Och hei am Land ass den Horesca-Secteur frou iwwer d'Annonce vun der Reouverture. Do iwwer, also déisäits vun der Musel, si Restauranten a Caféë schonn erëm op, mä net alles ass gutt.

Commentaire vum Nico Graf

D'Problemer hu laang virum Virus ugefaangen. Ech weess dat, well ech d'Changementer lues a lues matkrut. Well all puer Méint sinn ech bei déi Leit alt emol Wäi kafe gaangen, an dat grousst Haus un der Saar, wou Mann a Fra gläichzäiteg Restauratrice a Wënzer sinn, wéi esou dacks do. Op eemol war d'Cheffin net méi am Restaurant, deen eng al Scheier ass an dowéinst e relativ grousse Raum. D'Cheffin huet soss ëmmer alles dirigéiert, d'Keess gemaach, och zerwéiert, de Client beroden. Op eemol war se net méi present. A wéi ech eng Kéier ausser der Rei do akaaft hunn, war se erëm do. An huet erzielt. D'Situatioun wier ganz schwiereg, si géif kee Personal fannen, hire Kach hätt gekënnegt, si misst elo selwer kachen. Hire Mann ass jo de Wënzer an huet mam Restaurant net vill ze dinn. A Serveuse fënnt si och keng méi, well déi jonk Leit net schaffe wëllen um Weekend, um Feierowend, wann hir Frënn a Frëndinnen op der Rull sinn. An hir Kanner sinn auswäerts bestuet, hunn aner Beruffer, wëllen de Betrib net iwwerhuelen.

Wéinst dem Virus war elo de Restaurant zanter Mëtt Mäerz einfach zou.  Ech duecht déi lescht Woch, ech géing emol um Telefon nofroen, wéi et hinne geet.  Mir sinn nach ëmmer zou, sot d'Cheffin. An ech hu mech gewonnert, well vill anerer jo schonn erëm ophunn. Et ass komplizéiert bei eis mat all deene Reegelen, sot si, mir mussen d'Hallschent vun den Dëscher eraushuele wéinst den „Hygieneregeln für die Gastronomie“ aus der „6. Coronabekämpfungsverordnung“, esou heescht dat wierklech. An hir Terrass ass vill ze kleng, sot si, mir verlageren d'Terrass an den Haff virum Haus, do wou soss geparkt gëtt, net gemittlech, mä vläicht geet et. An all d'Sécherheetsmesurë musse penibel agehale ginn, well wann s de eng Kéier d'„Ordnungsamt“ am Haus has, wann déi „Beanstandungen“ hunn, da kommen déi ëmmer erëm. Déi Mesuren si streng: Maskenpflicht, Reservatioun iwwer Telefon, geschützte Serveusen, Ofspärungen a so weider. Mat engem grousse Sanctiounskatalog, aus deem reent et héich Strofen an du bass séier um Enn, wann s de net follegs.
A wa se erëm opmaachen, muss d'Cheffin erëm an d'Kichen. Mä et muss sech lounen, sot si. Well wann d'Leit net kommen, da bréngt dat näischt. Ech soen Iech et ganz offen, sot si, mir schaffe jo net fir schéin ze maachen, wa mer owes näischt an der Keess Rescht behalen, da maache mer de Restaurant erëm zou. Mir probéieren et, an zwou Wochen, bis dohinner hu mer ëmgebaut, da kënne mer erëm lassleeën. An da kucke mer wat geschitt.

An elo musse mer dann och akafen. Mir haten eis am Fréijoer jo fir d'Saisonsouverture agedeckt, hu mer alles misse spenden oder ewechpuchen.

D'Cheffin huet gekeimt. Hiere Mann huet genuch Aarbecht am Wéngert, bon, hie beréit d'Leit beim Wäikaf. À propos, wéilt ech eppes bestellen? Si géife jo och liwweren. Ech hu bestallt, e bësse Rosé „trocken“, fir ze schmaachen, an eng Këscht vun hirem ale Wäin. Dee nenne si wierklech esou, e Wënzerexperiment vum Chef, dee gär Saachen ausprobéiert, och där aus der gudder aler Zäit.

Datt déi esou jonk a rezent wier, hätt jo och kee geduecht.