D’Lëscht vun den Abenteuer, déi een den Ament erliewe kann, déi ass jo ganz kuerz, ne, Ausgangssperre und so.

De Blog vum Nico Graf (5)

A wann et en Abenteuer ass, dann ass ee frou, datt et och kuerz ass a gutt ausgeet, wëll soen: ouni ugestach ze ginn. By the way: ugestach, wat e Lëtzebuerger Schluechtwuert.

Akafe goen also.

Do huet sech elo eppes gedoen. Et kënnt een nämlech guer net méi einfach esou eran a säi gewinnte Buttek. Do steet e strenge jonken Här an huet eppes ze soen. Mir zum Beispill. Ech hat mer grad ugewinnt, ëmmer meng Sacoche bei mer ze hunn an op deen domme Supermarchés-Chariot ze verzichten an herno un der Keess och op de Plastikssachet ze verzichten. Op de Chariot wéinst dem Virus an op de Sachet wéinst dem ville Plastik am Mier a wéinst klimaméissegen Iwwerleeungen, Greta etc., Dir wësst schonn.

Kommen ech also op de jonke Här duer, seet den zu mer, ouni Einkaufswagen kéim ech net eran. A firwat dat dann? hunn ech verdaddert gefrot. An hie sot: wéinst der Distanz, dem Sicherheitsabstand. E Chariot ass also elo esou eppes ginn wéi e Knuppauto, mat deem een awer soigneusement evitéiert aneneenzerennen, e Knuppauto ouni Geknupps wgl., och eppes Neies. Ech sinn eraus e Chariot siche gaangen an du stoung erëm de jonke Mann am Wee an huet mer militant ugebueden, de Grëff vum Chariot ze desinfizéieren an duerno – Kappbewegung no lénks – huet e mech op eppes opmierksam gemaach. Do steet esou en Truc, deen een aus Toilette iwwer dem Lavabo kennt. Ech hunn dorunner brav och meng Hänn desinfizéiert a konnt endlech eran an de Buttek. Wou se einfach alles hunn: 37 Zorte Shampoing, 113 Zorte Gebeess, eng voll Fleeschthéik, wou zanter Deeg kee Client méi eppes keeft, ze drénke fir aberzeg Corona-Partien. Just, just: kee Stéck Küchenrolle méi, keng flësseg Seef méi an, natierlech, kee Blat Toilettëpabeier méi, e ganze laange Rayon einfach eidel. An driwwer e Schëld, et géife nëmmen Haushaltsmengen verkaf ginn. Déi ganz Toilettëpabeier-Situatioun hunn ech dëser Deeg esou laang witzeg-blöd fonnt, bis ech mat enger Frëndin telefonéiert hat, déi an enger WG wunnt. An der Wohngemeinschaft wunne nach weider 6 Erwuessener a 5 Kanner, mécht 12 Leit. An néierens Klopapier méi ze fannen. 5 Butteker wiere se ofgelaf, fir um Enn iergend e super-duper-bio Bambuspabeier ze kafen fir eng 2 Euro de Rouleau. Net méi witzeg, denken ech zanter hier, nach just blöd.

Un der Keess vum Buttek dunn dat, wourop ech e bësse gelauert hat: D'Caissière sëtzt elo hanner Glas. Bon, net wierklech, et ass duerchsiichtege Plastik, dee vum Plaffong erofhänkt, ënnen ass Plaz fir d’Hänn gelooss ginn. Richteg glécklech gesäit déi jonk Fra hanner Plastik net aus, sot awer, et géif hier besser goen esou. Ech hu brav mat Kaart bezuelt.

An hat an der Drogerie niewendrun nach eppes ze kafen. Och do erëm e jonke Mann, dee mech desinfizéiere wollt. Meng Hänn hunn esou lues ausgedréchent wéi gedoen, ech sot, ech hätt dat alles grad hannert mer a vu datt ech mam Chariot vum Nopeschbuttek ënnerwee war, huet hien net insistéiert.

An doheem hunn ech mech du gefrot, wéi ech alles, Bakterien a Viren a Keimen a Knascht, vu mir a menge Fanger a menge Kleeder a vun deem wat ech kaf hat an iwwerhaapt erëm erofkréie kéint.

D'Aventure sinn dëser Deeg mikroskopesch kléng.