D’Konsumverhale vun de Leit huet gezwongenermoossen duerch d’Corona-Pandemie changéiert. Dobäi ass zum Deel eng enorm Solidaritéit vis-à-vis vun de klengen, lokale Betriber ze spieren, déi d’Kris enorm trëfft.

Eng Solidaritéit, un där och an No-Corona-Zäite muss festgehale ginn, mengt d’Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.

Commentaire vum Claudia Kollwelter

Vum Don un de Liiblingscafé, d’Bestellung beim lokale Wënzer, dem Restaurant ëm den Eck, iwwert Aktioune vun de Gemenge fir de lokalen Handel, bis hin zum Kaf vu regionale Produite vum Lëtzebuerger Bauer. Ënnert dem Motto "Kaaft lokal" oder "Support your locals" ginn op déi verschiddenst Manéieren déi kleng Betriber an Independantë wärend der Kris ënnerstëtzt, an dat ass och luewenswäert. Mee wou war déi Solidaritéit virun der Kris a wéi laang hält se un, wa mer erëm an eng gewësse Normalitéit kommen?

Wéi viru knapp 2 Wochen eng grouss FastFood Chaîne hiren Drive-in opgemaach huet, gouf et e massiven Undrang a Verkéierschaos. D’Reaktioune waren ënnerschiddlech: Et soll een de Leit d’Fräiheet loossen, ze consomméiere wat se wëllen, soten déi eng, déi aner konnte just de Kapp rëselen, well se den ongebremste Besoin no dem berüümten Hamburger einfach net novollzéie konnten.

An doru weist sech menger Meenung no dat, wat och nom Confinement wäert antrieden. Wa bemol rëm alles op ass, een alles, zu all Moment an Zäit kréie kann, dann ass de klenge Bauer mat senge lokale Produite séier vergiess, an d’Gedanken, wou d’Produiten zum Beispill vum FastFood-Gigant hierkommen, wéi een Transport se hannert sech hunn an wéi een Impakt dat op d’Klima huet, gi sech och net méi gestallt.

Natierlech sträicht déi aktuell Kris och erëm ervir, datt mer op ville Punkte vum Ausland ofhängeg sinn an och wäerte bleiwen. Wann ee bedenkt, datt zu Lëtzebuerg nëmmen 3 bis 5 Prozent vum Geméis a manner wéi 1 Prozent vum Uebst produzéiert gëtt, da kann een definitiv net vun der Eegeversuergung schwätzen. Mee zu wéi engem Grad mer weider drop an derwidder op Wueren aus dem wäiten Ausland zréckgräifen, dat hänkt vu jiddwer eenzelem vun eis of.

De Fait, datt de Moment onfräiwëlleg op Verschiddenes verzicht muss ginn, ass sécher net vu Virdeel fir d’Ekonomie, stellt awer vläicht emol rëm de Mënsch a säi Verhalen an de Fokus.

Spéitstens nom Confinement, wann rëm alles no an no säin normale Wee hëlt, wäert sech weisen op d’Bewosstsinn vun de Leit tatsächlech geännert huet, op den Drang nom Masse-Konsum ofgeholl huet a wéi laang d’Solidaritéit vis-à-vis vun de klengen nationale Betriber unhält.

An do läit de sprangende Punkt an déi spannend Fro, nämlech op mer zréck an eise gewinnte Konsumwansin falen ouni Récksiicht op Verloschter, oder ob d’Kris net awer vläicht genotzt ka ginn, fir eis Gewunnechten ze hannerfroen a méi nohalteg ze consomméieren.