En Dënschdeg geet et a säi 5. Dag, de Frisbee-Prozess, bei deem jo dräi fréier Geheimdéngscht-Männer ugeklot sinn. Dat wéinst illegalen Ecoutten, déi op CDe konservéiert waren, ënnert dem Code-Numm Frisbee.

Onerwaarten a spannende Moment am SREL-Prozess: de Riichter huet emol dem ugeklote Frank Schneider eng Panzrappecht verpasst. Dee géif hei ze spéit kommen, als Tourist optrieden, d'Zeitung liesen, säin Affekot géif um Handy spillen, e bësse Respekt wannechgelift!, huet de Riichter gefuerdert. An de Frank Schneider huet ganz roueg geäntwert, hie géif wuel d'Geriicht respektéieren, awer och guer net den Enquêteur, dee grad virdrun als Zeien opgetruede war. Deen hat d'Affär mat den 3 Frisbeeën aus der Vue vun der Police judiciaire beschriwwen a notamment zwou interessant Observatioune gemaach. Déi eng, datt et net einfach gewiescht wier, déi dräi ugeklote SREL-Leit ze verhéieren, well déi géifen esou Situatioune vun der anerer Säit vum Dësch hier gutt kennen, wiere rhetoresch gewieft, hätten ëmmer nëmmen zouginn, wat um Dësch louch - déi gutt al Salami-Taktik. An den Enquêteur huet och ugedeit, datt de Frank Schneider dës ganz Affär vläicht lancéiert hätt.

Commentaire vum Nico Graf (10.3.2020)

Jee, datt dee Schneider deen Enquêteur net gär huet, dat versteet een. Wat awer méi wichteg ass: wat do am Prozess geschitt, dat ass en Déjà-vu, en Déja-entendu. Ongeféier dat selwecht, wat een am Bommeleeër-Skandal och hat, nämlech eng guerre des polices, e Krich vun de forces de l'ordre ënnereneen. Woubäi ech esou fräi sinn, de SREL vun deemools ënnert d'forces de l'ordre ze tässelen, wat net evident ass.

Dee SREL huet nämlech schonn an der Zäit vun den Attentater eng onduerchsichteg Roll gespillt. Net ze gleewen, datt si net enquêtéiert hunn, net ze gleewen, datt hier Archiven do wierklech sollen eidel gewiescht sinn. An onduerchsiichteg ass et jo weider gaangen. De SREL hat dem Iwwerwaachungsfachmann Mariotto e Privatdetektiv op den Hals gehetzt. Dat war dee selwechten Detektiv, deen och d'Bommeleeër-Enquêteuren ausspionéiere sollt. An et war de SREL, deen d'Rumeur op de Wee bruecht hat, de Procureur Biever wier pedophil an Thailand ënnerwee. An et ware Mille, Schneider a Kemmer, déi dem Jean-Claude Juncker an dem Luc Frieden hir Stay-behind-Bommeleeër-Theorie presentéiert haten. Eng Theorie, déi weder déi zwee Ministeren nach déi dräi SREL-Leit un d'Justiz weiderginn haten. E Skandal fir sech ënnert de sëlleche SREL-Skandaler. An et war de Marco Mille, deen am Auere-Gespréich dem Premier ze verstoe gëtt, datt hie vun de Bommeleeër-Enquêteuren näischt hält.

Eng Episod, déi de Marco Mille iwwregens a senger soss brillanter Analys vum Auere-Gespréich e Freideg net ernimmt huet.

Mat all deem, wat um Geriicht bis ewell ugeschwat ginn ass, vergësst een dacks, ëm wat et an dësem Prozess eigentlech geet: ëm illegal Ecoutten op de Mariotto an ëm Beweisstécker, d'CDen, d'Frisbeeën, déi aus dem SREL erausgeholl, detournéiert gi sinn. An do ass eng Conclusioun fälleg: wann ee vläicht e bësse schëlleg ass, da nëmmen de Marco Mille, mä och net vill, well den Uerder hat jo geheescht: bréng mer déi CD! An de Rescht si Suitte vun deem Befeel.

Am Ganzen awer mat Recul gekuckt: dat hei ass e Bommeleeër-Prozess am Klengen, am ganz Klengen. Mat dem Krich tëschent de forces de l'ordre. A mat – wéi gewinnt an deem Dossier – däischteren Undeitungen. Wou de Prosper Klein vun enger Staatsaffär geschwat huet, déi ni däerf opgekläert ginn, do schwätzen déi fréier SREL-Leit haut vu fracassanten Informatiounen, déi si hätten. Dem Frank Schneider säin Affekot seet esouguer, si hätten allen dräi dee selwechten Joker.

A mengt domat wuel net de Personnage aus dem bluddegen amerikanesche Horrorfilm mä de gutt lëtzebuergesche Stippi. De Stippi war, wa mer mat der Bom Kaarte gespillt hunn, dat war eng Kaart, déi jiddwer aner Kaart ersetze konnt. A gär emol hannenerëm an onerwaart d'Partie gewonnen huet.

Ech si gespaant.