D'Gestioun vum Coronavirus huet en Afloss op d'Liewe vu jidder Eenzelem, dee wäit iwwert déi akut Behandlung vun de Corona-Patienten erausgeet. Mir hunn an de leschten Deeg a Woche vill iwwert den Drock op d'Santéspersonal, d'Existenzsuerge vun de Betriber an d'Erausfuerderunge vun der Schoul doheem geschwat. D'Claude Zeimetz dediéiert säi Commentaire deene villen Eenzelschicksaler, déi den Ament mat mënschleche Krisen an der Kris konfrontéiert sinn.

Commentaire vum Claude Zeimetz

An dat sinn dacks Krisen duerch déi dës Leit, "social distancing" oblige, elo ganz eleng derduerch mussen. Individuell mënschlech Krisen, déi mir Journalisten och nëmme schwéier thematiséiert kréien.

Ech denken do un déi Leit am héijen Alter, deene keen erkläert kritt, firwat kee vun der Famill se méi an d'Alters- oder d'Fleegeheem besiche kënnt. Leit, déi net mat engem Telefon, net ze schwätzen vun engem Tablet, eens ginn, an deenen d'Deeg an den Heemer ouni dës Oflenkung nach méi laang ginn, gekoppelt mat der Angscht virum Virus.

Ech denken un déi Persounen, déi an dëse Wochen e Stierffall an der Famill hunn, ob duerch d'Longekrankheet oder aner Ëmstänn, an de léiwe Mënsch, deen hospitaliséiert huet misse ginn, ganz eleng musse goe loossen, ouni eng leschte Kéier kënnen adequat Äddi ze soen, ouni d'Hand um Stierfbett halen ze kënnen an och ouni duerno kënnen als Famill a Frënn zesummenzefannen an dem Verstuerwene mat enger Trauerzeremonie eng leschte Kéier ze gedenken a sech géigesäiteg duerch déi physesch Presenz vun deenen, déi dem Betraffenen no stinn, Trouscht ze schenken, sech ze drécken, eng Stäip ze ginn.

Ech denken och un déi Persounen, déi an dëse Wochen an d'Spidol mussen an déi kee Besuch kënne kréien an un déijéineg, déi se net besiche kënne goen.

Ech denken och un déi Elteren, déi vuneneen getrennt sinn a wou noutgedrongen am Lockdown ee vu béide säi Kand, seng Kanner den Ament net gesi kann. Déi Familljen, déi op enkstem Raum a klengen Appartementer elo zesummenhocken ouni d'Méiglechkeet, datt d'Kanner am Gaart oder sief et och nëmmen um Balcon an der frëscher Loft kënnen Drock ofloosse vun den Hausaufgaben an der  souwisou dacks ugespaanter Situatioun, déi de Confinement mat sech bréngt. Déi Elteren, déi weider musse schaffe goen an an engems d'Schoul vun de Kanner assuréiere mussen. Déi Kanner, deenen hir Elteren hinnen och an normalen Zäite keng Hëllefsstellung kënne ginn.

Ech denken un déijéineg, déi all Dag mat engem mulmege Gefill schaffe ginn, mat der Angscht sech a seng Léifst, mä och d'Leit, mat deene se ze dinn hunn, fir déi se responsabel sinn, unzestieche mat de fatale Suitten, déi dat kann hunn.

Dann denken ech awer un déi Persounen, déi an enger mentaler Detresse oder enger Ofhängegkeet sinn an elo, och wa ganz vill Efforte gemaach ginn, net méi deen Austausch mat de Professionelle kënne hunn, dee se bräichten. Mamme, déi drop an dru sinn, ze accouchéieren oder grad accouchéiert hunn an déi sech an dëser absolutter Ausnamesituatioun, grad bei engem éischte Kand, op sech  gestallt fille mat hiren Ängschten, Froen an Onsécherheeten, déi hoffentlech via Téléconsultatioun kënne beäntwert ginn.

Ech wëll op dëser Plaz awer och déi net vergiessen, déi sech mat net méi an net manner wéi reellen Existenzängscht erëmschloe mussen. Leit, déi sech mat hirem Erspuerten zum Beispill an d'Aventure Selbstännegkeet lancéiert hunn an, trotz generéiser Hëllef vum Staat, net wëssen, ob an ënnert wéi enger Form si an Zukunft nach eng berufflech Perspektiv hunn.

Awer och déi Leit, ganz ënnen op der sozialer Leeder, deenen hir kleng Stäip, déi se bis elo haten, virusbedéngt zu engem groussen Deel ewechgebrach ass.

An dann hunn ech bestëmmt nach vill Mënsche vergiess, déi grad Krisen an der Kris ze meeschteren hunn. U si all sollt der d'nächst Kéier denken, wann der mengt ze knouteren, datt de Produit X am Supermarché grad net do ass, datt der de Weekend net kënnt owes e Patt an de Café drénke goen.