Akafen an Zäite vu Corona ass ganz komplizéiert a virun allem mécht ee sech do ganz aner Gedanken, fënnt op d'mannst den Nico Graf a sengem Blog.

De Blog vum Nico Graf (2): Corona doiwwer

Wéi mer nach eng Epicerie haten um Sennengerbierg.  Firwat dee Gedanke mech Frontalier elo uflitt, wou ech akafe goe muss am grousse Supermarché bei der Uni zu Tréier, dat weess ech och net. Grouss Parkplaz do, strubbelvoll, matzen an der Woch. Et ass, wéi wann een de Leit den Uerder ginn hätt:

Éischtens: doheem ze bleiwen an
Zweetens: deem Uerder op kee Fall ze follegen, well soss...

Jo wat? Geschitt eppes Schlëmmes? A grad déi Leit, wou gepriedegt ginn ass, se sollten op sech oppassen, si wiere vulnerabel (do sinn ech, ech mierken et, schonn erëm am Lëtzebuerger Jargon), also déi gefährdet Leit, eeler, kranker, déi schéngt et besonnesch aus dem Haus ze dreiwen.

Si kommen mam Rolator, si kommen um Bengel, si komme mat den Enkelkanner, si sinn ënnerwee en masse, vill méi wéi ech der soss vun hinnen dorëmmer gesinn. Oder ass et nëmmen deen anere Bléck deen ech elo hunn.  Allez savoir.

Am Uebstrayon ass erëm alles an der Rei. Do war virun e puer Deeg geplündert ginn, keng Tomat méi wäit a breet, elo erëm alles do. Just, just, wann de Fränz dat gewuer gëtt, datt do zwee Fraleit stinn an eng Causettchen halen a vue datt se annerhallwe Meter Distanz anhalen, kritt dat ganzt Geméis ronderëm se mat, iwwer wat se do esou haart schwätzen. D'Frëndin déi ni offen seet, wat lass ass, bei där si ni weees, wou se dru sinn, etc pp, de klenge Frëndsbeschass.

© Nico Graf

Hannenaus bei der Fleeschthéik dann awer esou eppes wéi e Schock. Do hunn se, e Meter vun der Théik ewech, déi rout-wäiss Trennbänner op de Buedem gepecht. Et heescht also méi haart schwätzen, wann ee seng 100 Gramm Salami well. A flang héieren ech e Mann, dee mat der Vendeuse iwwer Sënn a Blödsinn vun dëser Ofspärung diskutéiere wëll. Si kuckt nach just genervt a freet, was es denn sein darf.

An dann e séiere Bléck an den Hygiènes-Rayon. Jonk Leit diskutéieren, op Englesch: 50 rolls of toiletpaper, 60 kilos noodles, seet déi jonk Fra, wat wier de Sënn dovunner, an hire Matbewunner - esou e richtegen Hipster: schwaarz-wäiss gesträift-karéiert geklufft, Vëlos-Händschen un, Fixy virun der Dier, lockiges Haar – deen äntwert: just in case, just in case. WG in Zäiten des Corona.

Mä Toilettëpabeier ass souwisou keent méi do, kloer, hätt mech jo och gewonnert, ech sinn enttäuscht, datt meng Virurteeler esou bestätegt ginn. E Mann wëll es awer trotzdeem. Eng Vendeuse weist him de leschte Pak, da haben Sie aber Glück gehabt, geblimmelt, 4-lagig, kamillendufteg soll hien elo kafen. Hien kuckt queesch a péckt dat an. An tässelt et ganz ënnen, ënner déi aner Saachen a sengem Charriot. Net datt een him dat och nach klaut. A bei der Keess dann dat selwecht Bild: déi rout-wäiss Ofspärbänner, queesch, all 2 Meter um Buedem. Et gëtt sech dru gehalen, enorm laang Schlaangen, an et huet ee just d’Impressioun, et géing méi lues goen, wéi soss, wat jo awer Quatsch ass. Et hält ee just seng Virusdistanz. An d’Caissière huet dat un, wat ee fréier Aids-Händsche genannt huet, an ass frou, wa mat Kreditkaart bezuelt gëtt.

Wéi ech erausginn – automatesch Dier, keng Klensch, uff – kënnt mer eng eeler Damm op Krätschen entgéingt. Oh, déi onroueg eeler Leit, denken ech. A si selwer en eeler Leit.