D'Corona-Kris verlaangt eng besonnesch Kommunikatioun, bei där d'Lëtzebuerger Medien eng wichteg Roll spillen.

Si ginn d'Informatioune vun der Regierung un d'Bierger weider. Ëmgedréint kréien d'Journalistinnen a Journaliste bei hirer Berichterstattung awer grouss Steng an de Wee geluecht. Eng beonrouegend Entwécklung, fënnt de Pierre Jans.

D'Situatioun ass eescht. Dat huet all Mënsch verstanen. De Kampf géint de Virus priméiert villes. Solidaritéit an mentalen Zesummenhalt di gutt an Zäiten, wou physesch Distanz gebueden ass. Et freet mech och, dass d'Fleegepersonal esou vill Unerkennung kritt. D'Fro stellt sech natierlech, firwat et dofir eng sanitär Kris gebraucht huet. Hoffentlech fënnt déi Unerkennung dann och Néierschlag an der Paie an den Aarbechtskonditioune vun dëse Leit wann dat hei eriwwer ass.

Och als Journalist kritt een dëser Deeg dacks Merci gesot. Vill Leit schreiwe Mailen, wéi frou si wären, dass d'Presentateuren nach am Studio stinn an d'Reporter nach um Terrain. Dëslescht blouf eng Policepatrull bei mir stoen. Aus Gewunnecht leider mësstrauesch duecht ech mer, elo gëss de mat der Kamera hei fortgeschéckt. Mä de Polizist huet d'Fënster erofgemaach a gesot: ''ech wollt iech Merci soen, wéinst RTL sinn ech gutt informéiert''. ''Merci gläichfalls'' sot ech, war kuerz e bëssen houfreg, mä de batteren Nogout koum séier.

Wéi vill aner JournalistekollegInne kann ech mäi Beruff den Ament net ganz richteg maachen. Vun den ur-journalisteschen Aufgaben, dem sachlechen Informéieren an dem kriteschen Hannerfroen, bleift den Ament just déi éischt.

Ech verzielen nach eng Anekdot: E Mëttwoch goung déi drëtt Maison pour soins avancés an der Däichhal zu Ettelbréck op. Ech sollt e Reportage vun der Plaz maachen. Funktionéiert et do wierklech esou, wéi d'Ministesch dat op der Pressekonferenz erkläert huet? Ech wollt mat Leit um Terrain schwätzen. Wéi gesinn si d'Situatioun, hir Situatioun? Fille si sech protegéiert genuch? Duerch eng Kontaktpersoun koum ech kuerz eran an d'Däichhal. Et huet allerdéngs net laang gedauert, dunn hat ee Responsabele spatz kritt, dass ech do géif probéiere mäin Job ze maachen. Ech gouf frëndlech gebieden ëmzedréinen. Ech dierft hei mat kengem schwätzen, d'Kommunikatioun géif zentral gemaach ginn. Fair enough.

Ech hunn also bei der Kommunikatiounszentral vum Gesondheetsministère ugeruff. Do krut ech och frëndlech erkläert, et hätt een decidéiert just nach gebündelt op Froen ze Äntweren, am Kader vu Pressekonferenzen, déi moderéiert, dir kennt se mëttlerweil all. De Grond: Acteuren um Terrain hätten der Presse uganks heiansdo ënnerschiddlech, deels esou guer konträr Informatioune ginn. Konträr wuelverstanen zu deem, wat de Ministère wëll kommunizéieren.

Do geet d'Aarbecht vum Reporter allerdéngs un. Journalismus heescht, méiglechst no un d'Wourecht ze kommen. An déi huet meeschtens net just eng Säit.

Aner JournalistInnen a Kameraleit hunn erzielt, si hätte ganz änlech Situatiounen erlieft. Op ville Plaze ginn d'Kameraleit ëmgedréint, nach ier se aus dem Auto geklomme sinn.

Mir si wuel e Sender mat engem ëffentlechen Optrag. Mir sollen e Spiggelbild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft sinn, heescht all d'Stëmmen zu Wuert komme loossen. Mä dësen ëffentlechen Optrag soll net falsch verstane ginn! Mir sinn keng Reproduktiounsmaschinn vu Communiquéen oder Rieden. Eis Responsabilitéit läit doranner, iech dobaussen objektiv ze informéieren, d’Aktualitéit ze erklären an eventuell Mëssstänn opzedecken.

Et wär wichteg, dass dat gesamt medezinescht Personal net verbuede kréich, de Journalisten d'Situatioun um Terrain ze verzielen, esou wéi si se erliewen.

Well bei allem Versteesdemech fir d'Politik: Et wär och an der Kris falsch, dat demokratescht Gläichgewiicht op d'Spill ze setzen.