Si sinn iwwerall. Fréier hat ee se just, wann anzwousch d’Police oder d’Pompjeeën am Asaz waren oder wann e Chantier dorëmmer war. An elo iwwerall déi Flatterbänner. Si spären Dëscher of, si spären Terrassen of, si weisen de Wee, wou ee seng Glace kafe soll a wéi vill Distanz een zum Client viru sech hale soll. A wann ee virun der Kéisthéik am Supermarché e Schrack ze weit no vir geet, da seet d’Vendeuse, an der Rei, 100 Gramm Parmesan a gitt w.e.g. erëm e Schratt zeréck hannert d´Linn. Okay, okay, hat grad vergiess, datt Corona ass.

Ech war extra kucken; an dee grousse Buttek, an deem een eng Wäschmaschinn, en Espressoautomat, eng CD, en Elektrovëlo, eng Televisioun, Kopfhörer, Batterien an e Computer an dat alles matenee kafe kann. Ech wollt guer net eragoen, wollt just vu Wäitem kucken an hunn eng enorm laang Schlaang gesinn an d'Leit hu just dierfen am Gänsemarsch a peu à peu an de Buttek eran. Mä se stounge gedëlleg do ze waarden. De Konsum war anscheinend batter néideg. An all hate se hir Boken un. Ech och, deen nëmme geluusst huet. Dat war virun enger décker Woch.

An dëse Weekend elo den Test: nach eng Kéier kucke goen. Well elo, wou de Jang d'Grenz erëm opgerappt huet, do misste jo Tonne Lëtzebuerger Clienten dee selwechte Buttek stiermen, auserhéngert no medialem Geméch.

De Blog vum Nico Graf (16)

Abbé, ech war bal houfreg op meng Leit, näischt däers. Keng Schlaang méi, kee Lëtzebuerger wäit a breet, alles wéi normal – also wéi virum Virus. E bëssi enttäuscht sinn ech erausgaangen, bon, da ginn ech eben an Tréier era kucken, ob do méi lass ass. An ënnerwee bei der éischter rouder Luucht hunn ech se dunn héieren. Also, sot deen een, ech kucken däers jo net vill, et ass mer einfach ze deier. Mä déi Tiger-Geschicht, sot deen aneren, déi hunn ech awer gekuckt. Zwee Lëtzebuerger Männer, déi iwwer Serien op der Tëlee diskutéieren! Ee jonken, een alen, ee mat engem Arméisschaal, deen aneren Jeans a Brëll, kleng a schmuel.

Ech war begeeschtert: d'Grenz op a Compatrioten eriwwer, Roude Léif, kaf se! An heiansdo ass e Lëtzebuerger Auto laanscht gefuer. Mä op déi ginn ech näischt, déi sinn "tückeg", do sëtzen emol gär däitsch Pendler an hirem Firmewon. Genee wéi a preiseschen Autoen alt emol eisereen dra sëtzt. An Tréier dunn eben d'Flatterbänner an op den Terrassen an der Sonn e puer Leit. Déi hunn hannert den Ofspärungen zimmlech ausgesi wéi soss, souzen awer hannert roudem a wäissem a gielem a schwaarzem Plastikgeflatters, iergendwéi compartimentéiert. An d'Serveusen hunn alleguer Mondschutz un.

Virun de Caféen an de Glacëbutteker souzen alt Leit, mä virun de Restaurante bal keen, grouss Rou. Dat hänkt wuel un de kafkaeske bürokratesche Reegele fir d'Restaurateuren. Ënner anerem muss ee jo am Viraus reservéieren, keen Ech-hätt-elo-Loscht-op-e-Schnitzel méiglech, nee nee. Ech hat mech grad gefrot, wéi déi hongreg Leit sech deen ongeplangte Schnitzel wuel géifen erkämpfen, du hunn ech d'Schëld gesinn: "Spontanreservierung möglich". Et steet een also virum Restaurant an dann telefonéiert een eran mat deem a schonns huet ee sech un d'Reegel gehalen, immens, a guer net preisesch-stuert, bon, vlächt op den Euro an de Schnitzel aus, mä nu jee, et sinn haart Zäiten.

Um "Hauptmarkt" ass net vill lass. De Wäikiosk ass zou. An eng Koppel diskutéiert, op Lëtzebuergesch w.e.g., wou se dann deemools déi schéin Pabeierblumme kaaft haten, heivir oder dohannen, a se gi sech net eens. Nach der zwee, déi en "triftigen Grund" haten, op Tréier ze kommen.

Wou d'Geschäftsleit, net liddereg, Lëtzebuerger Fändelen erausgehaangen hunn. Iwwerall rout-wäiss-blo. Ech war touchéiert. Datt deen ee Fändel mam Dieter Bohlen garnéiert war, dat hätt jo net misse sinn.