Zanter e Méindeg gi mer “deconfinéiert”, lues a lues dierf an den nächste Wochen a verschiddene Secteuren nees geschafft ginn. Virausgesat, d’Verbreede vum Coronavirus kann a Moosse gehale ginn. Eng Impfung gëtt et nach net, de Virus wäert eist Liewen also nach eng Zäit beaflossen. Symbol vum Deconfinement, dem konditionellem Retour an d’ëffentlecht Liewen, ass d’Otemschutzmask. A sengem Commentaire mécht d’Fanny Kinsch sech e puer Gedanken iwwert dëst Element vun eiser neier Normalitéit.

Chirurgesch Masken, Stoffen Alternativen, selwer gebastelt, gebitzten oder improviséiert Mondschutzvarianten – ouni dierf ee sech elo net méi um nach staark ageschränktem ëffentleche Liewe bedeelegen. Dorunner muss ee sech mol gewinnen.

Commentaire vum Fanny Kinsch

Wann ee keng Mask huet, mä sech séier e Schal, e Fischi oder e "Buff", net dee fir ze drénken, mä dat ronnt Halsduch, ëm de Kapp wéckelt, mierkt een ënnerwee gäre mol, datt dee méi séier rutscht wéi geduecht. Well ee sech jo och net soll mat ongewäschenen Hänn an d'Gesiicht fueren, respektiv sech d'Hänn wäsche soll, nodeems ee säi Gesiicht oder d'Mask ugepaakt huet, krauselt een d'Nues an et dréckt een de Kënn erop an engem Effort, fir de Stoff op der richteger Plaz ze halen, fir dann duerno awer musse mat de Fanger drun ze zupfen. Spéngelen hëllefen!

Et muss ee sech, jee no Modell, och dru gewinnen, datt engem den Otem op ee mol fortbleift, wann ee just eng Trap eropgaangen ass. Den eegenen Otem, deen een elo selwer vill méi richt wéi gewinnt. Wéinstens richt een deenen aneren hiren net méi.

Aereefer kann een zwar e bësse verstoppen, allerdéngs schléit de Brëll gäre mol un. Op d'mannst gëtt et mëttlerweil esou vill verschidden artisanal Modeller, datt een och relativ moudesch a souguer mam Rescht vum Outfit koordinéiert, mat verdeckter Nues a Mond an d'Epicerie oder elo och an de Baumaart goe kann.

D'tëschemënschlech Kommunikatioun ännert sech duerch d'Maske weider – kussen, ëmäermelen an Hand ginn huet ee sech jo scho mussen ofgewinnen, mat Mask gëtt et awer och méi schwéier engem ze laachen, et erkennt een deem anere seng Mimik net méi oder et erkennt een en iwwerhaapt net erëm. Fir Leit, déi net gutt oder guer net héieren, an dorop ugewise sinn, Lëpsen ze liesen, stellen d'Masken e groussen Challenge an der Kommunikatioun duer. Ma wa mer wëllen zeréck an eng gewëssen Normalitéit kommen, musse mer eis un d'Maske gewinnen an nei Weeër fannen, fir eis ze verstoen.

D'Maske markéieren awer och en Ëmdenken. Um Ufank vun der Kris huet et geheescht, eng Otemschutzmask bréngt näischt, well se deen, dee se unhuet, net virun enger Infektioun schützt. Allerdéngs hu mer mëttlerweil geléiert, och vun anere Länner, an deenen d'Maske scho méi laang zum Alldag gehéieren, datt mer domat anerer kënne schützen. Mir si vum individualisteschem "wéi kann ech mech schützen?" op dat kollektiivt "wéi kenne mir eis géigesäiteg schützen?" komm.

Et wier gutt, wa mer dëst Bewosstsinn fir dat Kollektiivt och iwwert déi aktuell sanitär Kris eraus hale kéinten. Eis Gesellschaft géif dovunner profitéieren, wa mer an Zukunft net méi nëmme sou agéieren, datt et eis selwer gutt geet, mä datt et jidderengem, a virun allem deene vulnerabelsten, besser geet.