Wann eng Kéier alles erëm dréine soll wéi virdrun, dann däerfen awer net méi déi selwecht den Tempo uginn wéi virun der Kris, fuerdert de François Aulner am Commentaire.

„Yuppi!“ Geschwë kënne mer rëm am Stau stoen! Jo gell, wie sech iwwert déi aktuell strikt Reegelen opreegt a sech doriwwer freet, wa rëm alles wéi virdrun ass, dee soll sech erënneren, datt e virdrun scho geflucht hat.

A vu Mee u wäerten der vill rëm fluchen.

De Commentaire vum François Aulner

A wann de Motor rëm ganz dréit, da wäert nach méi geflucht gi wéi virdrun. D’Rezessioun riskéiert nämlech haart ze ginn. Méi wéi 2009 an 2012. Fir d’Pertë rëm guttzemaachen mussen, d’Aarbechter schéi Gas ginn.

Fir datt de kollektiven Effort, deen usteet, vun der Allgemengheet acceptéiert gëtt, muss en awer gerecht sinn.

Well et muss een oppassen : De Frust wéinst dem Ongerechtegkeetsgefill ass dat lescht Joerzéngt bei ville Leit gewuess a war virun der Kris scho grouss. Datt d’Maschinn rëm muss dréinen, ok, mee den Tempo dierf net vun der Gurmangsegkeet, diktéiert ginn. Den Effort dierf net dozou féieren, datt grouss Konzerner massiv Profit maachen, iwwerdeems de Chômage klëmmt a kleng Betriber an Independanten d‘Handduch geheien.

Wann d’Aarbechter elo rëm all Dag musse méi produktiv sinn an trotzdeem d’Ongläichheete wuessen, wéi virun der Kris eben, da soen ech "Nee Merci".

Riskéieren, datt eng zweet Well vun Infektioune kënnt, Leit fréizäiteg stierwen a vrun allem eeler Leit rëm mussen agespaart ginn, fir datt individuelle Profit gemaach gëtt ? Nee Merci.

Nee Merci, wann d'Allgemengheet net selwer och en Effort mécht bei sengem Konsum an Nee Merci, wann de Staat seng Ausgaben fir Militärsatelitten net iwwerdenkt oder net ophält, Amazon a co Steiergeschenker ze maachen.

De Redemarrage, eng Occasioun

A wann d’Baggere rëm rullen, da soll dat wéinst der Wunnengsnout sinn an net, fir datt rëm Plus-valuë kënne gemaach ginn oder d’Immobilienagenten hir Frais d’agence kréien.

D’lescht Joer sinn d’Immobiliepräisser ëm 11% gewuess. Och wann een net weess, wéi d’Coronakris d’Entwécklung vun der Präisser wäert beaflossen, sou huet d’Wochenzeitung d’Land notéiert, datt wärend der leschter Kris d’Präisser just puer Méint gefall sinn, mee fir de Rescht weider geklomm sinn.

Den Debat iwwert d’Zesummeliewen ass nach ëmmer net ugaang.

De Redemarrage ass d‘Occasioun, fir endlech d’Wunnen an d’Aarbecht z’iwwerdenken. Et si grad déi wesentlechst Beruffer, déi net „teletravailléiert“ kënne ginn, déi keng Wunneng bei der Aarbecht bezuelen. Gläichzäiteg geet et Eenzelne ganz Wuelstännege sou gutt, datt se hir aner Terraine matzen an der Stad kënne Brooch leie loossen.

De Redemarrage muss d’Occasioun si fir ee mi gerechten Tempo, deen och méi nohalteg ass. Wuel kann ee méi gerechten an nohaltegen Tempo e Manque à gagner duerstellen. Ma fir datt de System sech dréit, mussen déi breet Schëlleren méi droen an déi Gurmangseg, de Rimm e bësse méi enk schnallen. Méi Bescheidenheet däerf op kee Fall rëm e Virwand sinn, fir um Bockel vun der ënneschter Mëttelschicht a vun der Aarbecht ze spueren an ze taxéieren.

Dës Kéier muss Uewen ugesat ginn.