Ech sinn immens jalous, Joer fir Joer. Wéinst dem Noper sengem Kiischtebam.

De Blog vum Nico Graf (10): Coronabléien

Absënns elo am Fréijoer, wou dee Bam wäiss ass, knallwäiss an der Sonn do steet a blénkt. E blitt einfach. A wann e Stouss Wand kënnt, da ginn déi Bléien iwwerall higedroen, an d'Gäert, an d'Wisen, op d'Stroossen an dat gesäit dann aus, wéi wann et geschneit hätt. Dee Kiischtebam erënnert mech ferm un déi, déi um Sennengerbierg stoungen, méi genee um Kiischtebierg, al Beem, déck Äscht, déi bis op de Buedem erof houngen, e Kloterparadäis fir Kanner. An d'Elteren sinn do spadséiere gaange mat hirer Hickecht, sonndes, iwwer de Kiischtebierg an dann erof op Senneng, ongeféier do, wou elo d'Reschter vum Zoo sinn. Mä dat ass eng aner Geschicht. An och de Kiischtebierg ass fort, de Findel läit elo drop. Do fléien a normalen Zäiten Cargolux a Luxair a keng Kiischtebléien. Och dat eng aner Geschicht.

Egal, wann ech dem Noper säi Bam gesinn, freeën ech mech. A sot dem Noper dat dëser Deeg emol, iwwer d'Heck ewech, wou hien elo heiansdo steet a gespréicheg ass. Well seng Fra, déi ass am Ausland blockéiert, eng Journalistin, déi net mat Zäit de Fliger kritt hat an elo ofwaarde muss, datt sech alles normaliséiert. Den Noper ass awer ganz frou, datt seng Kanner do sinn. Déi erwuesse Kanner, Studente vun der Wiener Uni, déi elo am Home-study sinn.

Iwwer d'Heck sot ech him, wéi gutt säi Kiischtebam mir gefält. An hien huet gegrommelt. Wat et do ze granze géif, frot ech. An hie sot, da kommt emol eriwwer. Gesagt gegangen, hannert d'Heck, schéin 2 Meter Distanz mam Noper gehalen an dee mat mir ënner de Kiischtebam. Da lauschter emol, sot den Noper. An ech hu gelauschtert an näischt héieren, wat eng schéi Rou sot ech. An den Noper ass explodéiert, also quasi, déi Rou géing hien net aushalen, de Kiischtebaam misst summen a brummen, do misst Kaméidi sinn, de Bam misst voller Liewen sinn, iwwerall misste Beie sinn, déi vun enger Bléi zur aneren fléien. Zwou Beien, hätt hien elo grad gezielt, ZWOU. An domat hätte mer hei déi Rou, déi dem Herr Nachbar, also mir, esou gutt gefale géif. Wou d’Kiischten dann hierkomme sollen, dëst Joer, ouni Beien, wollt hie vu mir wëssen. Bon, ech hunn e bësse getuddelt, dat géif sech jo vläicht arenken an den nächsten Deeg, wie weess. Do misst schonns laang alles ënnerwee sinn, sot hien, bei deem gudde Wieder, mä näischt wier. Oh, elo kënnt en erëm domat, duecht ech. Insektestierwen, sot hie prompt. Ech an hien, mir wieren Zeien dervun, hei a sengem Gaart. Zejoert schonn hat hie keen eenzegen Apel vu sengem klenge verkrëppelten Äppelbam. Do hat et am Fréijoer Frascht ginn an och nach déi lescht Bléie waren nuets erfruer. Dat wier net weider schlëmm, well déi Äppel schmaache souwisou net gutt, sot den Noper. Mä e Joer ouni Kiischten trotz deene ville Bléien, dat géif hie queesch a rosen an onglécklech maachen, den Effet vun den Insektizide kéint een elo schonn u sengem Bam studéieren. Ech wollt oflenken a sot him, ech hätt dëser Deeg vill Vulle gesinn, ganz vill äerdeg Meesen, där bloer an där schieler, an all owes a sengem Kiischtebam déi selwecht Märel op deem selwechte laangen Aascht an esouguer eng Mönchsgrasmücke hätt ech gesinn, also eng Schwaarz Graatsch, an ech misst oppassen wéinst sengem Bam net nach Ornitholog ze ginn.

Wou mer grad vu esou eppes schwätzen, sot hien. Säi Bouf, deen hätt jo, als fervente Fëschfrënd fréier en Aquarium gehat an deen entretemps awer ofgebaut. An do sinn Holzstécker iwwreg bliwwen, wou sech deemools kleng Fësch dra verstoppt hunn. Déi verwurrelt Stécker Holz leien elo dobaussen op enger Fënsterbänk. Abee, gëscht huet hie gesinn wéi do eng wëll Bei dran era gekrabbelt ass. An haut erëm, an deem selwechte Schloff an deem Stéck Holz. Déi baut do en Nascht, sot den Noper, ganz zefridden, wéinstens eng gutt Nouvelle.

An esou si mer auserneegaangen, jiddwereen erëm hannert seng Heck.