 Stonnen-Dag beim selwechte Loun ass bis ewell e Succès. Méi Produktivitéit, manner Ausfäll wéinst Krankeschäiner, manner Stress, manner Feeler op der Aarbecht a manner Accidenter. Op laang Siicht kéint esou eng radikal Reform esouguer seng finanziell Friichten droen, wéi Etüde weisen.

Mä wei gesot... et brauch Courage an e kollektive Wëllen.