Mech gëtt et den Ament véier Mol, op d'mannst véier Mol. "Je est un autre" huet de Rimbaud anzwousch geschriwwen.

De Blog vum Nico Graf (4): 1 plus 3 Coronar Identitéiten

Een aneren? Do laachen ech mech vreckt. Ech hunn et schwaarz op wäiss a gréng agerummt, datt et mech an 3 verschiddene Versioune gëtt. An dernieft fillen ech mech jo och nach wéi ech mech selwer alt esou fillen. Also, zum Beispill, als een, deen all Schaffdag iwwert d'Grenz fiert, konzentréiert op dat, wat zu Lëtzebuerg lass ass an e bësse manner konzentréiert op dat, wat an der Tréierer Géigend lass ass. A Corona-Zäiten misst dat just ëmgekéiert sinn. Well ustieche kann ech mech hei, an awer hänken ech mat Aen an Oueren un deem, wat am Grand-Duché gezwafft a gesot a gewise gëtt, an dat ass vläicht falsch. Et wier warscheinlech méi nëtzlech, wëll soe méi gesond, wann ech wéisst, wat hei iwwer genee lass ass.

Ugefaangen domat, datt – och wann ech e bëssi schizo sinn – datt mäin Auto dat net ass. Deen huet nämlech eng Tréierer Plack a fäerdeg. An ass domat e Preis tout court. Dat huet den Ament seng Corona-Virdeeler. Ech kéint zum Beispill op déi scabrös Iddi kommen, Tanktourissem zu Mäertert ze maachen. Mäi preiseschen Auto géif mer et duerno erlaben, ouni Problemer zu Waasserbëlleg heim ins Reich ze fueren. Déi däitsch Kontrollettie géife sech - schonn eleng wéinst der TR-Plack - wéineg fir mech interesséieren. Mat engem lëtzebuergesche Won kéim ech warscheinlech guer net eriwwer.

An elo sinn ech duebel - wat soen ech: dräifach - op der sécherer Säit, also d’Säite wiesselen ze dierfen, wéi ech Loscht hätt. Well ech hunn dat famoust Stéck Pabeier mat mengen 3 Identitéiten. Eng hallef DIN-A-Säit, déi elo méi Laissez-passer ass. Wann ech dat wëll. Eng hellgréng Rumm, 1,4 Zentimeter breet, an e Stréch vun ënne lénks no uewe riets, diagonal, och hellgréng. An dee Stréch sträicht dräi Wieder duerch, meng Identitéite vun elo. Do steet, ausgestrach, Pendler, Commuter an Travailleur frontalier. A wann ech déi dräi Wieder liesen, ginn ech ganz verkuerbelt, wéi ech hei definéiert ginn.

Pendler – dat ass jo een, deen als Pendel déi ganzen Zäit ondecidéiert, mä opgezunn - an der grousser Auer oder ugestréckt un enger Ficelle - op jiddwer Fall hin an hier tierkelt, deem seng Amplitude ëmmer méi kléng gëtt, fir um Enn stoen ze bleiwen, iergendwéi, iergendwou. Um Enn och nach am Niemandsland. Net esou sympathesch.

Commuter dann. En amerikanescht Wuert, seet mäin Oxford-Dictionary mer. Ech hat dat fir Englesch gehalen a mech gefrot, wat dat hei sollt, well mir Lëtzebuerger hu jo hei guer keng Grenze mat de Brexeteeren. Firwat also dat Wuert do? An dann - meng Spezial-Naup – hunn ech mech etymologesch fir dat Wuert interesséiert a fonnt, datt et aus zwee Deeler besteet: dem com vir, wat am Fong nëmmen e Renforcement ass an dann - Tatsaach – stécht do dat Laténgescht mutare, fir changéieren also, dran. E Commuter wier also eng Zort Mutant, een dee permanent seng Identitéit wiesselt. Ënner eis – a sot et net weider – esou ass dat och, wann een all Dag iwwer déi Grenz fiert, dann ass ee Collaborateur oder Résistance, jee nodeem, wou een ass a jee nodeem, wéi staark d'Krichsgeneratioun grad, mat menger Boom hirer Stëmm a mengem Kapp, schwätzt. Commuter wëll ech net sinn, op kee Fall, ze ustrengend.

An dann Travailleur frontalier. Wann ech – à la jcj - esou u mäi Papp denken, da weess ech, datt deen en Travailleur war, en Aarbechter a kale Gebaier, wou en Heizunge montéiert huet oder spéider op 3 Schichten zu Dummeldeng op der Schmelz. Als Journalist fillen ech mech net wierklech wéi en Aarbechter, travailleur - trop d’honneur, quoi.

Frontalier ass also um Enn dat eenzegt Wuert, och nach en Adjektiv an dësem Fall, mat deem ech eppes ufänke kann.

Ech leeë mer elo emol vläicht dee gréng-wäiss-schwaarzen Ziedel mat mengen Identitéiten an den Auto hannert d'Scheif a probéieren mäi Gléck. Op der Grenz. Ech héieren, et wier ganz einfach eriwwer an d'Ländchen ze kommen, mä zeréck auf bundesdeutsches Gebiet, dat wier eng Zoumuddung. De Virus wëll déi eidel gro Douaniers-Heisercher op der Grenz erëm opmaachen. Geckeg.