D'Fermeture vun den Agencen ass d'Resultat vun engem Trend, deen een net ophale kann. Den Trend misst awer méi demokratesch matbestëmmt ginn.

D'Spuerkeess mécht 11 Agencen zou, 54 bleiwen op. D'Roserei vun de betraffe Leit ass absolut nozevollzéien, mä den Trend ass leider net opzehalen. Et geet net drëm den Trend opzehalen, mä matzebestëmmen, seet de François Aulner an dësem Commentaire… Mä dat decidéiert net d'Spuerkeess.

De Commentaire vum François Aulner

Bankagencë ginn zanter Joren op ville Plazen zougemaach (oder fusionéiert), well Guichete just nach 20 bis 50 Mol den Dag besicht ginn. Dat ass de Fall a ländleche Regiounen oder an Uertschaften, wou d'Politik näischt konnt géint den Ofbau vun der lokaler Ekonomie maachen. Oder bewosst nogekuckt huet.

De Präis fir d'Fermeture vun den Agencë bezuelen déi Leit, déi nach an de Guichet gaange sinn, dorënner déi, deenen een zu Recht net nach een technologeschen Update soll zoumudden. E Präis bezilt natierlech och d'Personal, dat – wann et net entlooss gëtt, sou wéi dat bei der Spuerkeess de Fall ass – trotzdeem säi Liewe muss ëmstellen.

Ideal wier, wann d'Guicheten iwwerall ëmmer op wieren. A wa just nach eng Persoun heiansdo de Guichet besicht. Leider ass et, aus ekonomescher Siicht a realistesch gesinn, e Verloschtgeschäft. An ass et iwwerhaapt flott fir en Agent, de ganzen Dag d'Luucht auszekucken?

Turbokapitalismus

D'Aart a Weis, wéi d'Spuerkeess d'Fermeture vun den Agencen annoncéiert huet, kann ee kritiséieren, mä zum Fong muss ee fairerweis soen, datt d'Bank scho méi lues wéi déi meescht aner Banken op déi technologesch, digital Transitioun opgesprongen ass.

Doriwwer eraus bitt se als Plooschter – e klengen Trouscht – eng mobil Agence an e puer Uertschaften un. Wat déi aner Banken net maachen. Well dat natierlech och net rentabel ass.

T'ass awer dat Mannst, wat ee ka vun enger Bank verlaangen, déi 100% dem Staat gehéiert an och eng sozial Missioun an hirem organesche Gesetz stoen huet. Nëmme gutt, wa se net grad sou äiskal turbokapitalistesch a reng profitorientéiert hir Geschäfter bedreift wéi anerer.

"L’argent du beurre"

Op der anerer Säit, vue datt de Staat Aktionär vun der Spuerkeess ass, muss d'Allgemengheet sech d'Fro stellen, ob se bereet wier Verloschter a Kaf ze huelen, fir ee Service universel ze garantéieren.

Ass dat de Fall, da muss d'Allgemengheet och bereet sinn, op enger anerer Plaz fir dëse Manque-à-gagner opzekommen. Entweder op eppes verzichten, méi Steiere bezuelen oder Scholde maachen.

Mä wëlle mer dat? "Le beurre, l’argent du beurre et le sourire de la crémière", dat kritt een net.

Léisungsvirschléi

Zur Wuerzel vun der Fermeture vun den Agencen, der Digitaliséierung: sech där ze widdersetzen, wier ekonomesche Suicide. Par konter wier et héisch Zäit, datt d'Tech-Industrie, endlech méi demokratiséiert gëtt. Bëssen iwwerspëtzt gesot: et ass eng Bankrotterklärung vun der Politik, wa se et Verwaltungsréit zu Sillicon Valley iwwerléisst, ze decidéieren, wéi deen den Alldag vu Milliarde Mënschen ännere soll.

Verwaltungsréit, déi just zu puer de Marché ënnert sech opdeelen, well d'Politik a Saachen Anti-trust a Konkurrenzreegele schléift oder aus geopolitesche Grënn gewäerde léisst. Verwaltungsréit, déi profitorientéiert dem Mënsch säin Drang no méi Confort ausnotzt, fir nei Produiten an Appe quasi opzezwéngen. Notamment, well d'Politik schléift, wat d'Regulatioun vu Publicitéit ugeet.

Fazit: Wann d'Fermeturë vun den Agencen een nervt, da soll ee sech net sou einfach konditionéiere loossen, säi Konsumverhalen änneren, bereet sinn op eppes ze verzichten oder méi dofir ze bezuelen. Drock maachen op d'Politik, fir datt se der Gesellschaft d'Méiglechkeet gëtt anescht ze fonctionéieren a manner turbokapitalistesch ze sinn, dat ass och net schlecht.