Den Ament steet alles. Mä keng Angscht, dat leeft schonn erëm. Mengt a sengem Commentaire den Nico Graf, deen awer net optimistesch ass, datt eppes geléiert gëtt.

Commentaire vum Nico Graf

Et ass d'Saach mat de Fësch, déi ech ni verstanen hunn. Huelt de klenge Mann, deen e Weier huet. Op honnerte Kilometer gëtt et nëmmen hien a säi Weier an d’Fësch, déi am Weier sinn. Hien huet soss näischt, vu wat hie lieft. Wat mécht dee Mann also? E këmmert sech ëm seng Fësch, ëm säin Iessen, an e suergt derfir, datt en esou laang wéi et geet Fësch a sengem Weier huet. An e fëscht säi Weier op kee Fall eidel, well soss erhéngert e ganz einfach.

Dat ass awer genee dat, wat d’Mënschheet den Ament mat eiser Äerd mécht. Pardon: bis virun e puer Woche gemaach huet. Fir am Bild ze bleiwen: d’Ozeane ginn eidel gefëscht, esou laang bis eben déi Fësch net méi do sinn, déi fir d’Geschäft vun de grousse Fëschtrawleren (Schëffer, déi mat groussen Netzer fëschen) a Fëschfabricke gebraucht ginn. Keng Fësch méi, kee Geschäft méi, kee Profit méi. Schéin domm. Wéi huet dëser Deeg d’Sozialwëssenschaftlerin Eva Illouz geschriwwen:

„D‘Entrepreneuren op der ganzer Welt bekäppen elo vläicht, datt et eng Welt muss ginn, fir eng Welt kënnen ze exploitéieren.“

A si hofft a fuerdert, datt de Kapitalismus sech ännere misst, no a wéinst der Corona-Kris. Ech gleewe keng Sekonn drun, datt dee Kapitalismus do eppes bekäppt huet. Wann ech elo héieren, wéi dru geschafft gëtt, fir méiglechst séier erëm déi normal Produktioun an den normale Business un d’Lafen ze kréien, da weess ech, wat et gelaut huet: Déi selwecht Klack wéi virun der Kris, vläicht nach en Tick méi haart, vläicht nach en Tick méi hektesch, vläicht nach en Tick méi brutal. A Sonndesriede gouf an der Lescht alt emol gelueft, wéi flott dat elo wier, datt d'Loft iwwer Europa scho laang net méi esou propper war wéi haut, d'Waasser zu Venedeg ass erëm blo, Delfinen viru Cagliari, e Puma matzen an der Groussstad Santiago. An zu Peking bréicht een an der gudder Loft keng Schutz-Mask méi. Ouni Mask zu Peking! Méi ironesch geet et wuel net.

De Kapitalismus huet zanter e puer Wochen deen interessante Präfix kritt:E gëtt Turbokapitalismus genannt. Well soen: ëmmer méi, ëmmer méi bëlleg, vu méi wäit ewech, egal wat, an total dereguléiert. Fracking à tout prix à tous niveaux, ökologesch wurscht, sozial egal. Gourmanengsechkeet à gogo. Bis alles vreckt ass a näischt méi geet.

D'Corona-Kris huet deen Turbokapitalissem ausgebremst. An elo héiert een ëmmer méi Stëmmen, déi wëllen, datt de Fouss vun der Brems geholl gëtt, datt et weidergeet, datt erëm Business gemaach gëtt, dat heescht Profit. An natierlech ginn d’Aarbechtsplazen als Haaptargument, als Carotte, benotzt.

De Kapitalismus huet sech grad e Virus gefaangen a läit op der Intensiv-Statioun a wëll esou séier, wéi méiglech, erëm gesond sinn. An e wëll genee do weidermaachen, wou e virun e puer Woche gestoppt ginn ass. D'Waasser erëm verdrécken, d’Loft verschmotzen, de Buedem versauen a versaueren –  es wird wieder in die Hände gespuckt. De Kapitalismus ass am Regime an hien huet dat guer net gär. An ech si sécher, datt dat, wat geschwënn kënnt, de JoJo-Effekt ass, ugefaange mat der Friessattack no der Diät. Den Turbo gëtt erëm ugeschmass, Klimakatastroph – total egal, dowéinst Flüchtlingen – déi bleiwen um Mier, Ressource-Schounung, ech hale wuel jo.

E Kolleeg souz déi Deeg op engem Elektro-Vëlo. Hien ass e schwéiere Kärel. Déi Elektrobiken hunn e puer Programmer: Eco, Normal,  Sport an Turbo. Hat hien den Turbo ageschalt, da goung et ganz schëtzeg. A ganz schéi blöd, well hien hat nach 50 Kilometer ze fueren, mä mat där Turbo-Vitesse ass hien nëmmen 30 Kilometer wäit komm.

An houng do mat deem schwéiere Plou. Deen den Turbogeescht opginn hat.