E Roude Wee, deen net méi rout ass. Gefierfte Steng a Steng vu Réimer... Bei der Diskussioun mam Noper ka villes op d'Tapéit kommen.

De Blog vum Nico Graf (8)

Wat eis fréier getrennt huet, dat bréngt eis elo zesummen, den Noper a mech. Et ass d’Heck, déi mer héich an e bësse wëll wuesse gelooss hunn. Fréier, ganz fréier, war d’Heck jo dat, wat den Haff vun der Wildnis getrennt huet an dowéinst souz déi wëll Fra, also d’Hex, eben op der Heck. Si huet u béidem participéiert, dem Wëllen dobaussen an dem – nu je – Ziviliséierten dobannen. Haut ass do alles duercherneen. Dat Wëld dobaussen ass näischt méi mat Zänn a Krallen, mä eppes Butzegklenges, wat een ëmbrénge kann. Dobannen ass een zwar sécher, mä dat gutt Wieder zitt ee virun d‘Dier. An da steet do op där anerer Säit vun der wëller Heck eben de Noper. A well d’Heck esou déck ass, brauche mer guer net driwwer nozedenken, ob mer ze no beienee stinn, wa mer schwätzen. Déi déck Heck hält eis op Distanz a se bréngt eis zesummen. Dat ass eppes Neies, well mat deem Noper hat ech bis viru 14 Deeg ni vill geschwat. Zanter d’Kanner do sinn, geet dat awer dëser Deeg ganz gutt, hien ass gespréicheg an ech langweile mech.

An den Noper reegt sech op. Zum Beispill iwwer de Roude Wee. Deen ass guer net méi rout, fréier war e rout, terre-battue-méisseg, wéi zu Roland Garros. Dunn hu se de roude Buedem duerch Bëtongssteng ersat, déi fierwen d’Schong net a sinn einfach gro. An de roude Wee heescht nach ëmmer Roude Wee. Jiddwer Kand hei am Duerf kennt deen, well e féiert bei d'Spillschoul. Dem Noper seng Kanner, seet hien, wieren iwwer dee Wee ëmmer an de Kindergarten gelaf a säi Bouf hätt op deem Wee Vëlo fuere geléiert, mat der Schwëster an der Groussmamm. Keng Niewesaach fir de Noper. An elo hätte se de Roude Wee dekoréiert.

Hä? frot ech. Ma jo, si hätten Steng laascht d'Bordür vum Wee geluecht, esou eng Duerf-Aktioun a Corona-Zäiten, Kinderbespaßung nennt hien dat, eppes Faarweges maachen, fir de Kanner d’Zäit ze verdreiwen an hir Kreativitéit ze fërderen. Jeje, seet de Noper. A wat do alles fir Steng elo leie géifen. Ee mat Reebou, ee mat engem opgemoolten – ausgerechent – Captain-America-Schëld, an ee mat dem Doudekapp, deen op der Bréck bierelt, à la Edward Munch. An och Gutt Wënsch a Sënnspréchelcher kéint een do liesen. Alles selbstgemalt a gutt gemengt. An hien, de Noper, géif dat just rose maachen. Bei deem fantastesche Wieder, bloen Himmel, iwwerall blitt alles, rosa a wäiss a giel a gréng, do bréicht dach kee Mënsch faarweg Steng. An hien géif sech elo iwwerleeën, och e puer Steng dohinner ze leeën. Mä net egal wat. De Noper war esou richteg in Fahrt. Hien hätt genuch Steng doheem, hien géif der afferen, da géifen se emol gesinn, wat Steng mat Déift wieren. Mat Déift?, sot ech, perplex. Ma jo, sot de Noper, hien hätt do e puer Gryphaea arcuata, groer a schwaarzer. Wat dat da wier? hunn ech gefrot. Fossilien, ausgestuerwe Mollusken, verstengert, 200 Milliounen Joer al, oder so, Drachenkrallen an Teufelskrallen géifen déi och nach genannt ginn. An eise Géigende gëtt et déi zu Hauf. An eben ausgestuerwe wiere se. Da kéinten d'Elteren hire Spillschoulskanner emol explizéieren, wat dat heesche géif, ausstierwen oder weiderliewen. A wa mer schonn derbäi sinn: do uewen an den Hiwwelen, bei der Hochspannungsleitung, do hätt hien dëser Deeg op engem Feld gebrache Stécker vu réimeschen Daachzille fonnt a mat heem geholl. Do hunn ech d’Ouere gespëtzt, Réimer hei, virun der Dier, wéi chic, wou genee? Do uewe Richtung Tréier, bei der Baach, bei deem klenge Weier am Bësch. Jo an, wat huet dat mam Roude Wee ze dinn? Ma hien, sot de Noper, géif elo e puer där rouder Réimerschierbelen do bei déi gemoolte Steng um Roude Wee leeën, dezent Allusioun, firwat dee Wee Roude Wee heescht, verstehn Sie? An da kéinten d’Elteren de Kanner och nach explizéieren, wéi dat war mam Réimer-Räich, dat och ausgestuerwe wier. An hien géif déi fossil Muschelen op d’Réimerzille leeën, sot de Noper, dee sech esou lues waarm geschwat hat. An ugefaange huet, iwwer Insektensterben ze schwätzen an huet och erzielt, a senger Kandheet hätt hien nach heiansdo e Feldhong, hien nennt dat Rebhuhn, gesinn oder eben net, déi hätten een zu Dout erschreckt, wann ee duerch d’Felder gelaf wier a se wieren op emol just virun engem opgeflunn.

Du ass et mer es duergaange mat deem Gestierfs, ech hat stënterlech wichteg Saachen am Haus ze maachen an hunn dem Noper Bleiben sie gesund! gewënscht.

En huet jo Recht, mä en ass mer grad dowéinst op de Sou gaangen, de Noper hannert der Heck.