An der Rei, sot den Noper, ech war esou eppes wéi den Hond, deen duerch d'Bild leeft. Den Noper war duerch de Computer-Ecran gelaf.

Hien, erzielt hien hannert senger Heck, hien hat nämlech héieren, datt seng Duechter gesongen huet an hirem Zëmmer. Bon, dat Grousst hat gesot, hat géif deen Owend Chouer-Prouf maachen, also Prouf mat sengem Gesankveräin vu Wien, iwwer Internet. Den Noper hat et vergiess, bis en op eemol déi Téin héieren huet. Virwëtzeg wéi en ass, geet en op – a jiddweree gesäit hien, wéi en do an d’Zëmmer erantrëllt. Penibel, penibel, alles huet gelaacht. Das ist mein Papa, sot dat Grousst, an hien huet sech séier an Eck verkrümelt a gemaach, wéi wann en net do wier. An hien huet nogelauschtert. Si hate grad hiren Dirigent verluer. Dee war am Internet verschwonnen an eng 12 jonk Leit op 8 Biller am Split-Ecran vum Computer hunn op dee gewaart. An du war en erëm do um 9. Bild an d’Prouf konnt weidergoen.

Nawell eng speziell Prouf. Den Dirigent, deen och de Pianist ass, dee sot esou Saache wéi „wir schauen wie es geht“ an hien, de Papp, huet sech ferm gewonnert: Kucken, wéi sech eppes unhéiert, hä? Bis en du verstan huet. Den Dirigent, deen hat vu sengem Grupp als Chouer kee Retour. Seng Sänger souzen doheem an hu fir sech gesongen, 4-stëmmeg wuelgemierkt, den Dirigent huet den Toun virginn, huet d’Melodie gespillt, mä huet iwerhaaapt net héieren, wat déi jonk Leit gesongen hunn. Daper hu se awer all matgemaach. Och dem Noper seng Duechter hätt monter mat hirer Alt-Stëmm matgesongen, mä de Pianos-Toun vu Wien war e bësse verquietscht an och e bësse schleefeg, irgendwéi Geblubber aus  dem Dëppen, sot den Noper. Hien huet den Engagement an den Enthusiasmus vun de Studente bewonnert, méi social distance an awer zesummen geet net; musikalesch war et awer koppeg. A wat hu se da gesongen? hunn ech gefrot. Eppes Italienesches, sot de Noper, iergendeppes mat engem Grillo, dee sange géif, eleng, anescht wéi aner Sänger, de Grillo géif an der Hëtzt vun amore zirpen. O mäi, hunn ech geduecht, genee dat Richtegt fir den Noper, elo kënnt deen erëm mat Insekten an dem ganz Stierf-Programm. Mä nee, den Noper hannert senger Heck wollt eppes anescht lass ginn. Frappéiert hat hien, wéi déi jonk Leit mordicus probéiert hunn, déi sozial a geografesch imposéiert Distanz ze iwwerbrécken. Am Bild hätt dat jo geklappt, am Toun awer eben guer net, esoubal den Dirigent Piano gespillt huet, war jiddwereen eleng, iergendwéi e Feeler am Programm. Seng Duechter wéi all déi aner wier awer trotzdeem derbäibliwwen. Vläicht déi seltsamst, sot hien, Gesanksprouf, vun där hie jee héieren hätt.

An ënne lénks am Ecrans-Eck, do wier op eemol d’Sopranistin fir e puerr Minutte verschwonnen. Du wier se erëmkomm, anescht ugedoen, si misst elo goen, sot se, winkewinke und tschüss. An och den Alt an den Tenor an den Dirigent hunn du gesot, si missten elo iesse goen. An ech elo och, sot den Noper hannert senger Heck, e schéinen Owend nach.

Ech sinn an d’Haus gaang. El Grillo hu se gesongen, hat den Noper gesot. Mat e puer Klicken hunn ech dat fonnt. Josquin Des Prez heescht de Komponist aus der Renaissance-Zäit, dee 1521 gestuerwen ass, wuel zimmlech berühmt. Net datt ech sengerliewen vun ëm héieren hat. Hien huet masseg Massen a Motetten a Lidder komponéiert. Dorënner eben och El Grillo, e Lidd, deem seng Struktur wuel un dat Geziips vun deem Insekt erënnere soll. En Déierchen, géif den Noper soen, wat eben einsam quasi an der Kontaktsperre do sëtzt a Kaméidi mécht an der Hëtzt wéinst der Léift, di feelt.

De Josquin hat 1503 vum Herzog vu Ferrara eng déck Platz kritt. De Komponist huet sech awer nëmmen 10 Méint laang fürstlech bezuele gelooss an dunn ass hie stënterlech fortgelaf vu Ferrara.

Do war d’Pescht ausgebrach.