D'Uni geet weider, och an der Tréierer Filiale vun der Uni Wien.

De Blog vum Nico Graf (3): Pizza Corona

Op emol hu se ugeruff an op eemol ware se do, sot de Noper iwwer d'Gardenheck ewech, an hie wier ganz frou, datt seng zwee Kanner sech stënterlech ugemellt haten a vun der Uni an Éisträich Knall op Fall heem komme wollten. Bon, et war e bëssen opreegend: Wéi laang ass de Stau op der Grenz, komme se iwwerhaapt eraus aus Kakanien? Mä d’Kanner wollte net an hiren eidele WGe sëtzen - d'Kommilitone sinn all scho laang ausgeflunn - se wollte léiwer heem. An hien hat och näischt dogéint, am Géigendeel, well wann d’Kanner eppes hätten, da hätt hie se léiwer bei sech, a wien hien eppes hätt, wier et och besser, wann si do wieren. Well iergendeen muss jo déi zwee Hënn fiddere, ne?

Also hunn Papp a Kanner kuerz geschwat, op et responsabel wier, ënner dësen Ëmstänn op d’Rees ze goen a wéi se gemierkt hunn, datt et egal wier, wat se géife maachen, krank oder gesond zu Wien oder bei Tréier ze setzen, hei eréischt krank ze ginn oder awer zu Wien, du goung et nach just ëm déi technesch Fro: Wéi?

Op kee Fall mam Zuch, sot de Noper, hätt hie gesot, well esou en Zuchkompartiment wier déi rengst Brutstätte, also en Auto lounen. Gesot gedoen. An owes, Véierel fir 11, ware se do, net vill Stau, op den Autobunne näischt lass an am Honnsréck wieren Hues a Fuuss ënnerwee gewiescht. Solle mir eis an den Aarm huelen, frot dat Grousst, si haten on the road eigentlech decidéiert, dass net. An de Noper sot Quatsch an huet seng Kanner ëmäerbelt a sech heemlech gefrot, ob dat richteg wier. D'Kanner – 21 a 25 Joer al – hate fir sech entscheet, datt si iergendwéi a Quarantaine wieren, well op der Grenz hat en däitschen Douanier hinnen dat esou agetriichtert. An duerfir ginn elo hei d'Kolleegen nëmmen ugeruff, mat der Frëndin alles just um Telefon duerchgeholl. A wa se bei deem gudde Wieder spadséiere ginn, hale se zu allem, wat do kennt penibel zwei Meter Abstand.

An dunn, sot de Noper, sinn ech gewuer ginn, wéi strukturéiert seng Kanner op der Uni gi sinn. Dat Grousst huet sech emol direkt u seng fälleg Diplomaarbecht gesat an de Klengen, dee och esou kleng net méi wier, sot de Noper, deen hätt bal de ganze Freideg erduerch studéiert, Vorlesung. Gelift, mengt Dier, wéi geet dat, 9 Stonne vun der Uni ewech? Mam Internet, of course, home study. Hien souz do an der Stuff an huet Stëmmen héieren, déi aus dem Computer koumen, deen en do opgebaut hat. De Proff huet iergendeppes erzielt, eppes Ëmweltméisseges, sot de Noper, hätt hien héieren.

An heiansdo hätt de Jong an der Stuff esouguer eng Fro gestallt – op Englesch – a vue que datt dem Noper säin Englesch manner wéi passabel ass, huet hien dem Jong Zeeche gemaach a grouss gekuckt. An de Jong sot, schwäz roueg, de Micro ass aus. A sou, sot de Noper, hätt hei gesot, wat erzielt deen dann do? En erzielt grad Blödsinn, huet de Jong geäntwert. Hä? Ma jo, deen ass kee grousse Fëschspezialist an elo grad erzielt en eis, den Hecht, dat wier ein Lachsartiger an den afrikanesche Wels, dee kéim aus Asien, béides Nonsens. A sou, hunn ech gestaunt, sot de Noper, a firwat weess de Proff dat da manner gutt ewéi s Du?, hätt hien gefrot.

An de Jong sot, hie wéisst dat eben an dee Proff wier Fësch-Pathologies-Spezialist, wéisst beschtens Bescheed iwwer Parasitten a Fësch-Krankheeten, hätt awer net esouvill Anung iwwer Fëschzorten. Hien géing elo guer net méi nolauschteren an emol d’Geméis schneiden fir herno eng Zopp ze kachen. Iwwerdeems de Jong also studéiert huet, ass de Papp och nach bekacht ginn, sot de Noper, dat war flott.

An zwou Stonnen drop – de Jong souz erëm do nozelauschteren – huet hien de Jong gefrot, An, wat erzielt en dann elo? – an de Jong sot, elo léieren ech eppes, well elo ass deen a sengem Fach ënnerwee. A gläich drop: an elo ass Paus, well de Proff huet grad seng Pizza kritt, déi e virun enger hallwer Stonn bestallt hat. An de Jong huet d’Geméiss an dat grousst Deppe gepucht an alles opgesat.

Owes, sot de Noper,  gouf et vegan Zopp, op der Uni zu Wien bei Tréier.