Et ass eng Situatioun, wéi mir se an Europa an hei zu Lëtzebuerg nach net kannt hunn. Eis Gesondheetssystemer ginn op eng schwéier Prouf gestallt an et geet drëm, méiglechst vill Mënscheliewen ze retten. An dësen Zäite vun der Kris goufen eng Rei drastesch Mesurë geholl a mir all mussen all eisen Alldag an eis Gewunnechten upassen. Ma eng Mesure ass komplett dernieft, fënnt d’Maxime Gillen a sengem Commentaire.

Ech mengen d’Grenzen, déi elo am Kampf géint de Coronavirus erëm aus dem Buedem schéisse wéi Champignonen. An dobäi si Grenze virologesch sënnlos a, wa mer éierlech sinn, politesch bëlleg.

Commentaire vum Maxime Gillen

Polen, Tschechien an Dänemark waren déi éischt europäesch Länner, déi hir Grenze fir Auslänner an Net-Residenten zougemaach hunn. Ma et huet net laang gedauert an eng ganz Rëtsch Länner ass nogezunn. Dorënner eisen Noper Däitschland, deen eiser Regierung nach knapps Bescheed gesot huet.

Eng vun de Grondfräiheeten, déi europäesch Bierger hunn, ass einfach esou opgeléist ginn. A firwat? Fir bëllege politeschen Aktivismus.

D’Wëssenschaft ass sech jo dacks net eens, ma wat d’Grenzen am Kader vun enger Virus-Epidemie, voire Pandemie, ugeet, gëtt et breede Konsens: Virologesch mécht dat absolut kee Sënn. Derbäi kënnt, dass jo awer quasi iwwerall nach Beruffspendler an de Wuerentransport mussen duerchgelooss ginn, well soss d’Wirtschaft direkt abrécht.

An elo ass Lëtzebuerg nach vergläichsweis gutt ewech komm. Am Saarland sinn d’Grenze schonn eng Zäitche komplett zou an d’Frontalieren aus Frankräich Doheem blockéiert. A virun der Däitsch-Polnescher Grenz si kilometerlaang Schlaange vu Leit aus baltesche Länner, déi iwwer Polen an hir Heemecht wëllen an net gelooss ginn.

Grenzen zoumaachen, soll wuel berouegen an den nationale Wieler weise “Kuckt, mir maachen eppes!”. Populismus pur also, well géint d’Bekämpfung vum Virus bréngt dat glat näischt.

An dobäi ass de Präis fir dëse schlecht gerodene Show-Effekt extrem héich. Am Klenge sinn et virop d’Beruffspendler, déi mat Kontrollen a kilometerlaangem Stau emmerdéiert sinn.

Am bësse méi Grousse läit de Wuerentransport, deen zwar duerchgelooss gëtt, ma mat de Pendler am Stau steet.

An am ganz Grousse gouf mat engem Coup, enger eenzeger liichtsënneger Decisioun, wuel mat déi gréissten Errongenschaft vun der Europäescher Unioun, respektiv dem Schengen-Raum mat Féiss getrëppelt.

Mir hei zu Lëtzebuerg si jo quasi eng eenzeg Grenzregioun a wëssen, wéi komfortabel et ass, wa Grenze just nach um Pabeier existéieren. Dofir sollte mir eis – wa mer déi aktuell Kris iwwerstanen hunn – mat aller Kraaft dofir asetzen, dass et an Zukunft net méi sou einfach ass, fir fréier physesch Grenzen erëm opliewen ze loossen.

Iwwerhaapt hoffen ech, dass mir aus dëser Kris eppes léieren. A sief et nëmmen, dass mir verstinn, wat en Europa ouni Grenze wäert ass, an dass mir déi Leit, déi all Dag bei eis schaffe kommen an eist Land um Lafen halen, e bësse méi wäertschätzen.