Et si Biller, déi schockéieren. Biller vu Leit, déi op Schlauchbooter probéieren, virun engem grujelege Biergerkrich an hirem Land fortzelafen, an op déi vum griichesche Grenzschutz deels esouguer geschoss gëtt. Leider sinn dat och Biller, déi villen Europäer Angscht maachen. Zanter Kuerzem hält d'Tierkei Flüchtlingen aus Syrien net méi dovun of, sech op de Wee a Richtung Europa ze maachen. An d'Äntwert vun den europäesche Staaten ass, sech mat alle Mëttelen ofzeschotten. Fir d'Maxime Gillen en Zeechen, fir enorme mënschlechen Aarmut.

Commentaire vum Maxime Gillen

Et ass, wéi wa mer Angscht hätte viru Leit, déi hir Heemecht an engem bluddege Biergerkrich verluer hunn, an elo hiert Liewe riskéieren, fir hei bei eis e séchere Fleck fir sech an hir Famill ze fannen.

Loosst Iech dat mol op der Zong zergoen! Eng Rei vun deene räichste Länner vun der Welt fäerte Leit, déi alles verluer hunn.

An dobäi sinn ech net ganz sécher, wat se genau fäerten. Dass mer se net meeschter ginn? Dass si eis ausnotzen? Oder ass et awer einfach d'Angscht virum Friemen?

Egal wéi ass et en enormt Zeeche vun Aarmut. Mënschlechem Aarmut. An dat vun enger Gesellschaft, déi selwer virun net all ze laanger Zäit mat Krich an Honnert Dausenden hirer Leit, déi hir Heemecht verluer hunn, ze dinn hat.

Mä am Fong brauche mer guer net esou wäit zeréckzegoen. Komm mir kucken nëmme fënnef Joer zeréck, wéi déi éischte Kéier Leit bei eis Schutz gesicht hunn.

Deemools goufen déi europäesche Staate kal erwëscht a ware manifestement net prett, fir spontan esou vill Leit opzehuelen, administrativ z'erfaassen a virleefeg ënnerzebréngen.

Klore Constat deemools: Europa huet net genuch zesummegeschafft. Länner wéi Ungarn, Polen, Tschechien an Éisträich hu bei engem faire Verdeelsystem vun de Leit einfach blockéiert. An den Dublin-System, dee festleet, dass Leit an deem Land mussen Asyl froen, an deem si fir d'éischt an d'EU erakomm sinn, huet komplett versot.

Ma dat a sech wier jo vläicht guer net mol esou dramatesch, wann een de Problem duerno direkt behuewen hätt. Ma europäesch Regierungscheffen hu fënnef Joer laang geschwat, gemotzt, diskutéiert, blockéiert an um Enn einfach opginn.

An dobäi muss een elo kee groussen Expert sinn, fir ze wëssen, dass fréier oder spéider erëm esou eng Well vu Leit an Nout virun eise Grenze géif stoen.

Oder hate mer éiere gemengt, mir kéinten eis op den Här Erdogan verloossen, dass hie sech anstänneg ëm déi Leit géif këmmeren an hire Misär net iergendwann fir seng eegen Zwecker géif ausnotzen?

Dat eenzegt, wat eis politesch Vertrieder hikritt hunn, ass de Kapp nach e bësse méi déif an de Sand ze stiechen. Ungarn huet seng Grenz zu Serbien komplett mat pickegem Drot zougemaach. Déi kroatesch Grenzpolice dreift Leit, déi onerlaabt probéieren, an d'Land eranzekommen, brutal zeréck a Bosnien. An och Bulgarien huet seng gréng Grenz zur Tierkei mat Drot an Thermo-Kamerae geséchert. Gutt geschafft!

An elo hu mer nach guer net dovu geschwat, wéi mer Italien a Griicheland mat där Charge komplett am Stach gelooss hunn. An dat alles, well e Kontinent vu 500 Milliounen Awunner sech vun der Angscht vun enger rietspopulistescher Minoritéit läme léisst, déi Angscht virun e puer Honnert Dausende Leit an Nout huet.

Ma wat ass elo d'Moral vun der Geschicht? A mengen Aen, dass muss verhënnert ginn, dass klengkaréiert Populisten eng Majoritéit dorun hënnert, dat ze maachen, wat richteg ass. An dat geet just mat méi Zesummenaarbecht, méi Solidaritéit – jee méi Europa.

Ech gesinn och an, dass déi Europäesch Unioun bei Wäitem net perfekt ass, ma wéi ee sech dréint a kéiert, an deene Beräicher, wou mer national Kompetenzen un d'EU ofginn hunn, leeft et alles an allem bedeitend besser, wéi an deene, wou eis Nationalpolitiker un hirem klenge Stéck Muecht klammeren. D'Aussen- an Immigratiounspolitik ass do en trauregt Musterbeispill.