Ech war wierklech net drop gefaasst an et huet mech um falsche Fouss erwëscht. An zwar esou, datt ech stoe bliwwe sinn a gelies hunn.

De Blog vum Nico Graf (15): Coronar-Getrëlls

Ech war ënnerwee an Tréier eran, op der klenger Strooss, déi "Sichelstraße" heescht. Wollt kucken, wéi Tréier dann esou wier, elo wou d’Virus-Mesurë gelackert ginn. Et hat eng hallef Stonn virdru gereent, alles war nach e bëssen naass an dunn ass d'Sonn erauskomm an Alles huet gedämpt an et ass schmeier ginn.

Lénker Hand an der Sichelstraße ass e Lycée, den MPG, wéi se hei soen, de Max-Planck-Gymnasium. An duerch déi Strooss a laanscht dee Lycée sinn ech scho ganz dacks gaangen, "vom Parkhaus in die Innenstadt" quoi... A virum Lycée stoungen 3 jonk Leit, ganz jonker, Mini-Jupe an duerchlächert Jeans a se hunn um Handy gedaddelt, jidderee fir sech. Ech gesi se an denken, tiens, d’Liewe fänkt erëm un an ech kucke weider a gesinn direkt nieft de Kanner um Trottoir déi kleng quadratesch Placken, virun der Dier vum Lycée. Nawell vill där Placken. Si hunn am Rescht vum Reen geglënnert wéi Gold, eng 20 Stéck, 10 op 10 Zentimeter. Si sinn natierlech net aus Gold, mä aus Messeng.

"STOLPERSTEINE" huet de Kënschtler Gunter Demnig se genannt an ech hunn der schonn emol dorëmmer an Tréier gesinn, mä do an der Sichelstraße" nach ni. A nach ni esou. Well wéi ech se kucken, spréngt mech e Wuert un, dëst: "Luxemburg".  An ech liesen:

„Bernhard-Leonhard Herrman, Jg. 1923 / 1934 Flucht Luxemburg / deportiert 1941 Lodz/Litzmannstadt / 1944 Chelmno/Kulmhof / Ermordet“.

An ënnen drënner nach esou e Stolperstein, Text: „Fritz Lazarus Jg. 1900, Flucht 1935 Luxemburg / Interniert Drancy / deportiert 1942 / ermordet in Auschwitz“.

Déi Steng virum Lycée erënneren u Leit, déi entweder virun de Nazie geflücht sinn, eenzel Leit mat Succès, an eben un déi aner, déi et net gepackt hunn, déi vun de Nazien ëmbruecht gi sinn.

De gemeinsamen Nenner fir all dës Gymnasiums-Placke steet uewendriwwer: "Hier lernten" steet do. All déi Leit sinn do an d’Schoul gaangen, eenzeler waren och Proff, an et sinn der eben e puer op Lëtzebuerg geflücht. Vun Tréier op Lëtzebuerg, e kuerze Fluchtwee, duerno weider an d’Frankräich a vun do deportéiert an ëmbruecht, brutal kuerz Biografien, Telegramm-Stil, a matzen dran - Luxemburg.

Dëser Deeg gouf un déi preisesch Kapitulatioun erënnert an op de villen Dokumentatiounen op der Tëlee waren erëm déi Biller ze gesinn, wou een am Reflex d’Aen zou mécht. Déi Biller aus de KZer, déi Kéip ausgehéngert, plakeg Läichen; nach just Skeletter déi, déi iwwerlieft hunn. Do weess een dann erëm, firwat dee Krich vun den Alliéierte gekämpft ginn ass.

Dëser Deeg gëtt ee jo mat Zuele bombardéiert. Bombardéiert, hm... Hei just dräi Doudegen-Zuelen aus dem Nazi-Regime: 6 Milliounen ëmbruechte Judden, iwwer 100.000 Sinti a Roma,  250.000 Euthanasie-Victimmen. Vill ze vill Zuelen, héich Zuelen. D’Stolpersteine erënneren un eenzel Mënschen. Gutt esou.

Ech war virwëtzeg duerch Tréier gaangen an iwwer d'Stolpersteine a Luxemburg getrollt. De geflüchte Judden ass et zu Lëtzebuerg net gutt ergaangen. Mir haten Angscht virun Überfremdung. Kënnt engem bekannt vir. Héich Zäit, fir nach eng Kéier den Artuso-Rapport liesen ze goen. A sech ze schummen.

An ech hu mech drun erënnert, datt ech als Kand zu Fünfbrunnen an der Vakanzekolonie war.